Ekologie

D’Sektioun vun der Ekologie konzentréiert hir wëssenschaftlech Fuerschungsaktivitéiten op biologesch Invasiounen an d’Risiken-Bewäertung vun den invasiven exoteschen Aarten (Neobiota), op d’Synthees vum Wëssen iwwert d’Vegetatioun an dem Klima vu Lëtzebuerg am Kader vu Kooperatioune mat nationalen an auslänneschen Institutiounen. D’Sektioun publizéiert wëssenschaftlech Publikatiounen a liwwert Donnéeën an d’Datebanke vum Musée iwwert d’Naturierwen.

An de Beräicher Ëffentlechkeetsaarbecht a Bildung organiséiert d’Sektioun wëssenschaftlech Symposien a Konferenzen, Ausstellungen, realiséiert spezialiséiert Websäiten a publizéiert an aktualiséiert populärwëssenschaftlech Contenuen am Internet

Conservateur vun der Sektioun vun der Ekologie: Dr. Christian Ries, Tel. : (+352) 46 22 33 – 416.

Prairie de fauche extensive (Arrhenatherion) - Mertert - 08.05.2007 © Simone Schneider

Extensiv Méiwiss (Arrhenatherion) – Mäertert – 08.05.2007 © Simone Schneider