Pädagogie, Visiten an Animatiounen

De Service éducatif vum ‘natur musée’ proposéiert verschidde pädagogesch Aktivitéiten:

Programm “Aktivitéiten ‘natur musée'” fir Gruppen

Pädagogesch Unitéiten zu verschiddenen Themen ‘am natur musée’ oder Entdecken vun der ‘Natur an der Stad’ ronderëm de Musée, am idylleschen Kader vum Gronn mat sengen beandrockende Sandsteenfielsen um Bord vun der Uelzecht.

wenzel

Programm “an engem Naturgebitt” fir Gruppen

Pädagogesch Unitéiten fir Schoulklassen an aner Gruppen déi sech dobaussen an engem bestëmmten Naturgebitt ofspillen. D’Aktivitéiten lafen ‘mat Guide’ vum ‘natur musée’ oder och an engem ‘Musée op Rieder’: ‘mam Natur Mobil’ oder ‘mam Science Mobil’.

Programm “mir komme bei iech” fir Gruppen

Ee vun eise Guiden geet mat Ärem Grupp zesummen ‘eraus an d’Natur’ ronderëm Äer Schoul, oder dir reservéiert ee vun eise ‘Muséeen op Rieder’. De ‘Science Mobil’ an  de ‘Natur Mobil’ verwandelen sech op der Plaz an e klengen Labo oder Ausstellungsraum a bidden Aktivitéiten dobannen an dobaussen.

 alt=

Fräizäitaktivitéiten fir Kanner a Jonker

Den ‘natur musée’ proposéiert an Zesummenaarbecht mat sengen Partner Fräizäitaktivitéiten fir Kanner a Jonker zum Thema Natur, Ëmwelt, Wëssenschaft an Technik: de Panda Club (vu 6 bis 10 Joer) an de Science Club (vun 11 bis 18 Joer)

Science Festival

Zanter 1995 organiséieren de Musée national d’histoire naturelle an de Fonds National de la Recherche all 2 bis 3 Joer de Science Festival.

Logo_Science_Festival_Diff_Couleurs