Visiten an Animatioune fir Gruppen

Pädagogesch Aktivitéite fir Schoulklassen a Gruppen, vum 17/09/2018 bis de 15/09/2019, am a ronderëm den ‘natur musée’ am Gronn, dobaussen an engem flotten Naturgebitt oder bei Iech ronderëm d’Schoul. Hei klicken, fir méi Infoen zu deene verschiddene Kategorie vun eisem Programm a fir d’Umeldung.

No Zilgrupp filteren Filtre actif: Schoulgruppen
all Zilgruppen Fräizäitgruppen Schoulgruppen
  • Secondaire technique modulaire
No Kategorie filteren
ganze Programm
  • Aktivitéiten 'natur musée'
  • an engem Naturgebitt
  • mir komme bei Iech
No Datum filteren
Während dësen Daten:
23/09/2018
 – 
15/10/2019
No Inhalt filteren
Weisen d'Aktivitéiten 1 bis 10 vu 89
1 2 3 9

Äppelchen

Wéi entsteet en Apel, wou wiisst en a wat kann een alles draus maachen? Mir ginn an de Bongert am Gronn Äppel plécken a presse Viz.
Aktivitéiten 'natur musée' » Natur an der Stad
Bild

Alles am Schiet!

Wat ass eigentlech ee Schiet? Firwat ass e Schiet heiansdo grouss an heiansdo kleng? E Schietbild nobauen: eng kniwweleg Affaire! Ginn et faarweg Schieter? Ka Luucht eis Ëmwelt verschmotzen? Brauch d’Natur méi Schiet?
mir komme bei Iech » mam Science Mobil
Bild

Alles faarweg! – Pigmenter

Wat brauche mir fir Faarwen ze gesinn? Kann een aus “Blo” “Schwaarz” maachen? Ee bloe Faarfstoff: méi deier wéi Gold? Kann ee mat décke Nëss fierwen? Firwat si vill Déieren sou schéi faarweg?
mir komme bei Iech » mam Science Mobil
Bild

Alles faarweg! – Strukturfaarwen

Wéi kritt d’Seefeblos hier Faarf? Firwat blénkt dem Pohunn seng Fieder? Firwat ass den Himmel dagsiwwer blo? Firwat ass den Himmel owes rout? D’Faarwe Blo a Gréng bei den Déieren.
mir komme bei Iech » mam Science Mobil
Bild

Alles liicht!

Kann Eise liichten? Firwat huet de Stabilo esou eng intensiv Faarf? Firwat liicht e “Knicklicht”? Zu Puerto Rico liicht d’Mier heiansdo blo, firwat? Ginn et Déieren déi liichten?
mir komme bei Iech » mam Science Mobil
Bild

Arboretum – Kierchbierg

Wat ass een Arboretum? Wéi ënnerscheede sech Beem a Straicher? Wourun erkenne mir se? Wéi ee Bam oder Strauch ass dat? Léier op eng spilleresch Manéier einheimesch Beem a Straicher kennen! Mat Hëllef vun engem Steckbréif, deen d’Kanner opstellen, ginn si ugeleet fir d’Beem an d’Straicher ze kucken, ze beschreiwen, ze bestëmmen, ze moossen, ze…
an engem Naturgebitt » mat Guide
Bild

Baggerweieren am Wanter – Remerschen

Wéi eng Vullen iwwerwanteren op de Baggerweiere zu Remerschen? Mat der Spektiv beobachte mir déi verschidde Vullen (an och aner Déieren) a probéieren se sou kennenzeléieren.
an engem Naturgebitt » mat Guide
Bild

Beien am Gronn

An enger ëmweltbewosster Stad hunn och d’Beien hir Plaz. Terrassen a Gäert laanscht d’Uelzecht bidden een ideale Liewensraum. D’Kanner kréien Informatiounen iwwert d’Liewe vun de Beien an d’Aarbechtsweis mat dëse wichtege Bestäuber. D’Wanderausstellung ‘Faszinatioun Beien’, kleng Filmsequenzen an eng flott Broschür kompletéieren dëst op ganz anschaulech Manéier. Am Imkerkostüm gi mir da ganz no bei…
Aktivitéiten 'natur musée' » Natur an der Stad
Bild

Bësch erliewen (ganzen Dag)

De Bam: säi Liewenswee, säin Opbau, seng Awunner. E Bësch ass méi wéi nëmmen eng Unzuel vu Beem; mir kucken d’Zesummenhäng vu Buedem, Planzen an Déieren. Praktesch Informatiounen: Fir d’Klassen aus der Stad Lëtzebuerg kënne mir e flotte Bësch ronderëm d’Stad proposéieren, wou dir mat engem städtesche Bus kënnt hifueren.
mir komme bei Iech » eraus an d'Natur
Bild

Bësch erliewen (halwen Dag)

De Bam: säi Liewenswee, säin Opbau, seng Awunner. E Bësch ass méi wéi nëmmen eng Unzuel vu Beem: säin Opbau, säin Notzen, Zesummenhäng vu Buedem, Planzen an Déieren. Praktesch Informatiounen: Fir d’Klassen aus der Stad Lëtzebuerg kënne mir e flotte Bësch ronderëm d’Stad proposéieren, wou dir mat engem städtesche Bus kënnt hifueren.
mir komme bei Iech » eraus an d'Natur
Bild
1 2 3 9