Visiten an Animatioune fir Gruppen

Pädagogesch Aktivitéite fir Schoulklassen a Gruppen, vum 15/09/2017 bis de 15/09/2018, am a ronderëm den ‘natur musée’ am Gronn, dobaussen an engem flotten Naturgebitt oder bei Iech ronderëm d’Schoul. Hei klicke fir méi Infoen zu deene verschiddene Kategorie vun eisem Programm a fir d’Umeldung.

No Zilgrupp filteren
all Zilgruppen Fräizäitgruppen Schoulgruppen
No Kategorie filteren
ganze Programm
  • Aktivitéiten 'natur musée'
  • an engem Naturgebitt
  • mir komme bei Iech
No Datum filteren
Während dësen Daten:
20/07/2018
 – 
15/10/2018
No Inhalt filteren
Weisen d'Aktivitéiten 1 bis 10 vu 30

Alles am Schiet!

Wat ass eigentlech ee Schiet? Firwat ass e Schiet heiansdo grouss an heiansdo kleng? E Schietbild nobauen: eng kniwweleg Affaire! Ginn et faarweg Schieter? Ka Luucht eis Ëmwelt verschmotzen? Brauch d’Natur méi Schiet?
mir komme bei Iech » mam Science Mobil
Bild

Alles faarweg! – Pigmenter

Wat brauche mir fir Faarwen ze gesinn? Kann een aus “Blo” “Schwaarz” maachen? Ee bloe Faarfstoff: méi deier wéi Gold? Kann ee mat décke Nëss fierwen? Firwat si vill Déieren sou schéi faarweg?
mir komme bei Iech » mam Science Mobil
Bild

Arboretum – Kierchbierg

Wat ass een Arboretum? Wéi ënnerscheede sech Beem a Straicher? Wourun erkenne mir se? Wéi ee Bam oder Strauch ass dat? Léier op eng spilleresch Manéier einheimesch Beem a Straicher kennen! Mat Hëllef vun engem Steckbréif, deen d’Kanner opstellen, ginn si ugeleet fir d’Beem an d’Straicher ze kucken, ze beschreiwen, ze bestëmmen, ze moossen, ze…
an engem Naturgebitt » mat Guide
Bild

Beien an der Stad – Beiewee

Visite guidée duerch d’Stad iwwert de «Beieparcours». Erlieft déi wonnerschéi Biodiversitéit vun der Stad Lëtzebuerg a gesitt wéi Hunnegbeien, Wëllbeien an aner Insekten zu enger gesonder an equilibréierter Ëmwelt bäidroen. Mir kucken eis zum Schluss d’Beien déi aus de Gäert vun der Stad a vum natur musée méi genee un, gesinn wéi d’Beien hei liewen…
Aktivitéiten 'natur musée' » Natur an der Stad
Bild

Bësch erliewen (ganzen Dag)

De Bam: säi Liewenswee, säin Opbau, seng Awunner. E Bësch ass méi wéi nëmmen eng Unzuel vu Beem; mir kucken d’Zesummenhäng vu Buedem, Planzen an Déieren. Praktesch Informatiounen: Fir d’Klassen aus der Stad Lëtzebuerg kënne mir e flotte Bësch ronderëm d’Stad proposéieren, wou dir mat engem städtesche Bus kënnt hifueren.
mir komme bei Iech » eraus an d'Natur
Bild

Bësch erliewen (halwen Dag)

De Bam: säi Liewenswee, säin Opbau, seng Awunner. E Bësch ass méi wéi nëmmen eng Unzuel vu Beem: säin Opbau, säin Notzen, Zesummenhäng vu Buedem, Planzen an Déieren. Praktesch Informatiounen: Fir d’Klassen aus der Stad Lëtzebuerg kënne mir e flotte Bësch ronderëm d’Stad proposéieren, wou dir mat engem städtesche Bus kënnt hifueren.
mir komme bei Iech » eraus an d'Natur
Bild

Bëschfuerscher

D’Bëschawunner hunn eis invitéiert! Entdecken, erkennen, lauschteren, sichen, klammen a staunen, – maach däi “Bësch-Fuerscher-Diplom” während engem Mëtteg voller spannender Aktivitéiten.
mir komme bei Iech » eraus an d'Natur
Bild

Biodiversitéit, de Schatz vun der Deisermillen

Kënnen d’Kanner d’Aufgabe léisen, déi dee skurile Longkaulmännchen hinne stellt, an sou säi Geheimnis knacken? Op dësem ofwiesslungsräichen Tour duerch d’Naturschutzgebitt Kelsbach entdecken d’Kanner déi verschidde Liewensraim, déi d’Deisermillen sou extra a wäertvoll maachen: Kallekfiels, moer Wiss, Schluchtwald, Drëchemauer, Baach, Bësch a Wéngert. Och d’Kulturgeschicht vum Site ass alles anescht wéi langweileg! En Dag ganz…
an engem Naturgebitt » mat Guide
Bild

De Minett: d’Natur mellt sech zréck (ganzen Dag)

Wou fréier riseg Baggeren de Bierg duerchwullt hunn, huet haut d’Natur rëm alles zréck eruewert. Mir léieren de Minette-Stee kennen, a gesi wéi säin Ofbau vun deemools och haut d’Landschaft markéiert. Firwat ginn et grad hei esou vill eenzegaarteg Planzen an Déieren? Wéi iwwerliewen d’Planzen déi extrem Liewensbedingungen am Dréchegebitt? Dëse Sujet kann op folgende…
an engem Naturgebitt » mat Guide
Bild

De Minett: d’Natur mellt sech zréck (halwen Dag)

Wou fréier riseg Baggeren de Bierg duerchwullt hunn, huet haut d’Natur rëm alles zréck eruewert. Mir léieren de Minette-Stee kennen, a gesi wéi säin Ofbau vun deemools och haut d’Landschaft markéiert. Firwat ginn et grad hei esou vill eenzegaarteg Planzen an Déieren? Wéi iwwerliewen d’Planzen déi extrem Liewensbedingungen am Dréchegebitt? Dëse Sujet kann op folgende…
an engem Naturgebitt » mat Guide
Bild