Naturspill-Filmer

Dës Rubrik ass geduecht fir all Leit, déi mat Kanner schaffen, fir Familljen oder Pädagogen, déi no Iddie ronderëm d’Thema Natur sichen. Reegelméisseg gi Mini-Videoe gepost, an deene gewise gëtt, wat een mat einfache Mëttel esou alles am Bësch oder an der Natur ka maachen. Zil vun dëse Filmer ass et, d‘Kanner op spilleresch Aart a Weis fir d’Natur a seng Ëmwelt ze begeeschteren.

Naturspill-Film: Bësch-Mikado

Mikado, e japanescht Wuert, bekannt op der ganzer Welt! Hutt Der Loscht an der Natur kreativ ze sinn? Hei eng gudd Iddi fir eng Aktivitéit, bei där ee seng Geschécklechkeet am Bësch kann trainéieren an dobäi vill Freed hunn. https://you...



Naturspill-Film: Landart am Hierscht

Am Hierscht ass de Bësch voll mat faarwesche Blieder. En Naturspektakel, vun deem een einfach muss profitéieren, fir mat de Kanner an de Bësch ze goen. Mat de Blieder kann een de Bësch kreativ dekoréieren an en dobäi besser kenneléieren.



Naturspill-Film: Hierscht-Wichtel

Am Hierscht ass de Bësch voller faarwesche Blieder. En Naturschauspill, vun deem ee muss profitéieren, fir mat de Kanner an de Bësch ze goen a mat Käschten an engem laange Spiiss e flotten Hierscht-Wichtel ze bastelen.



Naturspill-Film: Schëffer bastelen

Et brauch een net vill, fir sech e Schëffchen ze bastelen, datt och nach seegele kann. D'Kanner am Naturspill-Film maachen Iech et vir.



Naturspill-Film: 3D Memory

Eng Rutsch vun Objeten aus dem Bësch, e puer kleng Säckelcher oder al Strëmp a fäerdeg ass den 3D-Memory.



Naturspill-Film: Bëschbuttek

Datt een och am Bësch gutt Geschäfter maache kann, weisen d'Mara, d'Zahra, de Sami an den Elias am Naturspill-Film.



Naturspill-Film: Naturbiller pechen

Wéi ee sech mat engem Blat Pabeier an engem Steck Double-Face e flott Naturbild fir doheem bastelt, gëtt am Naturspill-Film vun dëser Woch gewisen.



Naturspill-Film: Afebréck

Scho mol eng Kéier eng Afebréck gestréckt? D'Igel vum Panda Club weist Iech, wéi et geet.



Naturspill-Film: Bëschbuedem siften

Wousst Der schonns, datt op d'mannst 100 Joer musse vergoen, bis sech 1 cm Buedem am Bësch entwéckelt huet? An datt an 0,3 m³ Buedem ongeféier 2,5 Billioune Liewewiesen liewen, dovunner ongeféier 1,2 Milliounen Déieren? Buedem gehéiert zu der ...



Naturspill-Film: Bëschtwister

Bëschtwister: Den neien Naturspillfilm weist, wéi ee säi Gläichgewiichtssënn a Kierperkoordination mat engem Spillklassiker am Bësch trainéiere kann. Traut Iech! D’Rubrik “Naturspill-Filmer” ...



Naturspill-Film: Féisswee

Mat plakege Féiss duerch de Bësch. Traut Iech! An onsem neie Naturspill-Film weise mir Iech, wéi et geet. D’Rubrik “Naturspill-Filmer” ass geduecht fir all Leit, déi mat Kanner schaffen, fir F...



Naturspill-Film: Bamkroune kucken

Traut och Dir Iech an de Bësch! A kuckt gutt rondrëm Iech! Vläicht entdeckt Dir eent vun de klenge Wiichtelchershaiser hei aus dem neien Naturspill-Film. D’Rubrik “Naturspill-Filmer” ass geduecht...



Naturspill-Film: Wiichtelchershaiser

Traut och Dir Iech an de Bësch! A kuckt gutt rondrëm Iech! Vläicht entdeckt Dir eent vun de klenge Wiichtelchershaiser hei aus dem neien Naturspill-Film. D’Rubrik “Naturspill-Filmer” ass geduecht...



Naturspill-Film: Bengelspill

Virun allem Schnellegkeet a gutt Reflexer si vun engem gefuerdert, wann ee bei dësem Spill bis zum Enn wëll dobäi bleiwen. D’Rubrik “Naturspill-Filmer” ass geduecht fir all Leit, déi mat Kanne...



Naturspill-Film: Bëschschaukel

An dësem Naturspill-Film weise mir, datt ee net vill brauch fir eng cool Spillplaz am Bësch. Traut Iech!



Naturspill-Film: Schietmännchen

An dësem Naturspill-Film weise mir Iech, wéi Dir et wéi de Peter Pan fäerdeg bréngt, Ären eegene Schiet anzefänken.



Naturspill-Film: Dillendappschéissen

An dësem Naturspill-Fim proposéiere mir Iech eng nei olympesch Disziplin: Dillendappschéissen. Traut och Dir Iech an de Bësch! D’Rubrik “Naturspill-Filmer” ass geduecht fir all Leit, déi mat Ka...



Naturspill-Film: Bamgesiichter

Traut och Dir Iech an de Bësch: Mat e bëssi Schnéi, Äscht a vill Fantasie huet een an Nixkommanu e Musée voller Portraiten an de Bësch gezaubert. D’Rubrik “Naturspill-Filmer” ass geduecht fir ...



Naturspill-Film: Bëschjickebunn

Mat Speed an d'Dall: Am Bësch ginn et genuch Plazen, bei deenen ee mat wéineg Material halsbriecheresch Slalompiste fir selwer gedréinte Jicke baue kann.



Naturspill-Film: Bamtaaschten

Bam ass net gläich Bam. Déi eng hunn eng glat Schuel, déi aner enger rau. Am beschte mat verbonnenen Aen am Bësch ertaaschten. Sou verhält et sech vill besser a Spaass mécht et souwisou!



Naturspill-Film: Memory am Wanter

Scho mol eng Kéier Memory am Schnéi gespillt? Am Bësch fannt Dir esou allerlee Naturmaterialien, mat deem sech dëse Klassiker einfach mol eng Kéier am 3D spille léisst. D'Rubrik "Naturspill-Filmer" ...