Programm fir Schoulklassen

Den ‘natur musée’ huet 2 Muséeën op Rieder déi kënnen als mobillen Animatiounssall, Labo oder  Ausstellungsraum genotz ginn.

arrow rightPraktesch Informatiounen a Kontakt: Science Mobil (hei klicken) – Natur Mobil (hei klicken)

arrow rightUmeldung Musée op Rieder: Science Mobil (hei klicken) – Natur Mobil (hei klicken)

Natur[musée]geschichten op RTL Radio: De Wollef zu Lëtzebuerg (12/1/2017)

De Wollef ass ënnerwee op Lëtzebuerg. Fir ons e bëssi méi doriwwer z’erzielen, hu mir haut fir ons Natur[musée]geschicht ganz aussergewéinlech Gäscht. Keen aus dem Musée, mee dräi Jonker, d'Claire, d'Serena an den Thomas, déi sech mol am 'natur musée' schlau gemaach hunn, wat dat dann esou mam Wollef op sech huet.

Dëser Aktivitéit si folgend Kategorien zougeuerdnet: Natur[musée]geschichten, News @lu


Natur[musée]geschichten op RTL Radio: En halleft Jorhonnert geodynamesch Miessungen zu Lëtzebuerg (28/12/2016)

Wann et iergendwou op der Äerd rubbelt, da mierke mir dat hei zu Lëtzebuerg. An der Natur[musée]geschicht vun dëser Woch loosse mir ons dat emol méi genee erklären. 't ass och d'Geleenheet, op dëser Plaz zwee eeler Filmer aus den Archiven ze weisen. Loosst Iech mol iwwerraschen.

Dëser Aktivitéit si folgend Kategorien zougeuerdnet: Natur[musée]geschichten, News @lu


Natur[musée]geschichten op RTL Radio: D'Naturgeschicht vum Chrëschtbeemchen

An der Natur[musée]geschicht vun dëser Woch geet et ëm déi Millioune Joer laang Naturgeschicht vum Chrëschtbeemchen.

Dëser Aktivitéit si folgend Kategorien zougeuerdnet: Natur[musée]geschichten, News @lu


Natur[musée]geschichten op RTL Radio: D’Kachrezept vun der Evolutioun (24/11/2016)

Haut viru genee 157 Joer, also de 24. November 1859, huet den Naturfuerscher Charles Darwin mat sengem Wierk “On the Origin of species” e Buch publizéiert ginn, dat ouni Zweifel zu deene wichtegsten an der ganzer Wëssenschaftsgeschicht zielt. E perfekte Sujet also fir eng nei Natur[musée]geschicht.

Dëser Aktivitéit si folgend Kategorien zougeuerdnet: Natur[musée]geschichten, News @lu


Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Wéi schlofen d’Déieren? (10/11/2016)

Eng Giraff mécht et am Duerchschnëtt 2 Stonnen am Dag, de Pinguin an d’Méck 10 Stonnen, e Léiw 14 Stonnen an e Fauldéier souguer ganzer 16 Stonnen. Dir hutt et erroden, an der Natur[musée]geschicht vun haut dréint alles ëm d'Schlofen.

Dëser Aktivitéit si folgend Kategorien zougeuerdnet: Natur[musée]geschichten, News @lu


Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Verstengert Stären (27/10/2016)

Wéi kënnt een als Paläontolog op d’Iddi d’Evolutioun vun de Schlaangestären z’erfuerschen? De Paläontolog Ben Thuy erkläert an dëser Natur[musée]geschicht, firwat hie sech fir dës ongewéinlech Déieren intresséiert.

Dëser Aktivitéit si folgend Kategorien zougeuerdnet: Natur[musée]geschichten, News @lu


Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Am Vulkan (13/10/2016)

Den 'natur musée' ass och an der Vulkanfuerschung aktiv. An der Natur[musée]geschicht vun dëser Woch begleede mir de Geophysiker Nicolas d'Oreye op seng Fuerschungsrees bei déi aktiv Vulkanen Nyiragongo a Nyamulagira an der Demokratescher Republik Kongo.

Dëser Aktivitéit si folgend Kategorien zougeuerdnet: Natur[musée]geschichten, News @lu


Familljefest vum 'natur musée' (25/9/2016)

Dat traditionellt Familljefest vum 'natur musée' fënnt dëst Joer de Sonntag, den 25. September 2016 am a rondrëm den ‘natur musée’ an Neimënster am Stadtgronn statt.

Dëser Aktivitéit si folgend Kategorien zougeuerdnet: News @lu


Natur[musée]geschichten op RTL Radio: En eegenen Herbier iwwer de Summer uleeën (7/7/2016)

An der leschter Natur[musée]geschicht virun der Summervakanz geheie mir e Bléck an den Herbier vum 'natur musée'.

Dëser Aktivitéit si folgend Kategorien zougeuerdnet: Natur[musée]geschichten, News @lu


Natur[musée]geschichten op RTL: D’Champignonsziichter aus dem Musée (23/6/2016)

Eng Natur[musée]geschicht iwwer déi fléisseg Mataarbechter vum 'natur musée', déi esouguer op Nationalfeierdag schaffen.

Dëser Aktivitéit si folgend Kategorien zougeuerdnet: Natur[musée]geschichten, News @lu


Natur[musée]geschichten op RTL Radio: D’Fuerscher-Millionären aus dem ‘natur musée’ (9/6/2016)

Doduerch, datt d'Fuerscher aus dem 'natur musée' déi bedrote Biodiversitéit ënnersichen, an de Gestengssedimenter no der Paläo- a Geodiversitéit wullen, den Nuetshimmel no Asteroiden ofscannen, si se am gaangen een nom aneren zum Millionär ze ginn: un Observatiounsdaten.

Dëser Aktivitéit si folgend Kategorien zougeuerdnet: Natur[musée]geschichten, News @lu


Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Den Arboretum, eng Bamsammlung um Kirchbierg (26/5/2016)

Zënter 1994 entsteet am Arboretum um Kierchbierg eng méiglechst komplett Sammlung vu Beem a Sträicher aus Europa, souwäit se am Lëtzebuerger Klima wanterhaart sinn. Méi wéi 500 Aarte, Ënneraarten an Zorten aus 126 Gattungen an 59 Familljen sinn am Moment hei vertrueden. Den 'natur musée' ass responsabel fir d’wëssensschaftlech Betreiung vun der Sammlung.

Dëser Aktivitéit si folgend Kategorien zougeuerdnet: Natur[musée]geschichten, News @lu


Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Den Edouard Luja, e bedeitende Sammler

“Fotografië vum Edouard Luja aus dem Kongo an aus Brasilien” heescht d'Ausstellung, déi den 'natur musée' vum 14. Mee un am Kräizgang vun Neimënster presentéiert. Dës Natur[musée]geschicht stellt dëse bedeitende Sammler vir.

Dëser Aktivitéit si folgend Kategorien zougeuerdnet: Natur[musée]geschichten, News @lu


Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Mir wenzelen, wenzelt Der mat? (28/4/2016)

Eng Natur[musée]geschicht iwwer d'Natur am schéinste Véirel vun der Stad, dem Gronn. Liest a lauschtert se hei nach eng Kéier.

Dëser Aktivitéit si folgend Kategorien zougeuerdnet: Natur[musée]geschichten, News @lu


Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Fuerschung am 'natur musée' (17/3/2016)

Den 'natur musée' organiséiert dëse Samschden fir d'33. Kéier säin traditionelle Colloque iwwer de Patrimoine naturel, d’Biodiversitéit an d’Evolutioun. Invitéiert sinn 250 wëssenschaftlech Mataarbechter vum Musée, aus dem In- an Ausland. Eng gutt honnert wäerten dann och kënnen drun deelhuelen. Den 'natur musée' ass also och e Fuerschungsinstitut. An déi Fuerschung huet och hir Geschicht.

Dëser Aktivitéit si folgend Kategorien zougeuerdnet: Natur[musée]geschichten, News @lu


Natur[musée]geschichten op RTL Radio: De südleche Stärenhimmel (3/3/2016)

Eng Rei vun de beandrockendsten Himmelsobjeten stinn am südleche Stärenhimmel a sinn domat vun Europa aus net sichtbar. Dat ass schuet, mä de Fall ass jo net hoffnungslos. Entweder ‘t huet een d’Zäit an d’Geld an bucht een elo am Fréijor eng Rees an de Chile, Namibia oder Australien, fir sech dat Ganzt live unkucken, oder, an dat ass elo déi méi bëlleg Alternativ, et lauschtert een elo gutt bei onser Natur[musée]geschicht no

Dëser Aktivitéit si folgend Kategorien zougeuerdnet: Natur[musée]geschichten, News @lu


Natur[musée]geschichte op RTL Radio: D’latäinamerikanesch Botzequipe (18/2/2016)

An der Natur[musée]geschicht vun haut stelle mir eng speziell Equipe aus dem Musée vir, ouni déi et do am Moment net géif goen: Ons latäinamerikanesch Botzequipe

Dëser Aktivitéit si folgend Kategorien zougeuerdnet: Natur[musée]geschichten, News @lu


Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Schlaangen a Latäinamerika (21/1/2016)

“Kuerz no onser Arrivée huet ons e Plantagenaarbechter eng lieweg Nayacaschlaange bruecht, där hiren Hals mat enger Ficelle um Wupp vun engem zimlech laange Bengel festgebonne war. Si ass mat der selwechter Virsiicht ënnert eng eidel Këscht gedréckt ginn, op déi schwéier Steng leie koumen. Mir hätten d’Schlaang eigentlech direkt doutmaache kënnen, mä mir wollten erausfannen, wéi laang d’Déier ouni Nahrung liewe kéint.” - Nicolas Funck

Dëser Aktivitéit si folgend Kategorien zougeuerdnet: Natur[musée]geschichten, News @lu


Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Gemoolten Natur (7/1/2016)

Schonns zënter der Renaissance am 16. Jorhonnert sinn europäesch Zeechner ausgezunn, fir sech e Bild vun der Villfalt vun der tropescher Déieren- a Planzewelt ze maachen. D’Europäer waren einfach verzaubert vun de Schéinheeten, deene se an dësen onbekannten Territoirë begéint sinn. Et waren Expeditiounen, déi nach ouni Kamera hu missen auskommen. D'Leit deemools hunn et also misse fäerdeg bréngen, den Zauber vu bizarre Planzen a Liewewiesen mam Crayon festzehalen.

Dëser Aktivitéit si folgend Kategorien zougeuerdnet: Natur[musée]geschichten, News @lu


Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Mineralien a Steng aus Latäinamerika (10/12/2015)

An der neier Ausstellung “Vun Orchideeën, Kakao a Kolibrien – Lëtzebuerger Naturfuerscher a Planzejeeër a Latäinamerika” geet et och ëm Steesicher. An dëser Natur[musée]geschicht stelle mir der zwee vir.

Dëser Aktivitéit si folgend Kategorien zougeuerdnet: Natur[musée]geschichten, News @lu


Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Wou kënns du dann hier? (26/11/2015)

Am Kader vun den den Naturmuséegeschichten op RTL Radio war d'Fuerscherin d'Natalia Osten-Sacken mat am Studio. Si kënnt aus Polen a schafft am Musée als Postdoc an der Sektioun vun den Invertebraten, also de wierbellosen Déieren a fuerscht do op Parasite vum Wäschbier.

Dëser Aktivitéit si folgend Kategorien zougeuerdnet: Natur[musée]geschichten, News @lu