Kucken, lauschteren, liesen

Natur[musée]geschichten

NaturmuséegeschichtenDen ‘natur musée’ presentéiert an Zesummenaarbecht mat RTL Radio all zwou Wochen e Bléck hannert d’Kulisse vum Musée. Et geet hei ëm d’Naturgeschicht a Geschichten aus dem Musée, erzielt vu Leit aus dem Musée. Liest se hei nach eng Kéier oder lauschtert direkt eran.


Naturspill-Film

DillendappschéissenD’Rubrik “Naturspill-Film” ass geduecht fir all Leit, déi mat Kanner schaffen, fir Familljen oder Pädagogen, déi no Iddie ronderëm d’Thema Natur sichen. Reegelméisseg gi Mini-Videoe gepost, an deene gewise gëtt, wat een mat einfache Mëttel esou alles am Bësch oder an der Natur ka maachen. Zil vun dëse Filmer ass et, d‘Kanner op spilleresch Aart a Weis fir d’Natur a seng Ëmwelt ze begeeschteren.


Lidder mam Inecc

ineccAn Zesummenaarbecht mam Institut européen de chant choral gëtt an all nei Nummer vum Panewippchen en neit Lidd virgestallt, dat de Jean-Paul Majerus speziell fir de Panewippchen a passend zu engem Thema aus der jeweileger Nummer komponéiert. D’Text, d’Nouten an d’Musik sinn op www.inecc.lu/pw oder hei um Site komplett ze fannen. Vill Freed beim Lauschteren.


De Panewippchen
Panewippchen 2/2015

D’Zeitung vum ‘natur musée’ fir jonk Leit riicht sech u Kanner virun allem tëscht 6 an 12 Joer a bitt vill Informatiounen (op Lëtzebuergesch) iwwert all méiglech an onméiglech Saachen aus der Déieren- a Planzewelt, eiser Ëmwelt, dem Universum…Et fënnt een hei villes fir ze bastelen an ze triwwelen, Rätselen an Denkspiller, Theme fir nozedenken a matzemaachen an an der Mëtt ëmmer e grousse Poster. De Panewippchen kënnt 4mol am Joer eraus. Méi Infoen dozou ginn et op der Internetsäit vum Panda Club.