Aktivitéite fir Eenzelpersounen a Familljen

An eisem Agenda fannt dir Informatiounen zu aktuelle Visites guidéeën an aneren Aktivitéite fir Eenzelpersounen a Familljen, hei klicken.

Jidderee kennt den ‘natur musée’. E puer Statistiken deiten op jiddefall dorop hin. Zënter datt de Musée an den Hospice St. Jean am Gronn geplënnert, an nees am Dezember 1996 nei opgaangen ass, sinn hei 750.000 Visiteuren aus Lëtzebuerg an aus dem Ausland passéiert.

D’Visiteure stamen aus allen Altersschichten vun der Bevëlkerung: kommen eleng, an der Famill, an enger Grupp, mat hirer Schoulklass, mat de Kanner, mat de Grousselteren. Et geet een an den ‘natur musée’, wann ee sech fir d’Naturgeschicht an d’Naturwëssenschaften besonnesch interesséiert. Oder well d’Themen an den Dauer- oder Sonderausstellungen aussergewéinlech presentéiert ginn, ëmmer léierräich, heinsdo erstaunlech. D’Ausstellunge verdéngen awer op jidferfall ëmmer d’Prädikat “Net ze verpassen”.

Den ‘natur musée’ gesäit sech selwer als a Familljemusée. D’Naturgeschicht geet eis all eppes un. Zënter der Kandheet si mir a Kontakt mat der Natur. All Dag léiere mir nei Aarte kennen. Eng vun de Stäerkte vum ’natur musée’ ass seng grouss Unzéiungskraaft bei de Kanner a Jugendlechen. Wa kleng Kanner vläicht just d’opgestoppte Modeller vun hire Plüschdéiere wëllen an Originalgréisst gesinn, dreemen eeler Kanner dovunner als Wëssenschaftler bei der Erfuerschung vun de leschte Rätsele vun eisem Planéit matzehëllefen.

Famillje mat Kanner kënne sech bei hirem Besuch am ‘natur musée’ d’Brochure “Rallye duerch de Musée” gratis an der Receptioun froen an d’Ausstellungsräim unhand vun engem spannende Rallye entdecken.