Februar 2018: De Plakegen Ibis (Geronticus eremita)

De Plakegen Ibis (Geronticus eremita) war mol een heefege Vull an Europa, ier en duerch eng intensiv Bejoung verschwonnen ass. Hie war virun allem a Frankräich, der Schwäiz, Däitschland, Éisterräich, Spuenien an dem Westbalkan heemesch. Haut liewen nach 500 fräiliewend Plakeg Ibissen am Süde vum Maroc. Vun den Ibissen, déi 2002 a Syrien rëmentdeckt goufen, […]

Objet vum Mount |

D’Kaz vum Mount: Den Amurleopard

Den Amurleopard Panthera pardus orientalis ass eng Ënneraart vum Leopard. Hie gëllt als déi seelenst Grousskaz, déi nach wëll lieft a steet kuerz virum Ausstierwen. D’Raubkaz kënnt nëmmen nach an der russescher Amur-Region an an zwou nordchinesche Provenze vir. D’Haaptgrënn fir säi Verschwanne sinn de Liewensraumverloscht an de Manktem u Beutedéieren. Amurleoparde zeechne sech duerch […]

Objet vum Mount |

D’Kaz vum Mount: De Puma

De Puma (Puma concolor) gëtt och nach Sëlwerléif, Biergléif oder Kuguar genannt. Hien hat eent vun de gréisste Verbreedungsgebidder an Amerika, dat sech vum Süde vu Kanada bis zum südleche Patagonien erstreckt huet. Mëttlerweil ass säi Verbreedungsgebitt allerdéngs staark ageschränkt. Wa Pumae gréissert Wëld joen, da schläiche si sech bis op 15 m un hir […]

Objet vum Mount |

D’Kaz vum Mount: De Karakal

De Karakal Caracal caracal ass wéinst senge schwaarze Pinselouere liicht z’erkennen a gëtt wéinst senger Ähnlechkeet mam Luchs och als Wüsteluchs bezeechent. Trotz dëser Bezeechnung ass de Karakal net strikt u Wüste gebonnen, mä lieft an dréchnen Habitaten, wéi  Hallefwüsten, Steppen an Dréchebëscher. De Karakal ass en nuetsaktiven Eenzelgänger. Seng Beutedéiere sinn Huesen an Nagedéieren, […]

Objet vum Mount |

D’Kaz vum Mount: Den Eurasesche Luchs

Wéini den Eurasesche Luchs (Lynx lynx) zu Luxemburg ausgerott ginn ass, ass net genee gewousst, mä et geet een dovunner aus, datt et virun iwwer 200 Joer wart. Sécher ass, datt en duerch eng permanent an erbaarmungslous Juegd duerch de Mënsch ausgerott gouf. Dat selwecht ass him an de meeschte Länner a Westeuropa geschitt. Glécklecherweis […]

Objet vum Mount |

Mäerz 2017 : Flillek vun enger neier fossiler Jëfferchen-Aart

Hei ass e flott Beispill vun de “Schätz”, déi an onse Sammlunge conservéiert ginn. De 7. Mäerz 2017 ass um Spawéck en neie wëssenschaftlechen Artikel iwwer d’Insektewelt vum lëtzebuergesche Toarcien publizéiert ginn, an deem déi nei Gattung Gallodorsettia an déi nei fossil Jëfferchen-Aart Gallodorsettia kronzi beschriwwe gëtt. Den Numm krut se zu Eéiere vum wëssenschaftleche […]

Objet vum Mount |

August 2016: Hondskappboa

D’Hondskappboa ass nach bis den 8. Oktober an der Ausstellung “Vun Orchideeën, Kakao a Kolibrien – Lëtzebuerger Naturfuerscher a Planzejeeër a Latäinamerika” ze gesinn. Als Objet vum Mount August steet si stellvertrietend fir all aner Schlaangen, mat deene sech Lëtzebuerger Naturfuerscher a Latäinamerika beschäftegt hunn an iwwer déi si an hire Reeserzielunge schreiwen. D’Schlaangen sinn […]

Objet vum Mount |

Mee 2016: Onichocerus scorpio, e Kiewerlek, dee mat sengen Antenne pickt

An engem op den 8. Dezember 1922 datéierte Bréif un de Victor Ferrant, dem deemolege Conservateur vum Naturhistoresche Musee zu Lëtzebuerg, erzielt den Agronom an Naturalist Edouard Luja vu senger schmäerzvoller Rencontre mam Käfer Onichocerus scorpio. De “Stroftéiter” ass am Moment am Kader vun der Ausstellung “Vun Orchideeën, Kakao a Kolibrien – Lëtzebuerger Naturalisten a […]

Objet vum Mount |