Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Eng déck Haut

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio D’Saison, wou esou munch engem seng Hänn duerch dat kaalt Wieder un eng Krokodilshaut erënneren, schéngt bei eis jo elo endlech iwwerstanen ze sinn. Ma och wa mir eis ëm eng glat an elastesch Haut beméien, huet déi schuppesch an haart Krokodilshaut de Virfare vun dëse Reptilien awer gutt gedéngt. […]

Natur[musée]geschichten, News @lu |

Visites guidéeën bei Lorblummen am Kiischpelt op Ouschterméinden

All Joer ëm Ouschtere bléien am Kiischpelt an der Lellger Baach d’Lorblummen. Déi meeschte kenne si als Ouschterblummen (op Däitsch: Narzissen, op Franséisch: jonquilles, op Gescheit: Narcissus pseudonarcissus). Si heeschen awer zu Lellgen „Lorblummen“, well am lieu-dit “am Lohr“ dat eenzegt grousst Virkommen vun der Ouschterblumm hei zu Lëtzebuerg ass. Et gëtt nach e puer […]

News @lu |

Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Sauwieder dobaussen! Wéi ginn d’Déiere mat der Keelt ëm?

Et reent, et schneit, vun engem Dag op deen anere klammen a falen d’Temperaturen ëm 10 Grad. Bon, ‘t ass Wanter, an esou Wiederkonditioune sinn an dëser Joreszäit z’erwaarden. Wéi maachen d’Déieren et dann, fir sech u richteg ongemitlech Wiederconditiounen unzepassen? Déck Minusgraden, dat ass fir vill Déieren anscheinend kee Problem. Firwat eigentlech? D’Natur [musée]geschicht vun dëser Woch kläert op.

Natur[musée]geschichten, News @lu |

Naturspill-Film: Robin Wood

Souvill Méiglechkeeten ginn et, fir sech am Bësch ze verstoppen, mee bréngs du et fäerdeg, an denger Stopp roueg ze bleiwen an net ze luussen? Wien erwëscht gëtt , ass aus dem Spill eraus! D’Rubrik “Naturspill-Filmer” ass geduecht fir all Leit, déi mat Kanner schaffen, fir Familljen oder Pädagogen, déi no Iddie ronderëm d’Thema Natur […]

am Hierscht, Naturspill-Filmer, News @lu, Trau dech an de Bësch |

Naturspill-Film: Bësch-Mikado

Mikado, e japanescht Wuert, bekannt op der ganzer Welt! Hutt Der Loscht an der Natur kreativ ze sinn? Hei eng gudd Iddi fir eng Aktivitéit, bei där ee seng Geschécklechkeet am Bësch kann trainéieren an dobäi vill Freed hunn. D’Rubrik “Naturspill-Filmer” ass geduecht fir all Leit, déi mat Kanner schaffen, fir Familljen oder Pädagogen, déi […]

am Hierscht, Naturspill-Filmer, News @lu, Trau dech an de Bësch |

Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Firwat Päerd net fléie kënnen (02/11/2017)

De grousse franséische Biolog François Jacob huet d’Evolutioun eng Kéier als e Bricoleur, also e Bastler bezeechent, deen eppes Besteeëndes nëmme liicht ëmännert oder eppes dobäifléckt. D’Haaptstruktur léisst en awer sinn, soss géif alles zesummefalen. D’mënschlecht Skelett baséiert op esou engem Bauplang an ass d’Resultat vun enger Jormilliounen aler Evolutioun. Wat dat bedeit, gëtt an dëser Natur[musée]geschicht erzielt.

Natur[musée]geschichten, News @lu |

Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Kazemusik (19/10/2017)

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio ‘t ass rëm Zäit fir eng Natur[musée]geschicht an haut gëtt et anscheinend musikalesch. Mat weem hu mir e dann haut ze dinn? Ma, mat elauter Prominenz: Dem Tom, dem Paulchen, der Grizabella, dem Simba, mä och de bescht Frënn vu prominente Leit wéi dem Jean-Philibert, d’Delilah, d’Kitty. Muss een déi kennen? […]

Natur[musée]geschichten, News @lu |

Mat der Klass an de Musée: De Programm vum Service éducatif ass elo online

De muséespädagogesche Programm 2017/2018 vum Naturmusée riicht sech u Klassenaus der Grondschoul an dem Enseignement secondaire, déi hiren Unterricht mat enger Féierung am Naturmusée, enger Aktivitéit “Eraus an d’Natur” oder an hirer eegener Gemeng an engem vun deenen zwee Mobiler vum Musée wëllen ofronnen. De Programm ass elo komplett online disponibel.

News @lu |

Réckbléck: D’Sonnendäischtert vum 11. August 1999 am Panewippchen

Dësen 21. August 2017 kréien d’US Amerikaner zënter 99 Joer mol rëm eng Sonnendäischtert ze gesinn. Dat ass natierlech Geleeënheet un déi total Sonnendäischtert vum 11. August 1999 z’erënneren. Iwwer dëst astronomescht Groussévènement ass deemools och eng komplett Editioun vum Panewippchen zesummegestallt ginn. Dir kënnt en hei als pdf eroflueden.

News @lu |

Familljefest vum ‘natur musée’ (17/9/2017)

Dat traditionellt Familljefest vum ‘natur musée’ fënnt dëst Joer de Sonntag, den 17. September 2017 am a rondrëm den ‘natur musée’ an Neimënster am Stadtgronn statt. Eng wëllkomme Geleenheet an d’Atmospär vun de Jugend- a Kanneraktivitéiten vum Musée eranzeschnupperen.

News @lu |

Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Stärestëbs (13/7/2017)

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio Mir sinn all Stärestëbs, heescht et zënter e puer Wochen am ‘natur musée’. Wat et domadder op sech huet, kréie mir haut an der leschter Natur[musée]geschicht virun der Summervakanz erzielt. Et geet nämlech e.a. op eng Jules-Verne-würdeg Rees matzen duerch d’Äerd, souzesoen zum Mëttelpunkt vun onsem Planéit. Fir Leit, déi […]

Natur[musée]geschichten, News @lu |

Naturspill-Film: Bëschtwister

Bëschtwister: Den neien Naturspillfilm weist, wéi ee säi Gläichgewiichtssënn a Kierperkoordination mat engem Spillklassiker am Bësch trainéiere kann. Traut Iech! D’Rubrik “Naturspill-Filmer” ass geduecht fir all Leit, déi mat Kanner schaffen, fir Familljen oder Pädagogen, déi no Iddie ronderëm d’Thema Natur sichen. Reegelméisseg gi Mini-Videoe gepost, an deene gewise gëtt, wat een mat einfache Mëttel […]

am Fréijoer, Naturspill-Filmer, News @lu, Trau dech an de Bësch |

Naturspill-Film: Féisswee

Mat plakege Féiss duerch de Bësch. Traut Iech! An onsem neie Naturspill-Film weise mir Iech, wéi et geet. D’Rubrik “Naturspill-Filmer” ass geduecht fir all Leit, déi mat Kanner schaffen, fir Familljen oder Pädagogen, déi no Iddie ronderëm d’Thema Natur sichen. Reegelméisseg gi Mini-Videoe gepost, an deene gewise gëtt, wat een mat einfache Mëttel esou alles am Bësch […]

am Fréijoer, Naturspill-Filmer, News @lu, Trau dech an de Bësch |

Naturspill-Film: Bamkroune kucken

Traut och Dir Iech an de Bësch! A kuckt gutt rondrëm Iech! Vläicht entdeckt Dir eent vun de klenge Wiichtelchershaiser hei aus dem neien Naturspill-Film. D’Rubrik “Naturspill-Filmer” ass geduecht fir all Leit, déi mat Kanner schaffen, fir Familljen oder Pädagogen, déi no Iddie ronderëm d’Thema Natur sichen. Reegelméisseg gi Mini-Videoe gepost, an deene gewise gëtt, […]

am Fréijoer, Naturspill-Filmer, News @lu, Trau dech an de Bësch |

Naturspill-Film: Wiichtelchershaiser

Traut och Dir Iech an de Bësch! A kuckt gutt rondrëm Iech! Vläicht entdeckt Dir eent vun de klenge Wiichtelchershaiser hei aus dem neien Naturspill-Film. D’Rubrik “Naturspill-Filmer” ass geduecht fir all Leit, déi mat Kanner schaffen, fir Familljen oder Pädagogen, déi no Iddie ronderëm d’Thema Natur sichen. Reegelméisseg gi Mini-Videoe gepost, an deene gewise gëtt, […]

am Fréijoer, Naturspill-Filmer, News @lu, Trau dech an de Bësch |

Naturspill-Film: Bengelspill

Virun allem Schnellegkeet a gutt Reflexer si vun engem gefuerdert, wann ee bei dësem Spill bis zum Enn wëll dobäi bleiwen. D’Rubrik “Naturspill-Filmer” ass geduecht fir all Leit, déi mat Kanner schaffen, fir Familljen oder Pädagogen, déi no Iddie ronderëm d’Thema Natur sichen. Reegelméisseg gi Mini-Videoe gepost, an deene gewise gëtt, wat een mat einfache […]

am Fréijoer, Naturspill-Filmer, News @lu, Trau dech an de Bësch |

Mir siche Guiden! Mellt Iech a gitt esou Deel vum ‘natur musée’!

De Service éducatif vum Musée national d’histoire naturelle Luxembourg – ‘natur musée’ sicht GUIDEN (m/f) op Freelance Basis fir seng Visites guidéeën an Animatiounen am Natur- an Emweltberäich am ‘natur musée’ an op verschiddene Siten am Land (dobaussen an der Natur) fir Kanner an Erwuessener an der Schoul- oder der Fräizäit. Profil: groussen Interessi un der […]

News @lu |

Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Eng Jëfferchen am Steen (23/3/2017)

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio Muséessammlunge si richteg Schatzkummeren, déi nach esou munch Iwwerraschunge enthalen. Gallodorsettia kronzi heescht déi lescht, déi mir dann elo an der Naturmuséegeschicht virgestallt kréien. Wie verstoppt sech dann elo hannert dësem Numm? Gallodorsettia kronzi ‘t ass tatsächlech e flott Beispill vun de “Schätz”, déi an onse Sammlunge conservéiert ginn. An dësem […]

Natur[musée]geschichten, News @lu |

Naturspill-Film: Dillendappschéissen

An dësem Naturspill-Fim proposéiere mir Iech eng nei olympesch Disziplin: Dillendappschéissen. Traut och Dir Iech an de Bësch! D’Rubrik “Naturspill-Filmer” ass geduecht fir all Leit, déi mat Kanner schaffen, fir Familljen oder Pädagogen, déi no Iddie ronderëm d’Thema Natur sichen. Reegelméisseg gi Mini-Videoe gepost, an deene gewise gëtt, wat een mat einfache Mëttel esou alles […]

am Wanter, Naturspill-Filmer, News @lu, Trau dech an de Bësch |

Naturspill-Film: Bamgesiichter

Traut och Dir Iech an de Bësch: Mat e bëssi Schnéi, Äscht a vill Fantasie huet een an Nixkommanu e Musée voller Portraiten an de Bësch gezaubert. D’Rubrik “Naturspill-Filmer” ass geduecht fir all Leit, déi mat Kanner schaffen, fir Familljen oder Pädagogen, déi no Iddie ronderëm d’Thema Natur sichen. Reegelméisseg gi Mini-Videoe gepost, an deene […]

am Wanter, Naturspill-Filmer, News @lu, Trau dech an de Bësch |

Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Alles liicht! (9/2/2017)

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio Déi lescht Woch sinn d’Temperaturen e bëssen an d’Luucht gaangen. Dat ass sécher d’Erklärung, firwat ee moies erëm d’Villecher méi zwitcheren héiert! Geschwënn kommen d’Fréijoersgeviller bei den Déieren op an dat bestëmmt och bei de Perruchen, déi d’Sandrine Amann aus dem ‘natur musée’ sengem Science Mobil matbruecht huet. De Science Mobil […]

Natur[musée]geschichten, News @lu |

Naturspill-Film: Memory am Wanter

Scho mol eng Kéier Memory am Schnéi gespillt? Am Bësch fannt Dir esou allerlee Naturmaterialien, mat deem sech dëse Klassiker einfach mol eng Kéier am 3D spille léisst. D’Rubrik “Naturspill-Filmer” ass geduecht fir all Leit, déi mat Kanner schaffen, fir Familljen oder Pädagogen, déi no Iddie ronderëm d’Thema Natur sichen. Reegelméisseg gi Mini-Videoe gepost, an […]

am Wanter, Naturspill-Filmer, News @lu, Trau dech an de Bësch |

Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Wéi d’Äerd lieweg ginn ass (22/12/2016)

Ah jo, an net mol 2 Wochen si mir schonns am Joer 2017. Wéi d’Zäit vergeet, soe se. Mä där Joren sinn der schonns am Laf vun der Äerdgeschicht eng Jett méi an d’Land komm. Wéivill dat der waren a wat do esou alles geschitt ass, ass d’Thema an der Natur[musée]geschicht vun dëser Woch mam Christiane Bemtgen an dem Claudine Biel aus dem ‘natur musée’ sengem Naturmobil.

Natur[musée]geschichten, News @lu |

Best of and good bye Vine @naturmusee

Twitter hëlt mat senger App Vine op, déi et erlaabt huet, Mini-Videoen an Dauerwiderhuelung ze kucken. Ah jo, sou kritt een d’Zäit och erëm. Hei e klenge Best of vun onse Videoen, ier de Service komplett gestoppt gëtt.

News @lu |

Asteroid Day : Och Lëtzebuerg huet säin Asteroiden-Lidd!

Den 30. Juni ass Asteroid Day. Wousst Der, datt och Lëtzebuerg säin Asteroiden-Lidd huet? 2006 hunn d’Jeanny Jungbluth an den Nicolas Feierstein vun den Amateurastronome Lëtzebuerg AAL dat wonnerbaart Lidderbuch “Stärenhimmel fir Kanner” bei den Editions Saint-Paul erausbruecht. D’Wëssen ëm Virgäng wéi Sonnen- a Mound-Däischtert, d’Moundphase mat Voll-, Hallef- an Neimound, d’Joreszäite Fréijoer, Summer, Wanter an […]

News @lu |

Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Den Arboretum, eng Bamsammlung um Kirchbierg (26/5/2016)

Zënter 1994 entsteet am Arboretum um Kierchbierg eng méiglechst komplett Sammlung vu Beem a Sträicher aus Europa, souwäit se am Lëtzebuerger Klima wanterhaart sinn. Méi wéi 500 Aarte, Ënneraarten an Zorten aus 126 Gattungen an 59 Familljen sinn am Moment hei vertrueden. Den ‘natur musée’ ass responsabel fir d’wëssensschaftlech Betreiung vun der Sammlung.

Natur[musée]geschichten, News @lu |

#naturmuseelikesbooks (18-23/4/2016)

Am Kader vun de Journées du Livre et du Droit d’Auteur huet den ‘natur musée’ seng Mataarbechter gefrot, hiert Lieblingsbuch kuerz virzestellen oder e Buch ze nennen, dat se besonnesch markéiert huet. Eng ganz Partie Leit maache bei dëser Aktioun mat. Iwwer déi ganz Woch vum 18. bis 23. Abrëll ginn op dëser Säit elo […]

#naturmuseelikesbooks, News @lu |

Natur[musée]geschichten op RTL Radio: 10 Joer Asteroidenentdeckung zu Lëtzebuerg (14/4/2016)

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio Viru bal engem Joer hue mir hei an den Natur[musée]geschichten iwwert Meteoritte geschwat. Haut geet erëm op en neien Tour duerch eist Sonnesystem. An zwar gi mir op d’Sich no Asteroiden. Ganz richteg. Opmierksam an trei Nolauschterer vun der heiter Emissioun kënne sech bestëmmt nach erënneren, datt mir deemools vu […]

Natur[musée]geschichten, News @lu |

Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Fuerschung am ‘natur musée’ (17/3/2016)

Den ‘natur musée’ organiséiert dëse Samschden fir d’33. Kéier säin traditionelle Colloque iwwer de Patrimoine naturel, d’Biodiversitéit an d’Evolutioun. Invitéiert sinn 250 wëssenschaftlech Mataarbechter vum Musée, aus dem In- an Ausland. Eng gutt honnert wäerten dann och kënnen drun deelhuelen. Den ‘natur musée’ ass also och e Fuerschungsinstitut. An déi Fuerschung huet och hir Geschicht.

Natur[musée]geschichten, News @lu |

Natur[musée]geschichten op RTL Radio: De südleche Stärenhimmel (3/3/2016)

Eng Rei vun de beandrockendsten Himmelsobjeten stinn am südleche Stärenhimmel a sinn domat vun Europa aus net sichtbar. Dat ass schuet, mä de Fall ass jo net hoffnungslos. Entweder ‘t huet een d’Zäit an d’Geld an bucht een elo am Fréijor eng Rees an de Chile, Namibia oder Australien, fir sech dat Ganzt live unkucken, oder, an dat ass elo déi méi bëlleg Alternativ, et lauschtert een elo gutt bei onser Natur[musée]geschicht no

Natur[musée]geschichten, News @lu |

Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Schlaangen a Latäinamerika (21/1/2016)

“Kuerz no onser Arrivée huet ons e Plantagenaarbechter eng lieweg Nayacaschlaange bruecht, där hiren Hals mat enger Ficelle um Wupp vun engem zimlech laange Bengel festgebonne war. Si ass mat der selwechter Virsiicht ënnert eng eidel Këscht gedréckt ginn, op déi schwéier Steng leie koumen. Mir hätten d’Schlaang eigentlech direkt doutmaache kënnen, mä mir wollten erausfannen, wéi laang d’Déier ouni Nahrung liewe kéint.” – Nicolas Funck

Natur[musée]geschichten, News @lu |

Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Gemoolten Natur (7/1/2016)

Schonns zënter der Renaissance am 16. Jorhonnert sinn europäesch Zeechner ausgezunn, fir sech e Bild vun der Villfalt vun der tropescher Déieren- a Planzewelt ze maachen. D’Europäer waren einfach verzaubert vun de Schéinheeten, deene se an dësen onbekannten Territoirë begéint sinn. Et waren Expeditiounen, déi nach ouni Kamera hu missen auskommen. D’Leit deemools hunn et also misse fäerdeg bréngen, den Zauber vu bizarre Planzen a Liewewiesen mam Crayon festzehalen.

Natur[musée]geschichten, News @lu |

Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Bluttsëffer (15/10/2015)

An ongeféier engem Mount gëtt de Science Festival erëm am Gronn organiséiert. Iwwer 50 Workshoppen an Showen probéiere Loscht op Wëssenschaft ze maachen an invitéieren d’Leit hei selwer eng Hand matunzepaken an z’experimentéieren. Am Kader vun den Natur[musée]geschichten hu mir ons duerfir mol einfach eng erausgepickt, déi sech relativ grujeleg unhéiert: Bluttsëffer. Wat gëtt dann elo hei fir Blutt gesoff?

Natur[musée]geschichten, News @lu |

Natur[musée]geschichten op RTL Radio: D’Schatzkummer vum Musée (4/9/2015)

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio An den Naturmuséegeschichte ass jo schonns iwwer villes geschwat ginn: Déieren, Fossilien, Evolutioun, d’Geschicht vum Musée natierlech… mä haut wier et mol intressant eppes iwwer d’Mineralie gewuer ginn. An dat net vun ongeféier. Well wann ee nämlech op d’Facebook-Säit vum ‘natur musée’ geet, gesäit, datt do reegelméisseg déi schéinste Mineralie […]

Natur[musée]geschichten, News @lu |

Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Äerdbiewen moosse mat der Mercalli-Skala (7/8/2015)

An der Naturmuséegeschicht vun haut geet et iwwer Äerdbiewen an hir Auswierkungen. Am ‘natur musée’ setzt sech nämlech een Deel vun der Ausstellung mat dësem Thema auserneen. Do gesäit en dann och e puer Maquetten, déi weisen, wéi eng Auswierkungen en Äerdbiewe kann op d’Aussewelt a ganz besonnesch op Gebaier hunn. Dës Maquette weisen e puer Stufe vun der sougenannter Mercalli-Skala.

Natur[musée]geschichten, News @lu |

Natur[musée]geschichten mat RTL Radio fir ze liesen an ze lauschteren

Den ‘natur musée’ presentéiert an Zesummenaarbecht mat RTL Radio all zwou Wochen e Bléck hannert d’Kulisse vum Musée. Et geet hei ëm d’Naturgeschicht a Geschichten aus dem Musée, erzielt vu Leit aus dem Musée. Liest se hei nach eng Kéier oder lauschtert direkt eran. 05/02/2015: Moundgestengs 19/02/2015: De Feldhamster 05/03/2015: De Ferrant am Schantjen 19/03/2015: […]

News @lu |

Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Moundgestengs (5/2/2015)

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio De Musée stellt a sengen Dauerausstellungen Moundgestengsprouwen vun de Moundmissiounen Apollo 11 a 17 aus. Béid Stécker sinn e Prêt permanent vum Grand-Duc Jean. Den éischten ass vun der Apollo 11 Missioun. Dësen “ausserierdesche” Souvenir krut de Grand-Duc 1970 vun den Astronauten vun der Apollo 12 iwwerrreecht, déi op Besuch […]

Natur[musée]geschichten, News @lu |