Visites guidéeën bei Lorblummen am Kiischpelt op Ouschterméinden

All Joer ëm Ouschtere bléien am Kiischpelt an der Lellger Baach d’Lorblummen. Déi meeschte kenne si als Ouschterblummen (op Däitsch: Narzissen, op Franséisch: jonquilles, op Gescheit: Narcissus pseudonarcissus). Si heeschen awer zu Lellgen „Lorblummen“, well am lieu-dit “am Lohr“ dat eenzegt grousst Virkommen vun der Ouschterblumm hei zu Lëtzebuerg ass. Et gëtt nach e puer klenger Statiounen z. B. zu Boukelz an zu Housen , mee déi sinn net ze vergläichen. Dë Statioun vun der Lorblumm ass zënter laangem bekannt, war eng Zäit a Gefor, mee ass elo integral geschützt an e richtegen Bijou vun der Lëtzebuerger Natur.

Wéi zënter Joerzengten organiséieren d’Blummefrënn vu Lellgen, d’Naturverwaltung an den ‚natur musée’ dofir och dëst Joer op Ouschterméindeg (17.4.) nees d’Fest vun der Lorblumm.

Um 10.15 an um 15.15 Auer invitéieren d’Naturverwaltung an den ‘natur musée’ op eng Visite guidée bei d’Lorblummen. (Guiden: Paul Kremer, Georges Bechet a Marc Allard). RV bei der Lellger Kierch, mir waarden op d’Navette, déi d’Leit vun der Gare vu Wëlwerwolz op Lellgen bréngt. Den Tour dauert ongeféier 2 ½ Stonn. Gutt Schong si noutwendeg. Fir Kannerkutschen ass den Tour leider net gëeegent. Et brauch ee sech net unzemellen. Mir waren virun enger Woch kucken. Op Ouschterméindeg sollten déi méscht an der Bléi sin! Also vergiesst de Fotoapparat net!

D’Naturfrënn organiséieren zu Lellgen an der Henckesscheier e Mëttegiessen (Judd mat Gaardebounen a Speckgromperen, eng Taass Kaffi derzou); Umeldung um Tel: 920564. Gegrilltes a Waaffelen de ganzen Dag bis 18 Auer (do ass natierlech keng Umeldung noutwendeg).

Zu Lellgen an der „aler Schoul“ass eng Ausstellung vun der bekannter Déieremolerin Claudine Maillet.

Also, vergonnt Iech eppes, wat Dir hei am Land soss net kënnt fannen.

News @lu |