Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Stärestëbs

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio

An der Natur[musée]geschicht vun dëser Woch fänke mir richteg bei Null un. Virun ongeféier 13,7 Milliarden Jahren ass nämlech mam Urknall – oder wéi seet een nach: Big Bang? – dat ganzt heitegt Universum entstanen. Wat gëtt et dann haut  hei ze gesinn, wat ee sech och am ‘natur musée’ ukucke kann?

Ma allerbeschte Stärestëbs. Dorop komme mir awer nach ze schwätzen. Well, wann een dovunner ausgeet, datt mam Big Bang d’Matière, de Raum an d’Zäit entstane sinn, misst ech eigentlech soen: d’Welt vun haut an zwar esou, wéi se elo tickt. Den Urknall huet jo mat enger onvirstellbarer Ausdehnung vum Raum aus engem extrem energieräiche Punkt ugefaangen. Dat war elo kee Knall an deem Sënn, wéi een sech dat eventuell bildlech oder och mat Toun virstelle kann, also esou richteg mat engem Knuppert. De Raum fir esou eng Explosioun ass et ganz am Ufank jo net mol ginn. Op alle Fall, zënter 13,7 Milliarde Joer deent sech den Universum aus an dës d’Expansioun geet nach ëmmer weider. Relativ kuerz nom Knall waren dunn och all Bausteng do, aus deenen sech dat heitegt Universum entwéckelt huet.

Dat heescht, d’chemesch Elementer, esou wéi mir se aus dem Chimiesunterrecht kennen?

Also net direkt. D’Atome vun dësen Elementer selwer besti jo aus Elementardeelecher wéi Elektronen, Protonen an Neutronen an och déi hu fir d’éischt mol entstoe mussen. Gross modo kann ee soen, datt no 3 Minutten all dës Deelercher existéiert hunn an an enger Zort Urzopp aus Strahlung geschwomme sinn. Aus där Matière do sinn dann och an deenen nächsten 300.000 Joer déi éischt Atome wéi de Waasserstoff, Helium a Lithium entstanen. 90 % vum Universum besteet iwregens haut nach ëmmer aus deem Waasserstoff, dee kuerz nom Urknall entstanen ass.

Wéi ass et da mat deenen aneren 90 Elementer, déi een haut esou kennt?

Oh mei! Dat huet erëm gedauert. An enger nächster Phase, déi sech tëscht 300.000 an enger Milliard Joren erstreckt, hu d’Matière am Universum sech a Gaswolleken aus Wasserstoff, Helium und Lithium verdicht an déi éischt Stären an Urgalaxië sinn entstanen. Net méi spéit wéi haut ass dann och an der Press ze liesen, datt Astronomen Spure vun dësen U-Stäre fonnt hunn. Si ze fannen, wier ongeféier esou schwéier, wéi d’Flilleke vun engem Kolibri während engem Hurrikan ze héieren, ginn d’Fuerscher zitéiert.

An dësen éischte Stären, déi et haut net méi ginn, sinn dunn duerch d’Verschmëlzung vun den Atomkären méi schwéier Elementer wéi zum Beispill Sauerstoff, Kuelestoff, Silizium, Titan oder Eisen enstanen. Dës Stären explodéieren. Doduerch entstinn nach méi schwéier Elementer wéi z. B. Gold, Sëlwer, Bläi, Koffer, Uran oder Zirconium.

IMG_0400

Den Zyklus fänkt also erëm vu vir un?

Genee. Nei Gaswolleken entstinn, déi déi ganz Diversitéit vu chemeschen Elementer enthalen. Esou Gaswolleken kënnen dann ënnert hirem eegene Gewiicht kollabéieren. Esou entstinn dann nei Stären a Planéitesystemer wéi onst Sonnesystem zum Beispill. All Matière op der Äerd ass also de Rescht vu Stären, déi eng Kéier explodéiert sinn. Wann s de e Rang aus Gold um Fanger hues, dann dréis de Milliardejoren ale Stärestëbs mat der rondrëm.

‘t gëllt awer och fir ons. Mir sinn all Stärestëbs!

Natur[musée]geschichten, News @lu |