Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Och Zatze kënnen et zu Eppes bréngen!

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio

Fir ons Natur[musée]geschicht vun dëser Woch hu mir aus dem ‘natur musée’ eng richteg léif kleng Maischen op Besuch. Ëm wien handelt et sech dann do?

Gell si gesäit richteg léif aus. Ma, ‘t ass de Modell vun enger Megazostrodon…

Eng Mega… wat?

Megazostrodon Foto: Interpub

Megazostrodon Foto: Interpub

Megazostrodon. Komm, mir nennen se einfach mol d’Megazatz. ‘t muss een elo och soen, datt et e Modell ass, well d’Déier selwer ass schonns zënter Millioune vu Joren ausgestuerwen. Dës hei huet viru 190 Millioune Joer am südlechen Afrika gelieft, huet e bëssi wéi eng Spëtzmaus ausgesinn, also wéi e klenge raibereschen Insektefriesser. Dat huet een aus enger Analys vun den Zänn erausfonnt. Megazostrodon heescht dann och ongeféier esou vill wéi Groussen Déierenzant. D’Déier hat och relativ grouss Aen, wat dorop schléisse léisst, datt et nuetsaktiv war. Experte ginn dovunner aus, datt et ee vun den eelste Mamendéieren iwwerhaapt war, also nach eent, dat wéi déi heiteg Kloakendéieren nach Eeër geluecht huet. Eng modern Maus war et also net

Et huet nach viru ronn 190 Millioune Joer gelieft. Waren do net d’Dinosaurier d’Meeschteren op der Äerd?

Genee. An deene si se schéi brav aus dem Wee gaangen. Zu hirem Gléck. Well wann d’Megazostrodon an hir Nokommeprobéiert hätten, mat de klengen, beweeglechen a virun allem fleeschfriessenden Dinosaurier ze konkurréieren, dann hätte se net vill Chance gehat an ‘t wier séier ëm si geschitt gewiecht. Vun deene groussen Dinoe wëll ech elo mol net schwätzen. Si hu sech also eng Nisch misse sichen, déi d’Dinoe net besat hunn. Eng dovunner war eng zäitlech: d’Nuecht.

Da kënnt dobäi, datt se kleng bliwwe sinn. Fir d’Mamendéieren war et zu der Zäit vun den Dinoe keng Optioun méi grouss ze sinn. E klengt Déier war vill méi beweglech: Et ka schwammen, kloteren, gruewen, rennen a schwammen, ganz esou wéi d’Ëmstann et verlaangen. E gréissert Déier muss sech spezialiséieren, a wat d’Spezializéierung méi staark ass, wat et méi schwéier gëtt, de Kierperbauplang un déi verännerlech Ëmwelt unzepassen.

An déi ännert permanent!

An heiansdo esou drastesch, datt richteg Massenaustierwe stattfannen. Am Laf vun der Äerdgeschicht sinn et fënnef grouss Massenausstierwe ginn. Um Enn vum Perm-Zäitalter virun 250 Millioune Joer sinn esou zum Beispill 95 Prozent vun allen deemools liewenden Aarten augestuerwen. Dat ass enorm. Mee, dat wuel bekanntsten Massenausstierwen ass um Enn vun der Kräidezäit viru 65 Millioune Joer geschitt, bei deem ënner anerem déi grouss Mieresreptilien, d’Fluchsaurier an Dinosaurier ausgestuerwe sinn. Déi meeschte wëssen haut vun dem 10 Kilometer groussen Asteroid, deen op d’Äerd gestierzt ass. Wee weess, wéi et haut um Planéit géif ausgesinn, wann e laanschtgeflu wier.

Mee wat fir déi eng eng Katastrof war, war eng riseg Chance fir déi aner.

Esou en Zoufallsevenement wéi en Asteroidenaschlag kann d’Ausgangslag op ee Coup komplett änneren. Nom Masenausstierwen sinn nämlech eng Rëtsch Déieregruppen esou richteg opgeblitt, wéi zum Beispill d’Vullen als direkt Nokomme vun den Dinoen oder wéi an onsem Fall dann d’Mamendéieren, déi par rapport zu den Dinosaurier, déi d’Welt iwwer 150 Millioune Joer beherrscht hunn, virdru just eng Randerscheinung waren. D’Zatze kënnen et also och zu eppes bréngen.

Natur[musée]geschichten, News @lu |