Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Mäin Numm ass Lëtzebuerg

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio

An dëser Natur[musée]geschicht hu mir de Plëséier Iech en neien Hielebewunner hei aus dem Land virzestellen. Moie Patrick. Wat huet et domadder op sech?

Ma ganz einfach, de Musée ass zënter Joren dobäi d’Déierewelt vun de Hielen- a Minnesystemer hei ze Lëtzebuerg z’erfuerschen, fir ze kucken, wat et do esou alles gëtt. Kuerz gesot: déi ënnerierdesch Biodiversitéit. A wéi sou oft, wann ee sech mat engem Liewensraum befaasst, dee bis elo net ëmmer éischt Prioritéit war, da fënnt een och. Natierlech virun allem Aarten, déi scho beschriwwe gi sinn, d. h. also Insekten, Spannen, Asselen a.s.w. Déi kennt ee vun anere Plazen op der Welt, mä och déi muss ee mol fir d’éischt identifizéiere kënnen. Duerfir brauch een dann och Spezialisten.

An da ginn et och Aarten, déi bis elo nach guer net beschriwwe gi sinn? Vu kengem Wëssenschaftler op der Welt.

Genee. Dat ass méi seelen, grad an esou engem klengem Land wéi Lëtzebuerg, ‘t kënnt awer vir. An esou eng Decouverte ass de Fuerscher aus dem Musée a Kollege aus dem Ausland dann elo och an enger aler Minn zu Rodange gelongen. Lëtzebuerg huet offiziell zënter dem Enn vum leschte Joer en neien Hielebewunner méi! Et handelt sech dobäi ëm eng Trauerméck. Dat héiert sech elo op den éischte Coup net immens spektakulär un, mä ‘t ass e weidert Puzzlestéck an dësem riseggrousse Puzzle, dee mir Biodiversitéit nennen. An de Referenzspecimen vun där Aart läit elo bei ons am Musée an de Sammlungen. Esou Referenzstécker maachen dann och de Räichtum vun enger Sammlung aus.

Wat sinn Trauermécken dann elo genee?

‘t sinn Insekten. Si gehéieren do zu den Dipteren, also den Zweiflügler, esou wéi d’Stuffeméck oder Mustik. Den Numm Trauerméck hu se, well se méi donkel gefierft sinn, an och hir Flilleken méi dréif schwaarz sinn, e bëssi wéi e Schleier ausgesinn. Et kënnt een der weltwäit eng 1800 Aarten, 600 an Europa. Et dierften der natierlech héchstwahrscheinlech vill méi sinn, mä ‘t muss ee se fir d’éischt eemol fannen an als nei Aart identifizéiere kënnen. Bei dëser hei, war dat eréischt no enger DNA-Analys an enger geneeër Ennersichung vun hirer Morphologie de Fall. An ier se dann als nei Aart bezeechent konnt ginn, muss een natierlech och genee wëssen, ob se net iergendswou aneschters op der Welt schonns eng Kéier fonnt a beschriwwe ginn ass. Dat sinn ëmmer laang Recherchen, déi och heiansdo mol Joren dauere kënnen.

trauermuecke

D’Trauerméck Camptochaeta luxemburgensis aus der Doihl-Minn zu Rodange. Trauermécke sinn an der Reegel méi donkel. Als méiglecherweis strikten Hielebewunner ass dës Aart allerdéngs méi hell.

Wéi et sech gehéiert, krut déi nei Aart dann och en Numm?

Deen duerften d’Fuerscher, déi d’Méck als eng nei Aart identifizéiert hunn, dann och selwer eraussichen. An do ass der Fantasie dann och keng Grenze gesat. Mir hate jo viru Wochen den éischte Plesiosaurus vu Lëtzebuerg virgestallt, deen en plus jo och eng nei Aart ass. Deem hunn d’Fuerscher den Aartenumm Melusina ginn, sech also un enger lokaler Legend inspiréiert. An onsem Fall vun der Trauerméck, ass da virgezu ginn, d’geografesch Origin vun der neier Méckenaart  ervirzesträichen. Duerfir ass se op Camptochaeta luxemburgensis gedeeft ginn. D’Méckefuerscher hu Lëtzebuerg also op d’Landkaart gesat, also an engem gewësse Sënn och Nation branding bedriwwen.

Natur[musée]geschichten, News @lu |