Februar 2018: De Plakegen Ibis (Geronticus eremita)

Waldrapp

De Plakegen Ibis (Geronticus eremita) war mol een heefege Vull an Europa, ier en duerch eng intensiv Bejoung verschwonnen ass. Hie war virun allem a Frankräich, der Schwäiz, Däitschland, Éisterräich, Spuenien an dem Westbalkan heemesch. Haut liewen nach 500 fräiliewend Plakeg Ibissen am Süde vum Maroc. Vun den Ibissen, déi 2002 a Syrien rëmentdeckt goufen, ass de leschten 2014 verschwonnen. De Plakegen Ibis gehéiert zu deenen 20 am stäerkste bedrohte Vullenaarten op der Welt. Zënter e puer Joer lafe verschidde Reintroductiounsprogrammen an Éisterräich an an Däitschland, wéi och a Spuenien, fir de Plakegen Ibis erëm an Europa z’etabléieren.

En Exemplar aus onse Sammlunge gëtt am Sall “Biodiversitéit” um 1. Stack vum “natur musée” ausgestallt an och an der aktueller Editioun vum Panewippchen virgestallt.

Foto: Interpub

Objet vum Mount |