Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Sauwieder dobaussen! Wéi ginn d’Déiere mat der Keelt ëm?

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio

Et reent, et schneit, vun engem Dag op deen anere klammen a falen d’Temperaturen ëm 10 Grad. Bon, ‘t ass Wanter, an esou Wiederkonditioune sinn an dëser Joreszäit z’erwaarden. Wéi maachen d’Déieren et dann, fir sech u richteg ongemitlech Wiederconditiounen unzepassen? Déck Minusgraden, dat ass fir vill Déieren anscheinend kee Problem. Firwat eigentlech?

Fichier 04-01-2018 11 22 51Ma ganz einfach. Si si perfekt dorunner ugepasst, an dat ass d’Resultat vun enger laanger Evolutioun. Well dierf een eppes net vergiessen: Och vun de Liewewiesen an de Polargéigenden ass d’Haaptzil net z’erfréieren. Pelz a Fett déngen als Isoléiermass. Anerer hu regelrecht e Fraschtschutzmëttel am Blutt. An esou eppes kënnt net vun haut op muer. Dat brauch Zäit, an déi haten d’Mënschen net. Si kënne sech nëmme mat Kleedung virun der Käält schützen.

Kritt de Pinguin dann tatsächlech keng kal Féiss?

Also Pinguinen hu sech un déi extrem Bedingungen duerch verschidde Kierpermierkmoler ugepasst. Do wiere fir d’éischt eemol eng zwee bis dräi Zentimeter déck Fettschicht, iwwer där sech dräi waasserdicht Schichte vu kuerzen an dicht gepaackte Fiedere befannen. D’Loft, déi tëscht dëse Fiederschichten agespaart ass, schützt am Waasser ganz efficace géint de Verloscht vun der Kierperwäermt..

Ausserdeem hunn d’Pinguinen an hire Flossen a Been héich entwéckelt Wärmetauscher. Dat waarmt Blutt, dat vum Häerz iwwer d’Artèren an d’Been afléisst, gëtt un dat venööst a kaalt Blutt ofginn, dat d’Been verléisst. Sou gëtt de Wärmeverloscht hei miniméiert.

Wéi maachen d’Äisbieren et dann?

Majo, d’Fell vun den Äisbieren ass am Wanter ganz dicht, ueleg a waasserofweisend, also tatsächlech dat, wat mir ons vun enger efficacer Wanterjackett verspriechen. Déi baussescht Fellhoer sinn huel a mat Loft gefëllt, wat mat enger 5 bis 10 Zentimeter décker Fettschicht fir eng gutt Isolatioun suergt. An déi meescht dierften et mëttlerweil jo och wëssen (‘t ass eng typesch Quizfro),: D’Haut vun erwuessenen Äisbieren ass schwaarz an hëtzt sech domadder méi séier op, well se all d’Wellelängte vum siichtbare Liicht absorbéiert.

Insekte wäerten et dann awer méi schwéier hunn?

Fichier 04-01-2018 11 23 38Jo, mä et ginn natierlech Ausnahmen. Do gëtt et z. B. d’Raup vum Arktesche Trägspinner, enger Matt. Déi produzéiert eng Zort Fraschtschutzmëttel, dat et erméiglecht, d’Temperature vu bis zu -60 Grad z’iwwerstoen! Si verbréngt de ganze Wanter an engem déifgefruere Zoustand a braucht ganzer siwe Joer, fir sech zu enger Matt z’entwéckelen. Esou e Fraschtschutzmëttel fënnt een awer och beim sougenannten Äisfësch, deen am antarkteschen Ozean schwëmmt. Dëst bënnt Äiskristaller am Kierper a verhënnert, datt se wuessen an d’Déier vu bannen erfréiert.

 Z’erdroen ass d’Keelt an de Schnéi fir ons och am Spill. Wa Schnéi dobausse läit, ass et kengem Kand méi ze kal. Bei den Déieren och?

Ma kuckt mol de Japanmakak. Dat si mat Ausnahm vum Mënsch déi Primaten, déi am wäitsten nërdlech liewen. Bekannt si se virun allem duerch hir Gewunnegt ginn, sech a waarm Quellen ze sëtzen, fir waarm ze bleiwen. Wéi am Whirlpool! A jonk Makaken formen och gäre Schnéibäll, fir se duerno spilleresch iwwer de Buedem ze rullen. Also, de Mënsch huet net de Monopol op de Schnéimännchen!

Natur[musée]geschichten, News @lu |