Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Here’s looking at you, Kid! D’Ichthyosaurier aus dem ‘natur musée’ maache grouss Aen!

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio

Normalerweis sinn et Kanner a virwëtzeg Erwuessener, déi grouss Aen am ‘natur musée’ man, wa si virun den Déiere stinn an aus dem Staunen net méi raus kommen. An der Natur[musée]geschicht vun dëser Woch geet et dann awer mol ëm e Grupp vun Déieren, déi selwer GROUSS kucken. De Bléck vun dësen impressionnaten Déieren ass tatsächlech richteg hypnotesch, an dat, obwuel se schonns viru gutt 90 Millioune Joer ausgestuerwe sinn.

ichthyoAn dat huet vill domadder ze dinn, datt d’Aen vun de Fëschsaurier, – well ‘t ass ëm déi, wou et haut geet – tatsächlech am Rapport zu hirer Kierperlängt immens grouss sinn. Wéi wësse mir dat haut, well Aen normalerweis jo net fossiliséieren? Ma d’An selwer war vun enger réngförmeger Verstäerkung aus Schank ëmginn. D’Zoologe schwätzen hei vun engem Skleralréng. Well deen aus haardem Material besteet, fossiliséiert en duerfir och besser. Dat gréisste Aen, dat je bei engem Ichthyosaurier fonnt ginn ass, hat iwregens en Duerchmiesser vun 26,4 cm, war also tellergrouss an ass och dat gréissten An, dat je bei engem Wierbeldéier gemooss ginn ass.

Ennert all de Mieresdéieren aus där Zäit waren d’Fëschsaurier bestëmmt net déi schlechtste Schwëmmer?

Majo, mat hirem stroumlinieförmege Kierper an hirer Schwanz- a Réckefloss gesinn d’Ichthyosaurier den Delfinen vun haut och ganz ähnlech, an déi si jo bekanntlech perfekt fir d’Course am Waasser ugepasst. Geschwomme si se ähnlech wéi déi aktuell Thonen, also doduerch datt se mat der Schwanzfloss no de Säiten ausgeschloen hunn, contrairement zu den Delfinen, bei deenen d’Schwanzfloss sech vun uewen no ënne beweegt. An domadder ware si déi ongeschloe Championen am Waasser vun där Zäit.

Vu wéi enger Zäit schwätze mir?

Ichthyosaurier ware Reptilien, déi iwwer 160 Millioune Joer an de Mierer gelieft hunn, also vu viru 250 Millioune Joer bis 90 Millioune Joer. Du si se verschwonnen. Géint Enn vum ënneschte Jura, also virun 190 Millioune Joer – ganz Lëtzebuerg war vu Mier iwwerdeckt – hunn och an onse Géigende besonnesch Conditioune geherrscht. De Mieresspigel ass geklomm a Liewewiesen aus dem oppene Mier sinn no un d’Côtë gewandert. Zu selwechter Zäit huet sech och op ville Plaze um Mieresgrond sauerstoffaarme Bulli ogesat, an deem Déierkadavere an de Millioune Joer duerno perfekt fossiliséiere konnten a sou gutt erhale bliwwe sinn. Dat ass de sougenannten Uelegschifer, deen et och bei ons am Süden vum Land gëtt. An ‘t ass och do, wou dann halt mol esou Mieresreptilie fonnt ginn.

Mä déi éischt sinn awer virun 200 Joer vun enger Fra fonnt ginn?

Mary_Anning_painting

Portrait vun der Mary Anning mat hirem Hond Tray. Natural History Museum, London.

Dat ass richteg. D’Geschicht vun den Ichthyosaurier an iwwerhaapt de Mieresreptilien fänkt mat enger Fra un. D’Mary Anning, déi vun 1799 bis 1847 gelieft huet, gëllt haut als déi éischt Paläontologin an der Wëssenschaftsgeschicht. Schonn als Kand huet se hire Papp am englesche Dorset begleet, wann dee Fossilie sammele gaangen ass, fir se un Touristen ze verklappen a sou seng kleng Pei opzebesseren. Wéi de Papp gestuerwe war, huet si am Alter vun 11 Joer mat hirem Brudder dëse Commerce iwwerholl a lues a lues professionaliséiert, och an engem wëssenschaftleche Sënn. Als Fra krut d’Mary Anning awer ni déi Unerkennung, déi se als Mann heechstwahrscheinlech krut hätt. Dat huet glécklecherweis geännert. Bei ons am Musée si mëttlerweil och Fraen an der Paläontologie aktiv.

Wéi méi zum Thema wëll gewuer ginn, ass nächsten Dënschden um 18.30 op d’Konferenz vum Peggy Vincent am ‘natur musée’ agelueden, an där d’Paläontologin méi iwwer dee kierzlech presentéierte Plesiosaurier, mä och iwwer aner Mieresreptilien aus där Zäit wäert erzielen. Méi Infoen op www.mnhn.lu

Natur[musée]geschichten, News @lu |