Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Fossille Stëbs (14/12/2017)

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio

Mikrofossilien

Wat huet et da mat där Tut Stëbs op sech, déi mir elo hei am Studio leien hunn. Ëm ganz gewéinleche Stëbs kann et sech jo bal net handelen?

Dat ass tatsächlech keng gewéinlech Tut Stëbs, mä ee Koup Mikro-Fossilien aus eisem Paläontologiesdepartement. Fossilien, dat sinn Déieren oder Planzen, déi viru méi wéi 10.000 Joer op der Äerd gelieft hunn an elo a verstengerter Form ausgegruewe ginn. Esou Fossilien sinn natierlech extrem wäertvoll. Si erlaben eis et nämlech d’Biodiversitéit vu virun Dausenden a Millioune vu Joeren ze studéieren a geografesch ze positionéieren.

An déi Mikro-Fossilien verroden eis eppes iwwer d’Mikro-Faune a Flora vu virun e puer Milliounen Joer ?

Jo och. Mikro-Fossilien nenne mir Fossilien, déi manner wéi ee Millimeter kleng sinn. Dat kënnen also tatsächlech winzeg Organismen sinn, oder awer och Stécker vu méi groussen Déieren oder Planzen. An dësem Fall sinn et d‘Eenzeldeeler vu Schlaangestären, de Cousinë vun de Séistären, déi jo jidderee vun der Vakanz op der Plage kënnt. Esou ee Schlangestär besteet nämlech aus ganz ville klenge Plättercher a no sengem Doud falen dës Plättercher auserneen a kënnen als Mikro-Fossilien verstengeren.

A wou geet en déi winzeg Fossilien da sichen?

Majo de Paläontolog hëlt Buedemprouwen um Terrain. Mikro-Fossilie fënnt e virun allem am Lehm, a benotzt dann am Labo Waasserstoffperoxid fir d’Fossilien aus dem Lehm eraus ze sprengen. Dës Chemikalie kënns de vläicht vum Coiffer. Dee benotzt se nämlech fir d’Hoer ze bleechen. Dono gëtt déi beaarbecht Prouf dann duerch verschidde Siften gerëselt, fir déi interessant Fossilie vum Stëbs a vum Dreck ze trennen an der Gréisst no ze sënneren. Schlussendlech ginn d’Plättercher dann ënner der Stereolupp an eventuell dem Elektronemikroskop sortéiert an identifizéiert. Där Schlaangestäre ginn et der nämlech eng Jett. Virun 370 Millioune Joer goufen et scho Schlangestären an alleng haut ziele mir méi wéi 2.000 verschidden Aarten. Si liewe sou gutt wéi iwwerall um Mieresbuedem, vun de Polen bis zum Äquator a vun der Plage bis an déi déifste Mieresschluchten.

Dat heescht, et kéint een u sech a quasi all Mieressediment esou Mikro-Fossilie vu Schlaangestäre fannen?

U sech schonn. Dat mécht dës Déiercher och zu engem immens interessante Studienobjet. Well d’Mikrofossilie vu Schlaangestäre sou wäit verbreet an heefeg sinn, kann ee si zum Beispill benotzen, fir erauszefannen, wéi d’Déieren an d’Planzen, déi deemools am Mier gelieft hunn, vum deemolege Klimawandel beaflosst goufen. Dës Informatioune kënnen da vun anere Wëssenschaftler benotzt ginn, fir méiglech Verännerunge während eisem Klimawandel virauszegesinn.

Iwwregens war Lëtzebuerg viru Millioune Joer ganz vun engem Mier iwwerdeckt. Aus deem Grond fënnt eent hei natierlech och besonnesch vill Mikrofossilie vu Schlaangestären.

D’Fossilie vu Lëtzebuerg sinn och ee Sujet vun der Aktivitéit “ Rees an d’Vergaangenheet” vum Science-Club, déi de nächsten Dënschdeg am natur musée stattfënnt. Wie sech nach heifir aschreiwe wëll, dee kann dat iwwer den Internet Site: www.science-club.lu maachen.

Natur[musée]geschichten, News @lu |