Naturspill-Film: Landart am Hierscht

Am Hierscht ass de Bësch voll mat faarwesche Blieder. En Naturspektakel, vun deem een einfach muss profitéieren, fir mat de Kanner an de Bësch ze goen. Mat de Blieder kann een de Bësch kreativ dekoréieren an en dobäi besser kenneléieren.

D’Rubrik “Naturspill-Filmer” ass geduecht fir all Leit, déi mat Kanner schaffen, fir Familljen oder Pädagogen, déi no Iddie ronderëm d’Thema Natur sichen. Reegelméisseg gi Mini-Videoe gepost, an deene gewise gëtt, wat een mat einfache Mëttel esou alles am Bësch oder an der Natur ka maachen. Zil vun dëse Filmer ass et, d‘Kanner op spilleresch Aart a Weis fir d’Natur a seng Ëmwelt ze begeeschteren.

am Hierscht, Naturspill-Filmer, Trau dech an de Bësch |