Naturspill-Film: Bësch-Mikado

Mikado, e japanescht Wuert, bekannt op der ganzer Welt! Hutt Der Loscht an der Natur kreativ ze sinn? Hei eng gudd Iddi fir eng Aktivitéit, bei där ee seng Geschécklechkeet am Bësch kann trainéieren an dobäi vill Freed hunn.

D’Rubrik “Naturspill-Filmer” ass geduecht fir all Leit, déi mat Kanner schaffen, fir Familljen oder Pädagogen, déi no Iddie ronderëm d’Thema Natur sichen. Reegelméisseg gi Mini-Videoe gepost, an deene gewise gëtt, wat een mat einfache Mëttel esou alles am Bësch oder an der Natur ka maachen. Zil vun dëse Filmer ass et, d‘Kanner op spilleresch Aart a Weis fir d’Natur a seng Ëmwelt ze begeeschteren.

am Hierscht, Naturspill-Filmer, News @lu, Trau dech an de Bësch |