Naturspill-Film: 3D Memory

Eng Rutsch vun Objeten aus dem Bësch, e puer kleng Säckelcher oder al Strëmp a fäerdeg ass den 3D-Memory.

D’Rubrik “Naturspill-Filmer” ass geduecht fir all Leit, déi mat Kanner schaffen, fir Familljen oder Pädagogen, déi no Iddie ronderëm d’Thema Natur sichen. Reegelméisseg gi Mini-Videoe gepost, an deene gewise gëtt, wat een mat einfache Mëttel esou alles am Bësch oder an der Natur ka maachen. Zil vun dëse Filmer ass et, d‘Kanner op spilleresch Aart a Weis fir d’Natur a seng Ëmwelt ze begeeschteren.

am Summer, Naturspill-Filmer, Trau dech an de Bësch |