Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Vu laange Schnuffen a pickegen Daren (30/11/2017)

‘t ass erëm Zäit fir eng Natur[musée]geschicht. An haut geet et ëm déi mat de laangen Schnëssen a pickegen Daren. Wien ass dann domadder gemengt?.

Ma, do wiere mol fir d’éischt de Seejomëssebier an d’Äerdfierkel. Déi zwee hu mir nämlech relativ prominent an den Ausstellungen am Gronn ausgestallt, sou datt eigentlech kee se verpasse kann. Si stinn do e bëssi wéi wa se prett wiere fir op d’Familljefoto.

Si ähnele sech jo och!

This slideshow requires JavaScript.

Jo, virun allem wéinst där extreem laanger Schnuff. Mä, d’Fro, déi mir stellen, ass awer déi, ob eng staark Ähnlechkeet dann och tatsächlech op eng Verwantschaft hindeite kann? Well dat ass net onbedéngt esou. Besonnesch erfollegräich Eegeschafte sinn nämlech am Laf vun der Evolutioun e puermol entstanen, net just eng Kéier. Am Fall vun onsen zwee Gesellen hei ass et eben déi laang Schnuff an eng laang pecheg Zong. Déi brauche se nämlech allebéid fir hir Nahrung kënnen ze fänken, nämlech Termitten a Seejomëssen. Am Stambam vum Liewe leie se par contre e ganzt Stéck auserneen. An net nëmmen do: D’Äerdfierkel lieft just an Afrika, de Seejomëssebier a Südamerika.

Ass dat dann elo wéi bei de Flilleke vun de Flantermais an de Vullen? Déi erfëlle jo och de selwechten Zweck, sinn awer ganz aneschters opgebaut. Also kuerz gesot: Déi selwecht Fonktioun , mä en aneren Ursprong?

Genee. D’Experte schwätzen hei vu Konvergenz. An esou ähnlech Fonktiounen, wéi zum Beispill Fléien oder no Seejomësse sichen bei ganz verschiddene Gruppe vu Liewewiesen, nennt een analog. Esou Konvergenze sinn eng Äntwert vun der Evolutioun op ähnlech Erausfuerderungen oder Ëmweltbedingungen. De Géigendeel vun analog ass homolog. Hei entwéckele sech verschidde Formen aus engem gemeinsame Ursprong. Deng Hand gesäit sécher aneschters aus wéi de Flillek vun enger Flantermaus. Wann een awer e bëssi méi genee kuckt, da stellst de fest datt de Schankenopbau awer +- de selwechten ass. Just der Flantermaus hir Fangere si vill méi laang.

Ginn et nach aner Beispiller fir esou Konvergenzen?

Masseg an an alle Gréissten. Kuck mol, Vullen, déi Nektar friessen, hu sech e puermol onofhängeg vueneneen op verschiddene Kontinenter entwéckelt. An Amerika liewen d’Kolibrien, an Asien an an Afrika d’Nektarvillercher. Genetesch sinn et grondverschidden Vulletypen. Si gesi sech awer immens ähnlech. Et si liicht Vullen mat engem laange Schniewel, déi sech mat Deckelen iwwer den Nueslächer virum Anootme vu Polle schützen. Si kënnen och allebéid wéi Helikopteren op der Plaz schiewen a geschéckt tëscht de Bléie fléien.

Ginn et esou Konvergenzen dann och bei de Planzen?

Ma jo natierlech. Kaktussen an Euphorbien zum Beispill. Déi gesinn och ganz ähnlech aus. Echt Kaktusse stamen ausschließlich aus Nord- a Südamerika. Déi ganz Planz ass dorop ausgeriicht an dréchne Regioune mat wéineg Reen iwwerliewen ze kënnen, also sech géint d’Ausdréchnen ze schützen a Waasser sou gutt wéi méiglech ze stockéieren. Euphorbien gesinn de de Kaktusse ganz ähnlech, déi meescht Leit géife se wuel och als Kaktusse bezeechnen, si stamen awer aus Afrika a si botanesch gesinn eng ganz aner Grupp.

Natur[musée]geschichten, News @lu |