Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Ongläich Geschwëster (16/11/2017)

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio

Ass et méiglech, datt eppes aus genee deene selwechten Atome besteet an awer ganz aneschtes ausgesäit a sech aneschters verhält? Där Fro gi mir haut an der Natur[musée]geschicht op d’Spur. D’Äntwert läit heechstwahrscheinlech net wäit aus der Hand.

Mir schwätzen natierlech elo net vun engem Material wéi z. B. Plastik oder Gummi, deen duerch iergendeng mënschlech Aktivitéit ënnerschidlech geformt ginn ass, also am Stil Playmobilsmännchen gesäit aneschters aus wéi e Legomännchen. Hei kucke mir wierklech op d’atomar-molekular Zesummesetzung vum Stoff selwer a probéieren erauszefannen, wéi déi eenzel Atomen am Stoff een zum anere leien a sech verhalen. Kënnen et do Ënnerscheeder ginn, och wann d’Atomen all déi selwecht sinn? An d’Äntwert ass ganz kloer jo.

Da gëtt et bestëmmt dat passend Stéck aus der Sammlung vum Musée?

Fichier 16-11-2017 15 56 25Wéi et sech fir e Musée mat Sammlunge gehéiert! Z. B. dëst fauschtgrouss Stéck Graphit aus Sibirien. Dat ass renge Kuelestoff. Ma, dee kënnt an der Natur net nëmmen ënner Form vu Graphit vir, mä och ënner der Form vun …

Diamant?

Genee! D’Kuelestoffatomen, déi dës zwee ënnerschidlech Mineralien zesummesetzen, ginn allerdéngs ënnerenee vun ënnerschidleche Kräften zesummegehalen. Dat erkläert och, firwat se ganz ënnerschidlech Eegeschafte hunn: Den Diamant huet keng Faarf an ass transparent, hie ka brennen, mä ass awer och e vun den häerste Stoffer, déi et ginn. De Graphit ass schwaarz an opaque; hie fänkt net u mat brennen, mä duerfir ass hie besonnesch mëll.

Wéi erkläere sech dës Ënnerscheeder dann elo?

Ma, am Graphit sinn d’Kuelestoffatomen wabeförmeg a Couchen organiséiert, déi eng op der anerer leien. Innerhalb vun esou enger Couche sinn d’Atome staark matenee verbonnen. D’Verbindungskräften tëscht de Couchë si par contre ganz schwaach. Duerfir gëtt de Graphit jo dann och an Zeechestëfter oder Crayonen agesat. ‘t ass ganz intressant, e Stréch vun engem Crayon mol ënner dem Mikroskop ze kucken. Dee Stréch besteet tatsächlech aus elauter klenge Pailletten aus Graphit, déi vun der Minn ofbliederen an um Pabeier pechen bleiwen. De Graphit ass also e ganz mëlle Mineral, dee sech beim Upake dann och ganz fetteg ufillt.

Ganz aneschters wéi den Diamant also!

Jo, bei deem sinn d’Verbindungskräften tëscht den Atomen an allen dräi Richtunge ganz staark. Duerfir ass en immens haart a kann als Schläifmëttel z. B. a Buerkäpp agesat ginn. D’Konditioune bei der Formatioun vum Graphit a vum Diamant si jo och ënnerschidlech. De Graphit entsteet bei héijen Temperaturen an nidregem Drock bei der Verwandlung vu Sedimentgestengs, dat räich un organeschem Material. Den Diamant par contre entsteet ganz déif ënner der Äerduewerfläch (150 bis 200 Kilometer), also do wou den Drock an d’Temperaturen extreem héich sinn.

‘t ass bei de Mineralien also net vill aneschters wéi bei de Geschwëster doheem. ‘t ass plus minus dat selwecht dran, an dach si se verschidden.

Natur[musée]geschichten, News @lu |