Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Firwat Päerd net fléie kënnen (02/11/2017)

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio

No der ganzer Opreegung vun Ufangs der Woch, an där den ‘natur musée’ jo de spektakuläre fossile Skelett vun engem Plesiosaurier vu virun 180 Millioune Joer presentéiert huet, ass déi éischt Fro natierlech: Iwwer wéi eng Schanke schwätze mir dann haut?

Ma, keng Schank dës Kéier, mä virun allem eng Invitatioun un all Nolauschterer (a Lieser) sech bei engem nächste Besuch am ‘natur musée’ mol eng Kéier an onse Skelettscanner ze stellen a sech op d’Schanke fillen ze loossen, en erwuessene Mënsch huet der jo ëmmerhin 206.

 E Skelettscanner? An da kritt ee säin eegene Skelett gewisen?

Bon soe mir mol sou, ‘t ass eng Installatioun, déi et erlaabt, engem computeraniméierte Skelett a Liewensgréisst déi Beweegungen nomaachen ze loossen, déi ee selwer virmécht. Also wann s de danzt, dann danzt d’Skelett och, wann s de dech op de Kapp stells…

‘t geet virun allem drëms ze weisen, wéi beweeglech d’Schankegerüst am Kierper ass, mä datt et selbstverständlech och seng Limitten huet. ‘t däerf ee jo ni vergiessen, datt wéi alles aneschters och, ons Skelett d’Resultat vun enger Jormilliounen aler Evolutioun ass an op enger Zort Bauplang opgebaut ass, dee, wann e mol steet – dat heescht an de Gene festgehalen ass – nëmme ganz ganz schwéier ze änneren ass.

Dat dote muss elo awer mol méi genee erkläert ginn!

Majo, naturhistoresch Muséeën hu ganz oft vill Skeletter vun all méiglechen Déieren an hire Sammlungen. Do ginn et der, déi schwammen, anerer lafen, erëm anerer kënne souguer fléien. Dat sinn alles Upassungen un e bestëmmte Liewensraum an en Fonctioun vun deem sinn och d’Skleletter konfiguréiert. Elo ass et awer och sou, datt wann ee sech déi bëssi méi genee ukuckt, ee ganz séier Ähnlechkeeten am Schankenopbau tëscht all dësen Déiere feststellt. D’Evolutioun kann nämlech am Laf vun der Zäit nëmmen op dat opbauen, wat schonns do ass, also op e besteeënde Bauplang. Ganz aneschters also wéi en Ingenieur, dee fir seng Besoinen nämlech einfach alles nei zeechne géif. De grousse franséische Biolog François Jacob huet d’Evolutioun eng Kéier als e Bricoleur, also e Bastler bezeechent, deen eppes Besteeëndes nëmme liicht ëmännert oder eppes dobäifléckt. D’Haaptstruktur léisst en awer  sinn, soss géif alles zesummefalen.

… dat heescht also iwwerspëtzt, datt mir Mënschen eigentlech alleguerte Fësch sinn an engem gewësse Sënn.

Dat kann ee sou soen. D’Fësch waren déi éischt Déiere mat Wierbelsäil virun ongeféier 450 Millioune Joer. De Bauplang vun de Landwierbeldéieren, also dat sinn dann och Amphibien, Reptilien, Vullen a Mamendéieren gesäit dann zum Beispill nëmme 4 Gliedmoosse vir, fir sech fortzebeweegen. Duerfir bezeechnen d’Zoologë se och als Tetrapoden. Dat erkläert awer och, firwat e Päerd mat zousätzleche Flilleke wéi an der griichescher Mythologie net méiglech wäert sinn. Den Evolutiounsbauplang gesäit et einfach net vir.

Déi ganz Evolutioun vun de Knachefësch bis bei déi heiteg Déierewelt inklusiv dem moderne Mënsch gëtt iwregens dann och mat vill Objeten am Musée duergestallt. Dat alles kritt een iwregens och an engem wierklech coole Workshop d’nächst Woch während dem Science Festival gewisen. D’Participante ginn hei zu richtege Bricoleure vun der Evolutioun. Avis aux amateurs !

Natur[musée]geschichten, News @lu |