Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Kazemusik (19/10/2017)

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio

‘t ass rëm Zäit fir eng Natur[musée]geschicht an haut gëtt et anscheinend musikalesch. Mat weem hu mir e dann haut ze dinn?

Ma, mat elauter Prominenz: Dem Tom, dem Paulchen, der Grizabella, dem Simba, mä och de bescht Frënn vu prominente Leit wéi dem Jean-Philibert, d’Delilah, d’Kitty.

Muss een déi kennen? Loosse mer roden: Kazen a Kuederen?

Jo, mä musikalescher. D’Komponiste ware genee sou wéi d’Dichteren a Schrëftstellere jorhonnertelaang op d’Kaz als Beschützerin vun hire Wierker viru spatze Maiszänn ugewisen. An esou huet se sech mat hire Sammettepatten och tëscht d’Nouteschlëssele geschlach an et sech hei op den Tounleedere gemitlech gemaach. Aneschters ausgedréckt, vill Museker a Sänger hunn de Kazen mat hire Kompositiounen a Lidder en Denkmal gesat. Also dat zitt sech vun der klassescher Musik aus dem 16./17. Jorhonnert bis an d’21. Jorhonnert eran. Leit wéi Bach, Scarlatti, Rossini, Chopin, Tschaikowski, Prokofjew, Ravel, Andrew Llyod Webber, mä och Freddy Mercury, Yves Montand, Helge Schneider sinn hei ze nennen.

Wat huet dat elo mat de Natur[musée]geschichten ze dinn?

Kazemusik

Foto: Nicola Centenaro (CC BY 2.0)

Majo, wann ee sech wéi mir am Musée am Moment mat Kaze beschäftegst, grousser a klenger, da kënnt een natierlech net rondrëm, sech och mat Kazemusik, an zwar richteger ofzeginn an dat geet iwwer d’Schnurren, d’Fauchen, d’Miauen bis bei d’Brëllen vun de Grousskazen. Also och déi Geräischer, déi déi virdru genannte Museker probéiert hunn op iergendeng Manéier z’imitéieren. Hutt Der iwregens schonns eng Kéier e Puma brëlle gehéiert?

… e Puma? Da muss ee mol nieft engem stoen,fir dat feststellen ze kënnen?

Net onbedéngt. Also e Léiw, dee brëllt, kann ee bis 8 Kilometer wäit héieren. E Puma net! Aus deem gudde Grond, datt en iwwerhaapt net brëlle kann. An dat iwwerrascht. Wann ee bei ons duerch d’Ausstellung trëppelt, dat fält engem Puma och direkt op: grouss, muskulös, sprongbereet. ‘t ass jo iwregens och déi Kaz, déi am héchstens aus dem Stand sprange kann: Bis zu 5 Meter. Do soe sech déi meescht: Ma, dee kann op manst esou gutt brëlle wéi déi aner Grousskazen!

Mä stop!…de Puma gehéiert iwwerhaapt net zu de Grousskazen!

PumaGenee. An dat mécht den Ënnerscheed aus. D’Zoologen ënnerscheeden nämlech tëscht de Grousskazen wéi Léiw, Tiger, Leopard a Jaguar an dann de Klengkazen. De Puma ass déi gréisste vun de Klengkazen. Tëscht Kleng- a Grousskazen ginn et eng Rei vun Ënnerscheeder, an een ass eben deen, datt Klengkazen net brëlle kënnen. Dat huet eppes domadder ze dinn, datt d’Zongebeen an hirer Strass komplett verknachert ass. Dat vun de Grousskazen par contre ass elastesch, a wann dat vibréiert, erméiglecht et en haart Brëllen. Klengkazen kënnen dogéint onënnerbrach beim An- an Ausootme schnurren, Grousskaze kënnen nëmme beim Ausootme schnurren.

Ah, erëm eppes beigeléiert. Zum Schluss kënne mir awer nach séier verroden, wien dann elo déi prominent Kaze vu virdru waren?

Majo, do hätte mir mol den Tom Marley vun den Aristocats, de Pink Panther Paulchen, d’d’Grizabella aus dem Musical Cats, de Simba aus dem Lion King, d’Delilah ass dem Freddy Mercury seng Lieblingskaz gewiecht an d’Kitty miaut an engem Stéck vun de Presidents of the United States.

Natur[musée]geschichten, News @lu |