Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Als blanne Passagéier op Weltrees an den ‘natur musée’ (5/10/2017)

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio

‘t ass rëm Zäit fir eng Natur[musée]geschicht. An haut hu mir duerfir och e ganz spezielle Gaascht bei ons am Studio. Ganz europäesch gesäit dee jo net grad aus..

Jo, also dat selwecht huet d’Kollegin aus dem Mudam och gemengt, wéi si sech bei ons gemellt hat, fir nozefroen, wat dat kéint sinn.

Aus dem Mudam? Wat hunn dee mat liewege Schleeken ze dinn, well, bon, datt et e Schleek ass, an zwar en zimlech impressionnanten, kënne mir jo scho mol verroden.

Vun iwwermuer un ass am Mudam déi nei Expo Nested mat Wierker vun der lëtzebuergescher Artistin Su-Mei Tse ze gesinn. Fir dës Expo huet de Mudam scho virun enger Rei vu Wochen aus Taiwan e grousst Stéck Marber importéiere gelooss. An do souz en drop. D’Këscht, an där en dra war, war den 3. Juli zu Taipei verschëfft ginn. No Escalen zu Hong Kong, a Malaysien an dem Passage duerch de Suezkanal ass de Steen den 18. August zu Antwerpen ukomm.

Eng Weltrees also!

Majo, wéi de Steen dunn de 25. August am Mudam ukomm ass, hunn d’Kollegen natierlech net schlecht gestaunt. Si haten dunn och de gudde Reflex, e mol op e Stéck Zalot ze setzen a sech bei ons ze mellen, fir nom Schleekenexpert ze froen…

Schleek

… deen den ‘natur musée’ awer net huet.

Dee mir net hunn! Elo ass et awer sou, – an do fänkt d’Saach un intressant ze ginn – datt mir am Musée e spezialiséierte Labo hunn, deen ons et erlaabt genetesch Analysen ze man, fir esou ganz präzis kënnen Aarten ze bestëmmen. All Aart huet jo hir ganz eegen DNA, där hir Sequenz sech e bësse sou presentéiert wéi de Stréchcode op Artikelen am Supermarché, also ganz spezifesch ass. Mir schwätzen duerfir dann och vun DNA-Barcoding.

Huet de Schleek dann elo mussen dru gleewen, fir un d’DNA ze kommen?

Nee, an dësem Fall ass en Ofstréch vun der Haut duergaangen. D’Analys war och séier gemaach. Et gëtt och net déi ganz DNA gekuckt, mä just ganz speziell Stécker dovunner. Déi Sequenz, déi mir du kruten, hunn ons Leit dunn an eng international Datebank aginn, déi den Naturmusée och selwer hëlleft z’alimentéieren, d.h. och mir speisen hei Sequenzen an, vun Aarten aus onse Sammlungen, vun deene mir wëssen, ëm wat et sech handelt. An dësem Fall wousste mir elo net. D’Datebank fonktionnéiert dann e bëssi wéi de Scanner am Supermarché, deen ons de Präis ugëtt, wa mir him e Barcode presentéieren. Mir hate Chance. Iergendswou an der Welt, hat schonns ee Schleekenexpert d’DNA vun dëser Schleekenaart sequenzéiert an dat an d’Datebank agefiddert.

Tin Tin: An et ass…

Bon, konnt ee sech et och e bëssi denken: Et handelt sech effektiv ëm en Afrikanesche Riseschleek Achatina fulica, deen ee rondrëm de Indeschen Ozean fënnt. Déi kënne bis handgrouss ginn, ginn och geziicht, fir giess ze ginn, gëllen awer och als invasiv. Mä do wiere mir da schonns bei enger nächster Natur[musée]geschicht.

Natur[musée]geschichten, News @lu |