Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Wann e Mineral d’Zong eraustreckt (14/9/2017)

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio 

‘t ass rëm Zäit no der Summervakanz fir d’Natur[musée]geschichten. An hei war ons opgefall, datt mir an de leschten zwou Saisonen vill iwwer Déieren, Planzen, Fossilien an natierlech och Musée geschwat hunn – ‘t heescht jo net fir näischt “Natur[musée]geschichten – mä wéineg iwwer Mineralien. Gëtt et e Grond duerfir, well ‘t sinn der jo eng Jett an den Ausstellungen ze gesinn. 

Neen natierlech net, ausser vläicht, datt et méi einfach ass, iwwer eppes ze schwätzen, beim deem d’Nolauschterer sech direkt eppes Konkretes virstelle kënnen. Dat ass bei Mineralien tatsächlech net ëmmer esou evident, grad wann et drëms geet, d’Ausgesinn ze beschreiwen. ‘t soll awer elo och net dorunner scheiteren, well ‘t kann ee sech jo elo d’Stécker an déi nei Ausstellunge vum ‘natur musée’ ukucke kommen. Fir unzefänken, stelle mir einfach mol eent vun onse Lieblingsstécker aus de minerologesche Sammlunge vir.

Elo sinn ech awer gespaant. Wéi gëtt een dann iwwerhaapt zum Liiblingsstéck?

Ma, d’Stéck verbënnt vill vun deem, wat mir esou gären am Musée ausstellen. An der ganzer Mineraliesammlung ginn et tatsächlech zéchdausende Stécker: grousser, ganz grousser, mä dann och méi klenger, seelener, schéiner ëm déi mir beneid ginn. Mir hu vill Stécker aus dem Ausland, mä dëst hei ass zu Lëtzebuerg fonnt ginn, ganz genee zu Esch an dat gesäit een och.

Bob: Duerch dat rout Minettgestengs?

Ganz genee. An dat gesäit een och hei. U sech handelt et sech ëm déi fauschtgrouss fossil Reschter vun enger Nautilusschuel, déi vu banne mat ville Kristaller tapezéiert ass. Dat alles kënne mir leschtenends gesinn, well d’Schuel opgebrach ass.

IMG_1206

Wat en Nautilus ass, wësse jo déi meescht. ‘t ass en Déier, dat am Mier schwëmmt, mat den Tëntefësch verwant ass a genee esou wéi déi ausgestuerwen Ammoniten eng opgerullte Bausseschuel huet. Esou Nautilusse sinn et virun 170 Millioune vu Joren och an dëse Géigende ginn, wéi nach alles vu Mier iwwerdeckt war. Nodeems d’Déier gestuerwe war, ass et an deene Sedimenter fossiliséiert, déi spéider zum Minettgestengs gi sinn. Dat gesäit een eben doduerch, datt bausse vun der Schuel nach Reschter vun deem Gestengs ze gesi sinn, déi souzesoen och eng Zort Sockel vum Stéck bilden.

Dat huet jo elo awer méi mat Paläontologie ze dinn wéi mat Mineralogie?

Dat ass richteg, mä d’Fossilisatioun, also de Virgang wéi e Material vun engem Liewwiesen zum Steen gëtt, huet och vill mat Mineralogie ze dinn. A wat ass an onsem Fall mat onsem Fossil geschitt. Ma dat eidelt Bannenzecht vun onser Nautilusschuel war déi ideal Plaz, fir de Wuestem vu Kristaller, déi hei ouni Contraintë hir caracteristesch Form ausbilde konnten.

A wéi eng Mineralien handelt et sech dann hei?

Do huet ee mol eng wäiss Couche, wat näischt aneschters ass wéi banale Kalzit, mä dann och awer och kleng hellbrong Kristaller, déi sech zesummen e bëssi sou presentéieren, wéi wann s de deng Zong a kristalliséieren brongen Zocker gestach häss a wéi wann der d’Déier dës Zong erausstrécke géif. Och bei dëse Kristaller handelt et sech ëm Kalzit, just aneschters gefierft. An der Mëtt vun deem Ensemble trount dann eng exceptionnel perfekt brong Pyramid aus Rauchquarz. ‘t ass déi Verbindung vu Kristallentsstehung an e puer Etappen an engem fréieren Déier, déi d’Stéck leschtenends zu engem perkete Muséesstéck mécht, op dat mir richteg houfreg kënne sinn.

Natur[musée]geschichten, News @lu |