Naturspill-Film: Bëschbuedem siften

Wousst Der schonns, datt op d’mannst 100 Joer musse vergoen, bis sech 1 cm Buedem am Bësch entwéckelt huet? An datt an 0,3 m³ Buedem ongeféier 2,5 Billioune Liewewiesen liewen, dovunner ongeféier 1,2 Milliounen Déieren? Buedem gehéiert zu der Grondlag vun onsem Liewen a brauch duerfir besonnesche Schutz. Datt et net vill brauch, fir och Kanner ze weisen, datt Buedem net just Bulli ass, weist onsen neien Naturspill-Film. Gemengen, Schoulen an Associatioune kënnen iwregens beim Musée d’Wanderausstellung “Schatzkiste Boden” ausléinen, déi dat wichtegt Thema op eng flott Aart a Weis verdéift. Méi Info gëtt et hei: https://www.mnhn.lu/de/blog/2013/11/schatzkiste-boden-2/

D’Rubrik “Naturspill-Filmer” ass geduecht fir all Leit, déi mat Kanner schaffen, fir Familljen oder Pädagogen, déi no Iddie ronderëm d’Thema Natur sichen. Reegelméisseg gi Mini-Videoe gepost, an deene gewise gëtt, wat een mat einfache Mëttel esou alles am Bësch oder an der Natur ka maachen. Zil vun dëse Filmer ass et, d‘Kanner op spilleresch Aart a Weis fir d’Natur a seng Ëmwelt ze begeeschteren.

am Fréijoer, Naturspill-Filmer, News @lu, Trau dech an de Bësch |