Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Stärestëbs (13/7/2017)

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio

Mir sinn all Stärestëbs, heescht et zënter e puer Wochen am ‘natur musée’. Wat et domadder op sech huet, kréie mir haut an der leschter Natur[musée]geschicht virun der Summervakanz erzielt. Et geet nämlech e.a. op eng Jules-Verne-würdeg Rees matzen duerch d’Äerd, souzesoen zum Mëttelpunkt vun onsem Planéit. Fir Leit, déi nach net wëssen, wou se hir Summervakanz solle verbréngen, schéngt Dir jo eng richteg Alternativ ze sinn?

An eng net ganz ongeféierlech, wëll et wäert zimlech hëtzeg ginn an oft knallen! Wann een den Opbau vun der Äerd wëll verstoen, muss een natierlech , fir unzefänken, bis bei d’Ufäng vum Sonnesystem an de Planéiten zréckgoen. D’Material aus deem dës elo mol bestinn, staamt nämlech aus enger Stärenexplosioun, ouni déi et d’Sonn als méi jonke Stär an ons iwregens och haut net géif ginn. Viru ronn fënnef Milliarde Joer hu gigantesch Stëbswolleken déi jonk Sonn ëmkreest a sech no a no zu engem Réng verdicht, dann zu eenzelne Brocken an duerno zu Protoplanéiten. Gréisser Kierper hunn also méi klenger ugezunn, bis an onsem Sonnesytem Planéiten an aner Himmelskierper entstane waren. Wann een an d’Ausstellunge erakënns, gehéiert dat zu deenen éischten Inszenéierungen. Als Visiteur steet ee matzen an esou enger Planéiteformatioun dran, wou him aus alle Richtunge Gestengs entgéintgeflu kënnt, an dat ass schonns zimlech impressionnant.

Nodeems d’Äerd sech forméiert hat an de Beschoss aus dem All iwwerstanen hat, ass an de Jormillionen oder Jormilliarden duerno awer och kee Steen op dem anere bliwwen. Wéi eng Kräfte sinn dann duerfir responsabel?

Fir dat erauszefannen, muss ee sech fir d’éischt eemol mam Opbau vum Planéit beschäftegen an do komme mir elo bei déi faméis Rees bei de Mëttelpunkt vum Planéit. D’Saach ass just déi, datt esou eng Rees bis elo héchstens am Roman gemaach ginn ass. Déi déifste Buerung huet grad mol 15 km erreecht. Fir ze wëssen, wéi et bannen an der Äerd ausgesäit muss een also op indirekt Moossungen zréckgräifen.

Wéi eng wieren dat dann?

Duerch Erosiounsprozesser an tektonesch Unhiewunge ka Gestengs aus 25 km Déift no uewe bruecht ginn. Vulkanen kënne Material aus dem Äerdmantel aus enger Déift vu 400 km un d’Uewerfläch bréngen. Weider Indicë ginn duerch d’Miessunge vun de Vitessen vun Äerdbiewewelle geliwwert. Am méi dichten Äerdmantel lafen dës méi séier wéi an der manner dichter Äerdkuuscht. Mä och Meteorite ginn Hiweiser dorop, wéi et bannen an der Äerd ausgesäit. Et si jo Fragmenter vu Protoplanéiten, déi sech zu der selwechter Zäit wéi d’Äerd gebilt hunn.

Wéi géif d’Äerd sech dann elo an enger Coupe presentéieren, dat heescht wann ee se vun uewen no ënnen duerchschneide géif?

Do muss ee sech eng Piisch virstellen. D’Äerdkuuscht entsprécht der dënner Schuel, den Äerdmantel dem Frochtfleesch an de Kär dem Piischekär. D’Schichten ënnerscheede sech an hirer chemescher Zesummesetzung an hirer Dicht. Dat Material, dat am meeschten dicht ass, läit rondrëm den Äerdkär, manner dicht Material ass méi no un der Uewerfläch.

D’Äërdkuuscht besteet aus festem Gestengs an ass am Duerchschnëtt 50 km déck, dat ass nëmmen 1% vum Äerdradius. D’Experte ënnerscheeden hei och tëscht kontinentaler Kuuscht op där Kontinenter leien an där vill méi dënner a méi jonker ozeanescher Kuuscht. Duerch den Temperaturënnerscheed tëscht der Äerkuuscht an dem ganz waarmen Äerdkär fënnt am Äerdmantel eng Zirkulatioun statt. ‘t ass e bëssi wéi an enger Casserole Waasser, déi opgehëtzt gëtt. Gliddegt geschmoltent Gestengs klëmmt vun der Kär-Mantelgrenz erop, dat méi killt a méi dicht fällt erëm am ieweschte Mantel erof. Esou e Kreeslaf dauert vill Jormilliounen, an ass déi dreiwend Kraaft . déi leschtenends dozou féiert, datt Kontinenter auserneen dreiwen oder zesummeknuppen.

Natur[musée]geschichten, News @lu |