Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Wat een a kengem anere Musée ze gesi kritt

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio

An 11 Deeg maaachen déi permanent Ausstellunge vum ‘natur musée’ no bal 2 Joer Fermeture erëm op. ‘t ass haut déi lescht Natur[musée]geschicht virun der Reouverture. Ass alles prett?

Mir sinn elo am gaangen déi lescht Sammlungsstécker an d’Vitrine ze leeën an opzehänken, woubäi ee muss soen, datt laang net alles a Vitrinne läit, well mir wierklech dorop opgepasst hunn, de Besicher esou no wéi méiglech un d’Objete erunzekréien, sou datt tatsächlech e richtegt Feeling vun Entdeckung duerch natierleche Virwëtz opkomme kann. D’Zil soll jo och sinn, Loscht op d’Erfuerschung vun der Natur ze man.

Wat huet dann elo par rapport zu den Ausstellunge geännert, déi wuel déi meeschte Leit kennen, well se eng Kéier am Laf vun de leschten 20 Joer am ‘natur musée’  waren.

Soe mir mol sou: Bal alles, ausser natierlech d’Objeten aus de Sammlungen, déi jo nach ëmmer déi selwecht sinn. Also bal, well kommen der eng Jett dobäi. De ganze Reamenagement erlaabt et ons elo endlech iwwerhaapt déi ganz Villfalt vun de Muséessammlungen an der Vierdergronnn ze stellen an esou e komplett neie Bléck op d’Natur, hir Geschicht an  hir Erfuerschung duerch d’Wëssenschaftler bei ons am Haus z’erméiglechen. D’Ausstellunge solle méi si fir d’Leit wéi just e lackert Duerchspazéieren an Objeten ukucken. Dat soll natierlech och méiglech sinn, mä ‘t ass ons natierlech virun allem drëms gaangen, datt d’Expo dem Besicher hëllefe sollt komplizéiert Virgäng an der Natur besser ze verstoen. De Besicher sollt méi mat den Objeten interagéiere kënnen, a fir d’éischt eemol iwwerhaapt reagéiere kënnen. A fir dat z’erreechen, hu mir vill un der Szenografie misse schaffen.

Op wat muss ee sech dann elo gefaasst maachen, wann een an den ‘natur musée’ kënnt?

Dat geet schonns am éischte Sall un, an deem de Besicher Zeie vu “onméigleche” Rencontrë gëtt. De ganze Sall ass voll mat Koppele vun Objeten, déi een esou net zesummen an der Natur ka fannen, soit well se am Raum getrennt sinn, wéi de klengen Dikdik aus Afrika an de risege Bison aus Nordamerika, soit well se zäitlech getrennt sinn. Wat huet eng Tafelint mat engem T-Rex ze dinn? Majo ganz einfach, si si matenee verwant, genee esou wéi den Didik an de Bison. D’Aufgab vum Musée besteet eben doranner, Uerdnung an dës ganz Diversitéit vum Liewen ze bréngen. Mä dat geschitt elo net willkürlech. Mir weisen, datt et Verwandschaften ginn, bedéngt duerch eng laang Evolutiounsgeschicht. Well leschtenends si mir all just Stärestëbs, also Material aus engem Stär, dee viru Milliarde vu Joren explodéiert ass.

D’Evolutioun ass also e wichtegt Thema am ‘natur musée’?

D'Reconstitutioun vum eelste "Lëtzebuerger, de Loschbuer-Mënsch, ass prett fir d'Reouverture vun den neien Dauerausstellungen a waart just nach drop installéiert ze ginn.

D’Reconstitutioun vum eelste “Lëtzebuerger, de Loschbuer-Mënsch, ass prett fir d’Reouverture vun den neien Dauerausstellungen a waart just nach drop installéiert ze ginn.

D’Evolutioun ass eng Tatsaach! Also schwätze mir driwwer a mir weise se och, well mir als Musée och d’Beweisstécker hunn. ‘t ass net vun ongeféier, datt mir och am Kader vun onser Reouverturescampagne soen, datt mir datt ze bidden hunn, wat ee soss a kengem anere Musée ze gesi kritt. An dës Beweisstécker sinn d’Fossilien. Fossilien erënneren ons u vergaange Welten, un Forme vun Déieren a Planzen, déi op eemol do waren, dann iwwer eng laang Zäit de Planéit dominéiert hunn a dann awer och heiansdo erëm séier verschwonne sinn. Majo, am ‘natur musée’ gëtt een elo zum Zäitreisenden, deen an d’Virgeschicht zréckgeet. An déi grouss Etappe vun der Evolutioun spille sech virun den A vun de Besicher of. Net nëmmen datt se an engem Mier aus dem Devon stoe kënnen, dat et esou viru 400 Milillioune Joer hei zu Lëtzebuerg ginn ass, an an deem typesch Bwunner aus där Zäit erëmschwammen, wéi Trilobiten a Panzerfësch, mä si begéinen och den éischte Mamendéieren, dem eelste Lëtzebuerger, also dem Loschbour-Mënsch, mat deem se och zesummen e Selfie kënne maachen.

Mir hunn also esou zimlech alles gemaach, fir d’Naturgeschicht esou lieweg wéi méiglech ze man. Esou zimlech jidfereen, grouss oder kleng, jonk oder al, Wëssenschaftler oder net, wäert hei säint fannen.

Natur[musée]geschichten, News @lu |