Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Eng Pissblumm fir de Musée (1/6/2017)

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio

Wéini war Dir da fir d’lescht am ‘natur musée’? Um Enn vum Mount ginn do jo no bal zwee Joer Schantjen déi nei Dauerausstellungen endlech op. An déi, déi sech elo schonns Zäit geholl hunn, fir d’Ausstellung iwwer d’Kazen kucken ze goen, wäerte bestëmmt iwwerrascht un de Plafong gekuckt hunn, wéi se an d’Muséesgebai erakomm sinn. Do hängt nämlech zënter e puer Wochen eng riseg, mä wierklech riseg Bloossblumm.

Firwat dann elo esou eng Bloosblumm a keng immens Orchidee? Esou eng hätt jo eppes hir ginn.

Fichier 01-06-2017 07 58 52Jo, d’Bloosblumm, oder och d’Pissblumm, kennt sécherlech jidfereen, dofir schéngt se op den éischte Bléck wahrscheinlech net immens spektakulär. Mee genee dowéinst invitéiere mir de Visiteur mat dëser richteg grousser Bloosblumm, mol eng Kéier e bësse méi genee op eppes alldeeglech Banales ze kucken. Vum Stil aus gemooss, miesst si ëmmerhi gutt 6 Meter. All eenzel Somekär mat sengem typesche wäisse Fallschierm huet scho bal en halwe Meter. Dofir gesäit een tatsächlech och all Detail ganz genau. An ‘t ass jo den Detail, deen all eenzel Planz oder och Liewewiesen eenzegaarteg mécht. Dofir huele mir am Musée och mol méi banal Saachen ënner d’Lupp an entdecken esou komplett nei Welten.

Wéi gesäit d’Welt vun der Pissblumm dann elo ënner der Lupp aus? ‘t ass eng Blumm.

Ma eben net! D’Pissblumm ass net nëmmen ENG Blumm, och wann dat op den éischte Bléck esou ausgesäit. Et sinn a Wierklechkeet vill giel Zongebléien, déi wéi an engem Kierfchen zesumme stinn. Dofir gehéiert d’Pissblumm och zu der Famill vun de ‘Korbblütler’. Déi giel Pissblumm, déi déi meeschte Leit vun de Wise kennen, heescht iwregens op Latäin «Taraxacum officinalis». Deen Numm verréit eis, dass déi Planz schonn zënter laangem als Heelkraut an der Medizin agesat gëtt. Planzen, déi op Latäin den Numm «officinalis» derbäi hunn, ginn nämlech an der Medizin benotzt. D’Pissblumm huet vill Vitaminnen a Mineralien, z.B Kalium, an och Batterstoffer, déi den Appetit ureegen a bei der Verdauung hëllefen. De Kalium hëlleft d‘Blutt ze botzen a vill Pippi ze maachen. Dohier kennt och den Numm Bettseechesch. Dëst sinn déi frësch Blieder, ier d’Bléi ausschéisst, déi een an enger Zalot, also der Bettseecheschzalot, iesse kann. Mä domadder erzielen ech bestëmmt näischt Neits.

Also awer eppes Banales?

PissblummAbsolut net! Well Pissblumm ass net gläich Pissblumm. D’Botaniker hu scho längst erausfonnt, datt et vill ënnerschiddlech Taraxacum-Aarte ginn. An hir Klassifikation ass zimlech tricky. Eng vun hinne gouf an de 60er Joren hei an der Stad vum Lëtzebuerger Botaniker Léopold Reichling fonnt a vum Spezialist von Soest beschriwwen a klassifizéiert. Zu Eiere vum Leopold Reichling krut dës nei Aart dunn och säi Numm, sou datt se haut als Typus-Exemplar vun der Aart Taraxacum reichlingii am Herbier vum Musée ze fannen ass.

Wat ass dann elo en Typus-Exemplar?

Dëse Beleg ass de weltwäite Referenzbeleg, wat dës Aart ugeet. D’Aart ass fir d’éischt Kéier an der Geschicht op dësem Exemplar wëssenschaftlech beschriwwe ginn. Jidfer Wëssenschaftler, deen zum Beispill elo op der Gattung Taraxacum schafft an hir Diversitéit wëll beschreiwen, kënnt net dolaanscht, fir och op dësen Exemplar Bezuch ze huelen. Esou Typus-Exemplare droen zum wëssenschaftleche Räichtum vun enger Sammlung bei, ob dat elo an der Botanik, der Zoologie, der Mineralogie oder der Paläontologie ass. Well mir e klengt Land sinn, ginn et an onse Sammlungen net esou vill Typus-Examplaren wéi an de Sammlungen vun de ganz grousse Muséeën, wéi zum Beispill Paräis, London oder Berlin, mä och hei bei eis gëtt zënter ville Jore gesammlet, bestëmmt a klassifizéiert, an do ass esou munches zesummekomm. Vill vun deem ass dann vum 27. Juni un an den neien Dauerausstellungen ze gesinn. Net nëmmen d’Pissblumm.

Natur[musée]geschichten, News @lu |