Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Drôles de rencontres

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio

Virun dräi Deeg war d’Reouverture vun der neier permanenter Ausstellung vum ‘natur musée’. Déi leschte Kéier hate mir schon eng Kéier kuerz ugeschwat, wat et am Musée Neies z’entdecke gëtt. Et kann een anscheinend onméiglech Rencontrë maachen? Wat ass domat genee gemengt?

Dës Iddi vun den „Onméiglechen Begéignungen“ oder „Drôles de rencontres“ erlaabt dem Besicher, sech an eisem Introduktiounsraum mat der Fro vun eiser Hierkonft, eisem Stammbam an eise Verwandschaften auserneen ze setzen.

Fichier 29-06-2017 09 09 25Dofir ass dat éischt wat de Besicher erwaart, wann en an d’Expo erakënnt, d’Nostellung vum eelste Lëtzebuerger, dem Loschbour-Mann, dee virun 7500 Joer gelieft huet an deem säin Skelett och bei ons läit. E sëtzt an der Austellung op enger moderner rouder Fotell an invitéiert de Besicher sech nieft en ze setzen. Wéi et an eisem Musée Traditioun ass, erlabe mir dem Besicher sech richteg an aner Zäiten eranzeversetzen: E kann op der Fotell mat dem Loschbour iwwer déi 7500 lescht Joer Kultur a Natur zu Lëtzebuerg diskutéieren an als Ofschloss souguer e klenge Selfie maachen.

De Selfie mam eelste männleche Lëtzebuerger ass effektiv eng ongewéinlech Rencontre. Mä dat wäert net déi eenzeg sinn. Ginn et dann nach aner onméiglech Begéignungen a wéi eng?

Am Musée sinn effektiv nach ganz aner ongewéinlech Begéignungen ausgestallt : den Dikdik, eng Zwergantilop aus Afrika, kuckt sengem Verwandten, dem Bison aus Amerika op d’Zéiwen, d’Tafelint schwieft ongestéiert nieft dem Tyrannosaurus, se steet nu mol net um Dinosaurier sengem „Menü, mä a sengem Stambam“.

Op d‘Iddi vun den “Onméiglechen Begéignungen” si mir am Fong komm, well mir oft gefrot ginn : „Wat maacht Dir eigentlech am Musée?“ Dat ass natierlech eng wichteg Fro, déi mir duerch dës nei Austellung méi kloer beäntwerte wellen. Et geet an eisem Musée net nëmmen dorëms, schéi Vitrinen ze weisen, mä Uerdnung an d’Natur an och an eis Kollektioun ze bréngen, andeems mir Objekter zesumme bréngen, déi eigentlech duerch Raum oder Zäit getrennt sinn. An dat Ganzt gouf natierlech op eng interaktiv an humorvoll Aart a Weis gestalt.

Fichier 29-06-2017 09 14 55Zum Beispill ginn de Strauss an den Emu am Musée zesumme bruecht, obwuel a Wierklechkeet keng Chance besteet, datt béid Déieren sech an der Natur iwwer de Wee lafen. D‘Besicher sollen och net zécken, eemol d’Nues an d’Luucht ze strecken : Um Plafond hänken nämlëch e puer Krokodilen aus onser Sammlung, e bësschen wéi fréier an de Wunderkammeren aus dem 17. an 18. Joerhonnert. Iwwregens, firwat goufen fréier Objeten un de Plafond gehaang an firwat maachen mir dat nach haut? Ma ganz einfach: fir Plaz ze gewannen.

Hannërt der neier Ausstellung verstoppen sech also eng Rei Iwwerraschungen. Gëtt et dann en Highlight vun Ärer Austellung?

Et gëtt net nëmmen een Highlight, mä et ginn der immens vill (déi mir Iech haut net all wäerte verrode kënnen). D’Konzept vun den Ausstellungen hat zum Beispill verlaangt, datt den Astrosall erëm zeréckféiert an de Sall vun der Entstehung vun der Äerd. Den Ausstellungsgestalter hat et am beschte geschéngt, den éischten an den leschten Expossall mat enger Rutschbahn ze verbannen. Dat huet eise Besicher bei der Inauguratioun och scho gutt gefall an ass natirlech och fir d‘Personal praktesch. Symbloesch verwandelt de Besicher sech hei a Stärestëbs a gëtt duerch eng Stärenexplosioun an de nächste Raum projezéiert. Well dës Rutschbahn erëm op den Ufank vun der Ausstellung geet, schléisst de Krees sech domat ganz logesch.

Fir all déi Leit, déi also op ongewéinlech Rencontren aussinn, profitéiert an dëser Woch dovunner, well den Entrée an de Musée ass dës Woch fräi.

(Text: Christine Muller, MNHNL)

Natur[musée]geschichten, News @lu |