Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Wëll Kazen – Net nëmmen an Afrika (18/5/2017)

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio

Am ‘natur musée’ geet den 19. Mee eng Ausstellung iwwer eng Famill vun Déieren op, déi eigentlech keen esou richteg kal ka loossen. Dat weist alleng schonns Tatsaach, datt se den 8. August en eegenen internationalen Dag hunn. D’Ried ass hei selbstverständlech vun de Kazen. Am Kader vun onsen Natur[musée]geschichten stelle mir dann haut och déi eenzeg wëll Kaz vir, déi et am Moment hei zu Lëtzebuerg gëtt.

Muss een also net bis an Afrika fueren, fir eng wëll Kaz ze gesinn?

Nee, also dat wierklech net. Mir schwätzen hei natierlech elo iwwer d’Wëllkaz, obwuel och nach bis virun 2 Jorhonnerten de Luchs bei ons gelieft huet, deen allerdéngs komplett ausgerott ginn ass.

fullsizeoutput_7122

D’Wëllkaz gëtt och an der neier Ausstellung “Alles fir d’Kaz” am ‘natur musée’ virgestallt.

D’Wëllkaz par contre huet et geschafft an de leschte Jorzéngten erëm uerdentlech Bestänn opzebauen. Mir ginn haut vu 60-200 fräiliewende Wëllkazen hei zu Lëtzebuerg aus. Si bleift trotzdeem eent vun de bedrohteste Mamendéieren hei am Land. Dat kënnt dovunner, datt se eng typesch Aart vun naturnoe Lafbëscher ass, déi net duerch Stroossen zerschnidde sinn. Dat ass tatsächlech e Problem. Esou sinn zum Beispill an de leschten 10 Joer zu Lëtzebuerg wahrscheinlech bal 20 Wëllkazen eleng duerch den Autosverkéier gestuerwen. Muss ee sech virstellen, datt Wëllkaze e Revéier vun 300 -1.000 ha Bëschliewensraum brauchen. Fir Mais ze joen an dëst Revéier géint aner Kazen ze verdeedegen leeft eng Wëllkaz all Nuecht e puer Kilometer. Telemetriesaarbechten un 11 Wëllkazen am Kader vun engem Fuerschungsprojet vum Musée hunn zum Beispill erginn, datt dat hei zu Lëtzebuerg eng Moyenne vun 2,2 Kilometer mat Héchstwäerter vun +- 4 km duerstellt. An op der Sich no engem neie Revéier oder engem Partner kann d’Wëllkaz esouguer bis zu 100 km zréckleeën!

Ginn et dann nach aner Bedrohungen, déi der Wëllkaz zousetzen?

Ben, fir et mol esou auszedrécken: Si muss oppassen, mat weem se rëmmécht, dat heescht, wie se sech als Partner eraussicht.Wëllkaze kënne sech nämlech och mat Hauskaze kräizen a fortpflanzungsfäheg Nokommen zeugen. An esou Blendlinge sinn da keng echt Wëllkaze méi, also op alle Fall vun engem genetesche Point de vue aus gesinn. Am Extremfall ka ee sech esouguer virstellen, datt déi echt Wëllkazen esou am Laf vun der Zäit ëmmer méi seele ginn.

Wéi kann een dann elo eng Wëllkaz vun enger getigerter Hauskaz ënnerscheeden. Ginn et iwwerhaapt an hirer Anatomie charakteristesch Mierkmoler?

Jo, déi ginn et schonns. Leider sinn Observatiounen um Terrain meeschtens nëmme sou kuerz, datt een iwwerhaapt keng Detailler erkenne kann. Typesch Mierkmoler sinn zum Beispill eng verwäsche, grolech bis fahlgiel Grondfaarf, en éischter kuerze Schwanz mat zwee däitlech schwaarze Réng an enger stomper Spëtz. Dann och eng opfälleg schwaarz Réckesträif, eng hell fleeschfaarweg Nues a wäiss Schnauzhoer. Hir Schnëss ass méi orange, an den Ënnerkiefer an d’Broscht normalerweis wäiss. Un engem doudegen Déier gesäit een dat natierlech schonns besser. Sou hu se och e gréissere Schiedelvolume, e méi kuerzen Daarm. Dat huet eppes domadder ze dinn, datt d’Iwwerliewen an der fräier Natur de Wëllkazen einfach méi ofverlaangt, wéi dat gemittlecht Liewen vun der Haukaz. De kuerzen Daarm ass eng Upassung un e méi ofwiesslungsräiche Kascht. ‘t ass och d’Relatioun tëscht Daarmlängt a Kierperlängt, déi erlaabt, kloer tëscht Wëllkaz an Hauskaz z’ënnerscheeden.

Staamt d’Hauskaz dann elo awer vun der Wëllkaz of?

Jo, mä net vun där aus onse Bëscher, wëll datt ass nämlech eng echt Europäerin. Ons heiteg Hauskazen, also déi bei ons doheem op der Fotell hiren Tëmmchen halen, stamen allerdéngs vun der Afrikanescher Wëllkaz of. ‘t muss ee wëssen, datt et nämlech e puer Ënneraarte bei der Wëllkaz ginn, déi esou e risegt Gebitt bewunnt, wat sech vu Westeuropa iwwer Zentralasien bis a China a südlech bis Südafrika erstreckt. Genetesch Analysen hunn erginn, datt d’Hauskaz ganz wahrscheinlech vum Noen Osten, also Ägypten mat Hëllef vum Mënsch an d’ganz Welt komm ass. Et geet een dovunner aus, datt déi éischt Hauskazen virun ongeféier 9000 Joer entstane sinn. Mä dat ass dann erëm eng aner Geschicht.

Wilde Katzen in LuxemburgWann Der also méi iwwer d’Wëllkaz an iwwerhaapt déi ganz Famill vun de Kaze wëllt gewuer ginn, da maacht Iech vum 19. Mee un un op de Wee an de Musée. Vun der klengster Kaz bis den Tiger si se hei all ze gesinn. Dir kënnt Iech awer och ons Informatiounsbroschür iwwer wëll Kazen zu Lëtzebuerg HEI eroflueden. Nieft ganz vill Informatiounen iwwer d’Wëllkaz, gitt Der och sou munches iwwer de Luchs gewuer.

Natur[musée]geschichten, News @lu |