Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Maacht mat bei der Aktioun Päiperlek (4/5/2017)

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio

Déi éischt fléien erëm. D’Ried ass vun de Päiperleken, déi een elo erëm observéiere kann, wann ee mat oppenen Aen duerch d’Natur trëppelt. D’Natur[musée]geschicht vun dëser Woch geet do driwwer, wéi jidwer eenzelnen dobaussen hëllefe kann, si mat z’erfuerschen.

Päiperleken z’observéiere mécht jo vill Freed. Mä natierlech wëll ee jo och wëssen, wéi e Päiperlek dann elo grad laanscht geflunn ass. ‘t ass jo net jiddwereen e Spezialist.

18077352_995298820605444_7339040516552510685_o‘t ass wichteg, datt bei der Aktioun Päiperlek jidweree ka matmaachen, deen an der Natur ënnerwee ass, sief dat beim Spazéieren oder beim Schaffen am eegene Gaart. All Donnée zielt!. Fir unzefänken huet den ‘natur musée’ duerfir an Zesummenaarbecht mam Naturschutzsyndikat SICONA eng kleng Bestëmmungshëllef fir zeng heefeg an erkennbar Päiperleksaarten ausgeschafft (Amirol, Dagpohunnan, Zitrouneblat, Dëschelpäiperlek, Schachbriet…). Dat Ganzt presentéiert sech ënner Form vun engem Flyer, deen ee beim ‘natur musée’ oder beim SICONA ufroen oder och um Internet erofluede kann.

Et ginn der jo awer vill méi, wéi just dës zeng Aarten?

Dat jo! Also zu Lëtzebuerg liewen haut nach 86 Aarte vun Dagpäiperleken. D’Halschecht dovunner ass bedrot. D’Grënn dofir sinn och bekannt: ‘t ass den direkte Verloscht vun hire Liewensraim duerch d’Bebauung, d’Verschwannen vun hire Nahrungsplanzen duerch déi ze staark Düngung vu ville landwirtschaflech genotzte Flächen, mä och duerch déi ëmmer méi steril Gestaltung vu private Gäert.

Besonnesch bedenklech ass d’Tatsaach, datt net nëmme seelen oder spezialiséiert Aarten no an no aus onse Landschafte verschwannen, mä och wäit verbreeten Aarten ëmmer méi seele ginn. Deem gi mir gären op d’Spur. Well Päiperleke sinn wichteg fir d’ekologescht Gläichgewiicht: als Bestäuner, mee och als Nahrungsquell fir Vullen an aner Déieren. A virun allem: wat wier e Summer ouni si. ‘t wier definitiv manner faarweg.

‘t muss also eppes gemaach ginn, fir dëse faszinéierenden Déieren och laangfristeg eng Iwwerliewenschance ze bidden. Wat kann dat sinn?

D’Aktioun Päiperlek ass och eng Campagne, déi sech souwuel un d’Ëffentlechkeet wéi och un d’Gemenge riicht, déi Member beim SICONA sinn. Zesumme ginn hei ënnerschidlech Mesurë ergraff, déi de Päiperleken hëllefe kënnen. Dat kann d’Uleeë vun naturnoe Gréngfläche duerch d’Seeë mat Wëllblummen sinn, dat kann d’Uleeë vu Päiperleksgäert sinn, dat kann eng päiperleksgerecht Fleeg vun de Feldweeränner sinn oder och eng Renaturéierung vun aartenaarme Wisen.

A wéi kann een dann elo als Privatpersoun bei Ärer Aktioun hëllefen?

Ma ganz einfach. Wann een e Päiperlek observéiert an e mat Hëllef vum Flyer bestëmmt huet, notéiert ee sech einfach d’Plaz, wou een e gesinn hues. Da geet een op d’Maach-mat-Säit um Internet (genee: http://data.mnhn.lu/maach_mat), déi extra duerfir ugeluecht ginn ass a gëtt seng Observatioun an. Hei kritt een natierlech nach e ganze Koup vun aneren Informatiounen zu de Päiperleken, déi gesicht ginn.

AktiounPaiperlekErgebnisse2016

Resultater 2016 vun der Aktioun Päiperlek. Dropklicken, fir ze vergréisseren (pdf)

Op déi Aart a Weis sinn am Joer 2016 am Ganzen 723 iwwerpréifte Meldunge op der Säit gemaach ginn. Esou kritt ee schonns e gudden Iwwerbléck, iwwer dat, wat esou rondrëm flitt, virun allem wann een d’Aktioun reegelméisseg iwwer d’Jore widderhëlt.

Uncategorized |