Visites guidéeën bei Lorblummen am Kiischpelt op Ouschterméinden

aipl-Lorblumm_am_KiischpeltAll Joer ëm Ouschtere bléien am Kiischpelt an der Lellger Baach d’Lorblummen. Déi meeschte kenne si als Ouschterblummen (op Däitsch: Narzissen, op Franséisch: jonquilles, op Gescheit: Narcissus pseudonarcissus). Si heeschen awer zu Lellgen „Lorblummen“, well am lieu-dit “am Lohr“ dat eenzegt grousst Virkommen vun der Ouschterblumm hei zu Lëtzebuerg ass. Et gëtt nach e puer klenger Statiounen z. B. zu Boukelz an zu Housen , mee déi sinn net ze vergläichen. Dë Statioun vun der Lorblumm ass zënter laangem bekannt, war eng Zäit a Gefor, mee ass elo integral geschützt an e richtegen Bijou vun der Lëtzebuerger Natur.

Wéi zënter Joerzengten organiséieren d’Blummefrënn vu Lellgen, d’Naturverwaltung an den ‚natur musée’ dofir och dëst Joer op Ouschterméindeg (17.4.) nees d’Fest vun der Lorblumm.

Um 10.15 an um 15.15 Auer invitéieren d’Naturverwaltung an den ‘natur musée’ op eng Visite guidée bei d’Lorblummen. (Guiden: Paul Kremer a Georges Bechet). RV bei der Lellger Kierch, mir waarden op d’Navette, déi d’Leit vun der Gare vu Wëlwerwolz op Lellgen bréngt. Den Tour dauert ongeféier 2 ½ Stonn. Gutt Schong si noutwendeg. Fir Kannerkutschen ass den Tour leider net gëeegent. Et brauch ee sech net unzemellen.

Soss Intressantes |