Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Op de Spure vun der Zäit (20/04/2017)

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio

D’Zäit begéint ons an der Stad op Schrëtt an d’Trëtt. D’Zäit selwer? Neen, natierlech net, mä si huet iwwerall Spuren hannerlooss. An déi ze sichen, mécht en Heedespaass. Fir ons bei dëser Sich ze hëllefen an e puer Indicen ze ginn ass am Kader vun den Natur[musée]geschichten d’Michelle Schaltz vum ‘natur musée’ sengem Science Club op Besuch am Studio. Firwat da grad eng Geschicht iwwer d’Zäit?

Ma well mir ons am Science Club, dat heescht mat Jonker vun 11 bis 18 Joer, och mol déi eng oder aner Kéier mat dësem Thema beschäftegen. An ‘t ass jo och wichteg, virun allem an dësem Alter, wou déi meeschten och beim Spadséiergang duerch d’Stad léiwer permanent op hire Smartphone kucken, amplaz mol heiansdo hir Nues an d’Lut ze strecken. A grad an der Stad gëtt et do an den Héichten nach esou munches z’entdecken, wat een op den éischte Bléck net direkt gesäit.

Zum Beispill d’Chronogrammen op enger Rei vun eelere Gebaier wéi dem Palais oder och dem Hospice Saint-Jean, d’Gebäi wou den ‘natur musée’ dran ass. Mä ueschter d’Stad ginn et natierlech nach eng ganz Rei aner där Chronogrammen.

D’Chronogrammen si jo déi Tafelen, mat engem Text op Latäin, an deem en Datum verstoppt ass, deen een doduerch erausfanne kann, andeems een d’latengesch Zifferen, déi bei de Réimer jo och Buchstawe waren, zesummezielt?

 Jo genau. Beim Chronogramm um ‘natur musée’ kënnt zum Beispill d’Joer 1674 eraus. ‘t ass an deem Joer, wou den Neibau vum Gebai ofgeschloss ginn ass. E puer Joer méi spéit ass et dunn awer schonn nees duerch d’Bomme vun de Franzousen ënnert dem Louis XIV zerstéiert ginn.

Naturmusee_niche

Foto: PlayMistyForMe, Wikipedia, CC BY-SA 1.0

Et gëtt dann awer och en Zäitmoosser bei Iech am Musée, deen d’Zäit nach méi präzis kann uginn. Allerdéngs ass deen e bëssi méi verstoppt, net?

Domadder ass bestëmmt ons Präzisiounsssonnenauer am Muséesgaart gemengt. Jo, déi weist tatsächlech d’Zäit op d’Minutt genee un, an dat souwuel fir d’Summer- wéi och fir d’Wanterzäit. Dat ass eng speziell Commande, déi fir eng Ausstellung iwwer d’Zäit bei ons am Musée gemaach gouf. Den Hiersteller vun dëser Sonnenenauer huet déi genee geografesch GPS-Koordinaten vun hirer finaler Positioun gebraucht, fir hir Präzisioun kënnen ze garantéieren. Den Nodeel ass natierlech, datt se ouni Sonn net funktionéiert.

This slideshow requires JavaScript.

Esou Sonnenauere si natierlech immens faszinant. Eng aner flott gëtt et jo zum Beispill um fréiere Gebai vum Ausseministère, an der Ënneschtgaass, dem fréiere Refugium vun der Maximinabtei vun Tréier. Mä wéi gesot, esou e Bijou gesäit ee just, wann ee och mol heiansdo bis an d’Lut kuckt.

Méi offensichtlech sinn da schonns Tuermaueren!

Jo, déi fënnt een dann och bal iwwerall: op der Kathedral, um Palais, um Cercle, um Tuerm vun der Spurkeess. D’Tuermaueren an d’Klacke waren effektiv vum Mëttelalter un ganz laang de Leit hier eenzeg Méiglechkeet, fir ze wëssen, wéi vill Auer et war.

Déi éischt Tuermauer an der Stad war iwregens an der Nikloskierch ënnerbruecht, déi am Mëttelalter um Krautmaart stoung an déi et haut awer net méi gëtt.

An da ginn et leschtenends déi méi subtil Zäitindikateuren, déi engem weisen, datt d’Zäit stänneg weiderleeft.

Richteg. An dat si bal déi meeschten. Zum Beispill d’Stärekreeszeechen iwwer der Paart vun der Kathedral op der Säit vum Boulevard Roosevelt. Si weisen de Laf vun der Sonn am Joer  un. Dann awer och d’Zerstéierung vun de Sandsteefiguren op der Kathedral duerch de saure Reen. Hei mécht sech de Laaf  vun der Zäit besonnesch gutt bemierkbar.

Déi ganz laang Zäite gesäit een dann natierlech an de Couchë vum Lëtzebuerger Sandsteen am Péitrussdall oder och ënnen um Bockfiels.

Mir hoffen, datt mir Iech mat dëser Naturmuséegeschicht e bëssi Loscht drop gemaach hunn, och mol no esou Zäitspuren an der Stad ze sichen. A fir Jonker bitt de Science Club dann och den 1. Juli nach e Workshop zum Thema Sonneaueren un, an deem gewise gëtt, wéi een esou Instrumenter baut. Et si nach Plaze fräi. HEI klicke fir méi Infoen an Umeldung.

Natur[musée]geschichten, News @lu |