Natur[musée]geschichten op RTL Radio: DNA-Detektiven am Musée (6/4/2017)

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio

D’Aarbecht an engem Musée kann och mol eng Kéier richteg Detektivaarbecht sinn. An eiser Natur[musée]geschicht geet et ëm e geheimnisvolle Juegdaccident, deen an de Laboe vum ‘natur musée’ ënnersicht gouf. Op Besuch am Studio ass de Chercheur Alain Frantz aus dem ‘natur musée’, deen dëse Fall léise konnt. Dat ass am Prinzip elo awer net Är Haaptbeschäftegung?

alainfrantzAlain Frantz: Ma nee, ech sinn u sech Conservateur vun de Wierbellousen um Musée. Ech maachen awer och vill Fuerschung iwwer d’Genetik vu wëllen Déieren. An ‘t ass och dowéinst, firwat mir vun däitsche Jeeër kontaktéiert gi sinn, fir bei engem däregen Dossier ze hëllefen. ‘t war nämlech esou, datt op enger Klappjuegd e Juegdhond ugeschoss ginn ass, dee méi spéit u senge Verletzunge gestuerwe ass. Well sech de Schëllegen net gemellt huet, si mir gefrot ginn, fir erauszefannen, wie responsabel war.

Wéi kann een dann elo esou e Fall mat enger genetescher Analys léisen? 

Alain Frantz: Ma dat war méiglech, well den Déierendokter an der Wonn vum Hond Hoer vun engem Wëllschwäin fonnt huet. Doraus ass gefolgert ginn, datt de Jeeër mam Schoss fir d’éischt op d’Schwäin geschoss huet,  d’Kugel awer duerno och den Hond getraff huet, deen hannert dem Schwäin war. Well kee sech gemellt huet, si mir vum Labo vum ‘natur musée’ gefrot ginn, fir vun all geschossenem Wëllschwäin e genetesche Fangerofdrock ze man. Dat ass e bëssi wéi déi ganz perséinlech, eenzegaarteg Matriculesnummer vun all Déier.

Dann hutt Der jo bestëmmt och dat selwecht mat den Hoer vum Schwäin gemaacht, déi am Hond fonnt goufen?

Alain Frantz: Genee. ‘t ass e bëssi wéi beim Krimi um Fernseh. Mir hunn déi genetesch Fangerofdréck matenee verglach an esou erausfonnt, vu wéi engem Schwäin d’Hoer aus der Wonn vum Hond komm sinn. Déi Informatiounen hu mir un d’Forstamt an Däitschland weidergeleet. Well jo normalerweis bekannt ass, wien op enger Klappjuegd wat geschoss huet, konnte se de schëllege Jeeër identifizéieren. (D’wëssenschaftlech Publikatioun doriwwer kann een hei noliesen: Identifying a hunter responsible for killing a hunting dog by individual-specific genetic profiling of wild boar DNA transferred to the canine during the accidental shooting)

Wou kommen genetesch Analysen dann elo nach bei Iech am Musée vir?

Alain Frantz: Mir kucken ganz vill, wéi sech d’genetesch Diversitéit vun Déieren a Planzen iwwer d’Zäit a Raum verännert. Dat kann zum Beispill fir den Naturschutz ganz wichteg sinn. Hei kann och d’Sammlung vum ‘natur musée’ immens nëtzlech sinn, well mir do Déieren conservéieren, déi iwwer déi lescht Jorzéngten gesammelt goufen. An och aus deene kënne mir nach ëmmer ganz oft DNA isoléieren an ënnersichen.

Dat gëllt jo elo awer net nëmme fir bedrohten Aarten, well wann Dir vun de Jeeër kontaktéiert gi sidd, da schafft Dir jo bestëmmt vill op Wëld?

IMG_5330

D’Juegdtrophäesammlung vum Musée

Alain Frantz: Dat maache mir effektiv, mä do feelt et leider nach u genuch alem Material an onse Sammlung. Duerfir dësen Opruff un d’Leit dobaussen: Wa si nach Juegdtrophäen vu Wëllschwäin, Hirsch a Réi um Späicher leien hutt, déi si gäre wëlle lass ginn, da kënne si sech bei ons am Musée mellen. Mir huele se gären of. Mir kënne nämlech och aus deenen nach genetescht Material isoléieren. Am léifsten hu mir natierlech, wann och nach drop steet, vu wéini a vu wou d’Déier hirkënnt. ‘t geet drëms virun allem Material hei vu Lëtzebuerg ze hunn.

Intresséiert Leit kënne sech beim Alain Frantz am ‘natur musée’ um Tël. 46 22 33 200 oder iwwer mellen. 

Natur[musée]geschichten, News @lu |