Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Eng Jëfferchen am Steen (23/3/2017)

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio

Muséessammlunge si richteg Schatzkummeren, déi nach esou munch Iwwerraschunge enthalen. Gallodorsettia kronzi heescht déi lescht, déi mir dann elo an der Naturmuséegeschicht virgestallt kréien. Wie verstoppt sech dann elo hannert dësem Numm?

Gallodorsettia kronzi ‘t ass tatsächlech e flott Beispill vun de “Schätz”, déi an onse Sammlunge conservéiert ginn. An dësem Fall kéint een och soen, datt et geschlummert huet, ier et dunn entdeckt gouf.  ‘t ass elo sou, datt de 7. Mäerz vun dësem Joer um Internet  en neie wëssenschaftlechen Artikel publizéiert ginn ass, an zwar vun engem vun onse Paläontologen, dem Roby Weis an dem André Nel vun de Kollegen vu Paräis, an dat iwwer d’Insektewelt vum lëtzebuergesche Toarcien. Den Toarcien ass e geologesche Zäitabschnitt virun 185 Millioune Joer. An an deem Artikel beschreiwe si eng komplett nei Gattung an Aart vun enger fossiler Jëfferchen, där se den Numm Gallodorsettia kronzi ginn hunn. D’Jëfferchen ass an dësem Fall eng Verwante vun der Libell, déi sech doduerch auszeechent, datt se hir Flilleken a Rouepositioun laanscht den Hannerkierper zesummeleeë kann.

Gallodorsettia héiert sech elo jo och nach wëssenschaftlech laténgesch un, mä Kronzi…? Wéi kënnt se dann zu deem Numm?

TU847_s_cropDen Numm krut se zu Eéiere vun engem wëssenschaftleche Mataarbechter vum Musée, dem Guy Kronz, deen dëst Stéck an den 90er Jore fonnt huet, an zwar bei enger Fouille um deemolege Schantjen vun der Collectrice du Sud, op der Bretelle Féitz. En huet Stéck dunn dem Musée als Don vermaacht, well en och direkt gesinn huet, datt dëst Stéck eppes méi Spezielles kéint sinn, well ‘t war e Flillek schéint drop z’erkennen. Et krut du fir d’éischt eemol d’Sammlungsnummer TU847 a loung du mol an de Kollektiounen ze schlummeren.

Esouzesoen eng Zort Dornröschen-Schlof vu bal 20 Joer. Mä datt et eng nei Aart wier, hat een deemools awer och nach net geduecht. Wéi ass et dann elo zu dëser Entdeckung komm?

Ganz einfach! Dat richtegt Stéck ass de richtege Moment bei de richtege Spezialist op den Dësch komm. Mir hu jo schonns e puermol hei opmierksam gemaach, datt mir am gaange sinn ons Dauerausstellunge nei ze man. An eent vun den Themen an dësen neien Ausstellungen ass d’Eruewerung vum Loftraum. Déi éischt Liewewiesen, déi en aktive Fluch entwéckelt haten, waren eben Insekte viru ronn 400 Millioune Joer. Vill Leit hunn hei dat Bild am Kapp vun der Riselibell Meganeura, déi an der Karbonzäit virun 350 Millioune Joer duerch d’Bëscher geflunn ass. Also dat war e Béischt mat enger Flillekspaaanwäit vu 70 cm. Elo hu mir leider keng esou als Fossil an onse Sammlungen, mä duerfir awer aner Insekten- respektiv Libelleflilleken, déi mir fir d’Vermëttlung vun dësem Thema gutt benotze kënnen. Bei der Sich an de Sammlungen ass duerno och erëm onse Fossil opgetaucht. Et war dunn natierlech de Moment sech déi dann och genee bestëmmen ze loossen, an déi Aarbecht ass vum Paräiser Systematiker André Nel gemaach ginn, dee schonns op der Foto vum Flillek erkannt huet, dat et sech ëm eppes Neits a souguer Eenzegaarteges géif handelen.

A wéi kann ee sech dann elo d’Landschaft virstellen, déi zur Zäit vun dëser Jëfferchen, also am Toarcien, existéiert huet. Esou wéi haut?

Neen, awer och guer net! Wuel éischter wéi eng Plaz, wou jidwereen direkt ënnerschreiwe géif, fir an d’Vakanz ze goen: Also e waarmt Klima mat enger tropescher Vegetatioun aus Bamfarnen, eng Plaz no un der Küst, bëssi lagunenaarteg, mat nidregem a rouegem Waasser. Dat ganzt Ardennemassiv vun haut war u sech eng grouss Insel an ‘t ass och eng Zäit gewiecht, an där Pole praktesch äisfräi waren.

Wat mécht dann elo de wëssenschaftleche Wäert vun dësem Stéck aus?

‘t ass déi éischt Kéier, wou esou eng Jëfferchen-Gattung hei an Europa fonnt gouf. Aus Südostasien fënnt een ähnlecher direkt an Oflagerunge vu Séisswaasser, also Bannegewässer, wat och de reelle Liewensraum vun dësen Déiere war. An onsem Fall ass d’Jëfferchen oder de Flillek alleng allerdéngs duerch Wand a Waasser verdrift ginn, a Mieressedimenter geroden, hei séier vu Faulschlamm iwwerdeckt ginn an esou fossiliséiert. Mir fannen tatsächlech ni komplett Insekten, ëmmer nëmmen isoléiert Stécker.

An doduerch, datt déi nei beschriwwen Aart a Gattung vu Jëfferchen unhand vu Material aus onse Sammlunge beschriwwe ginn ass, hu mir duerfir och en Holotyp méi an der Sammlung. Holotype si weltwäit wëssenschaftlech Referenzstécker an u sech déi richteg Schatzstécker an enger Muséessammlung. Där hu mir der elo eng ronn 80 Stéck, wat fir e Musée vun onser Gréisstenuerdnung a Geschicht ganz gutt ass.

Mä kann een natierlech och soen, datt an onse Sammlunge nach vill onbestëmmte Material läit, dat nach ni vun engem Spezialist ënnersicht ginn ass. De Paläontolog huet mat engem Laachen erzielt, datt, wann en d’nächst Kéier gefrot gëtt, fir op den Terrain ze goen, einfach mol seet: Nee, komm mir gi mol an d’Sammlung!

Natur[musée]geschichten, News @lu |