Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Den Herbier vum Musée (9/3/2017)

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio

An der Natur[musée]geschicht vun dëser Woch huele mir Iech mol eng Kéier hannert d’Kulisse vum Musée mat, an zwar do, wou net jidfereen einfach sou era ka spazéieren: Mir geheien nämlech e Bléck an d’Planzesammlung – oder och Herbarium genannt –  vum Naturmusée. Wat gëtt dann do esou alles gesammelt?

Herb10_s

Herbier Jean Feltgen. Plantes Phanérogames

En Herbarium oder och Herbier ass eng Sammlung vun gedréchente Planzen. D’Wuert kënnt vun ‘herba’, ‘herbe’ am Sënn vu ‘Kräider’, also net nëmme Gras. Am Herbier vum ‘natur musée’ ginn eng 100 000 Beleger vu bal 10 000 verschiddene Planzenaarte versuergt, déi an deene leschten 200 Joer gesammelt goufen. Déi meescht kommen aus Lëtzebuerg an Europa. Fir si këennen esou laang ze versuergen, ginn d‘Planzen flaach gepresst, gedréchent a mat waasserléislechem Pech op e Kartong opgepecht. Am Herbier ass eng permanent Temperatur vu 17 °C an eng geréng Loftfiichtegkeet vun 30 %. Sou kënnen d’Planzebeleger iwwert Joerhonnerten erhale bleiwen. Deen eelste Beleg an eisem Herbier ass vun 1818.

Vill Leit hunn och scho mol eng Blumm an engem Telefonsbuch gedréchent, fir se ze versuergen. Dann ass dat jo och en Herbar?

Jo, dat ass schonn e klengen Ufank vun engem Herbier. Fir datt déi gedréchent Planz, mir nennen dat dann e ‘Beleg’, awer hire ganze wëssenschaftleche Wäert behält, musse mir nach e puer weider Informatiounen hunn: Wéini ass déi Planz gesammelt ginn?, also de Sammeldatum; Wou ass si fonnt ginn? mat enger méiglechst genauer Beschreiwung vun der Plaz: Wou et geografesch ass, also zum Beispill „Weimericht bei Jonglënster„, awer och wéi et do ausgesäit, dat wär dann „op engem Dréchewues no beim Bësch“, eventuell och wéi eng Planzen nach do virkomm sinn. An dann: ween d’Planz gesammelt huet. All des Informatioune ginn op enger Etikett bei der Planz notéiert. Wann de Beleg bei eis an dernHerbier kënnt, da kritt hien eng Identifikatiounsnummer. All seng Informatiounen ginn an eiser Datebank ofgespäichert a kënnen iwwer déi Nummer erëm ofgeruff ginn.

Ass dann elo net eppes Wichteges vergiess ginn? Den Numm vun der Planz muss een dach och opschreiwen!

Dat kléngt zwar elo vläicht komesch, ma den Numm ass déi Informatioun, déi am mannste wichteg ass. Déi gedréchent Planze behalen all hir Mierkmoler, wann ee se séier genuch dréchent, souguer d’Faarf vun der Bléi. Et kann een also ëmmer erëm erausfannen, wéi eng Planzenaart et genee ass, andeems ee se nobestëmmt. Den Numm läit souzesoen an der Planz dran. Et kann een also och ee wëssenschaftlech interessanten Herbier uleeën, ouni selwer sécher ze wëssen, wéi d’Planze heeschen.

Op den Etikette steet dann nieft der Persoun, déi d’Planz gesammelt huet, och nach den Numm vun enger zweeter (oder och drëtter) Persoun drop, déi d’Planz bestëmmt huet.

Ma, déi Bestëmmung muss net ëmmer richteg sinn! Beim Nokucken vun de Beleger vun enger ganz seelener Gënz-Aart hu mir sou e Beleg fonnt, dee falsch bestëmmt war. Mir hunn en no bestëmmt an a Wierklechkeet ass et iwwerhaapt kee Gënz, mee eng Klacken-Heed. Dat heescht awer lo net, datt dee Beleg kee Wäert huet, am Géigendeel: déi Klacken-Heed gouf 1894 bei Ëlwen gesammelt an ass domat deen eenzege Noweis vun dëser Aart zu Lëtzebuerg.

Et sinn eng 100 000 Planzen am Herbier vum Musée. Fënnt een dann do nach iwwerhaapt eppes erëm?

Jo, all Beleger vun der selwechter Aart si beieneen an enger Farde. Den Herbier vum Musée ass alphabetesch no de Planzefamilljen, Gattungen an Aarten geuerdnet. E bësse muss een sech awer schonns mat der Botanik auskennen, fir eppes erëmzefannen. Nei Erkenntnisser ëennen derzou feieren, datt eng Planzefamill ëmbenannt oder gespléckt gëtt oder datt zwou Familljen zesummegeluecht ginn. Mir kënnen a wëllen awer net all Kéiers, wann sou eppes geschitt de ganzen Herbier ëmraumen. Do muss een dann alt mol e bësse sichen a nokucken, wéi déi Famill fréier geheescht huet, wëll se am Herbier nach ënner deem alen Numm läit. Donieft hu mir nach verschidde méi kleng Sammlungen, déi fir sech leien. Do gëtt et en Herbier aus Indonesien, deen e Lëtzebuerger Fuerscher am Kader vu senger Doktoraarbecht ugeluecht hat, een aneren aus Tunesien, dee vun engem Pater zesummegestallt gouf.

Firwat ass dann lo deen Herbier iwwerhaapt gutt? Giff et net duer goen, wann e vun all Planz ee schéine Beleg hätt? Do kéint dir jo awer vill Plaz spueren.

Taraxacum reichlingii v. SOEST. Reichlings Löwenzahn

Den Herbier ass e wichtegt Instrument, fir d’Verbreedung vun de Planzen iwwer d‘Zäit ze dokumentéieren. En Herbarbeleg ass een eendeitege Bewäis, datt eng Planz zu engem bestëmmten Zäitpunkt op enger bestëmmter Plaz virkomm ass. Natierlech sammele mir net all Planzen vun alle Plazen, ma wann eng interessant Planz op enger neier Plaz opdaucht, da gëtt dat mat engem Beleg dokumentéiert, zum Beispill wann eng Planz fir d’éischt Kéier zu Lëtzebuerg fonnt gëtt.

Den Herbier hëlleft och bei der Bestëmmung vu schwierege Planzegruppen, wou eng Zouuerdnung nëmmen duerch den direkte Vergläich mat engem Beleg ka gemaacht ginn. Och do ass et wichteg, fir méi wéi ee Vergläichsbeleg ze hunn, well wéi bei all Liewewiesen weisen och Planzen eng grouss Variabilitéit, dat heescht och, wa si vun der selwechter Aart sinn, gesi si net genau d’selwecht aus.

Immens wichteg sinn natierlech d’Typusbeleger. Dat sinn déi Beleger opgrond vun deenen nei Aarten beschriwwe goufen. E Beispill ass do den Typus vun der sougenannter Cungs-Orchidee, eng nei Ënneraart vun dem Fleeschfarwege Jongekraut, wëssenschaftlech  (Dactylorhiza incarnata), déi vum Josy Cungs zu Lëtzebuerg entdeckt gouf a lescht Joer vun engem hollänneschen Orchideeë-Spezialist beschriwwe gouf.

Natur[musée]geschichten, News @lu |