Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Aueren am Kierper (23/2/2017)

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio

Déi léif Zäit! Permanent schéngt se ons fortzelafen.  Hei bei RTL waarde se drop, endlech an dat neit Gebäi plënneren ze kënnen, an am ‘natur musée’ gëtt jo och am Moment ganz fläisseg un den neien Dauerausstellunge geschafft, déi dann an e puer Woche wäerten opgoen. Do kritt een d’Zäit schonns ze spieren. E gudde Grond duerfir mol hei an den Natur[musée]geschichten eng Kéier op d’Thema vun den internen Zäitmiesseren zréckkommen, déi all Liewewiesen a sengem Kierper huet an déi him op eng oder déi aner Manéier uginn, datt d’Zäit tatsächlech leeft. Kuckt, grad elo, wou déi éischt Vullen erëm aus hire Wanterquartéieren zréckkommen an déi éischt Blumme bléien an ons de Fréijor ukënnegen, ass ee sech dëser Rhythmik jo och besonnesch bewosst.

Déi meescht Liewewiesen – a mir Mënschen wuel dann och – schéngen also d’Sekonnen, d’Minutten, d’Stonnen, d’Deeg an d’Joren also mat kierpereegene Aueren ze zielen.

An engem gewëssene Sënn schonn. A wéi bei onse mechaneschen Auere mam Pendel, deen ausschléit, huet d’Zäitmoossung am Kierper och vill mat Rhythmen ze dinn. Well och am liewegen Organismus lafe vill Virgäng rhythmesch of. Waakreg sinn, schlofen, waakreg sinn, de Wiessel vu Wakregsinn a Schlofen ass mat Sécherheet de bekannteste Rhythmus. A wéi all Zyklus widderhëlt e sech a reegelméissegen Ofstänn, an dësem Fall all 24 Stonnen. Et sinn esou periodesch Biorhythmen, déi et erlaben, d’Zäit ze moossen. An dat ass fundamental wichteg fir d’Iwwerliewen vun all eenzel Liewewiesen, an domadder och vun all Aart. Eng zäitlech Ofstëmmung mat der Ëmwelt ass effektiv fir all Liewewiesen onverzichtbar – souwuel fir Planzen wéi och Déieren, mä och fir all Aarte vu Mikroorganismen. Beim Mënsch ginn zum Beispill vill Krankheete mëttlerweil mat defekte biologeschen Aueren a Verbindung bruecht.

Jidderengem säi Rhythmus also?

DSCN0605Sou ongeféier. Dat wat haut Chronobiologie genannt gëtt, ass nämlech virun allem Rhythmusfuerschung. Vill rhythmesch Zäitstrukture vun de Liewewiesen entwéckele sech zesumme mat Schwankungen, déi mam Dag-Nuecht-Wiessel, de Joreszäiten  – a bei munche Organisme mat de Moundphase verbonne sinn. Si sécheren domadder eng optimal Upassung vun de Liewewiesen un Ëmweltbedingungen, déi wiesselen. An den Naturwëssenschaften ginn dobäi dräi Forme vu Biorhythmen ënnerscheet, déi allerdéngs guer näischt mat de Fantasiekurven ze dinn hunn, déi an enger Rei vun Pseudowëssenschaften propagéiert ginn.

Do hätt ee fir d’éischt eemol déi sougenannten Exo-Rhythmen. Dat si rhythmesch Liewensvirgäng, déi alleng vun externen Ëmweltrhythme gesteiert ginn. Gutt Beispill ass d’Sonneblumm, déi sech mat der Sonn dréint. En anert Beispill ass den Ufank an d’Enn vum dääglesche Vullegesang. Déi ginn duerch d’Iwwerschreide vun enger Hellegkeetsgrenz gesteiert, déi fir all Aart ënnerschidlech ass. An dat ass och wichteg. Gëtt esou net nëmmen eng ökologesch Nisch, wou déi Vullen dra liewen, mä och eng zäitlech.

Bei Exo-Rhythme wäerten d’Endo-Rhythme jo bestëmmt net wäit eweg sinn?

Sou ass et! Endo-Rhythme si vun de bausseschten Ëmweltrhythmen onofhängeg a stelle fir Liewewiesen en Zouwuess un zäitlecher Emanzipatioun duer. Bei Planze kommen esou selbststänneg Rhythme seele vir, bei Déieren a beim Mënsch allerdéngs vill méi oft. Häerz- an Otemrhythmus sinn déi bekanntste Beispiller. Och de Menstruatiounszyklus vun der Fra ass esou en Endo-Rhythmus.

Zu gudder Lescht ginn et dann déi sougenannt ëmweltsynchron Endo-Rhythmen. Dës entstinn am Organismus, ginn dann awer vu periodeschen Ëmweltreizer, déi eng ähnlech Frequenz hunn, synchroniséiert, wéi zu, Beispill den Dag-Nuecht-Wiessel, Ebbe a Flut, d’Moundphasen oder d’Joreszäiten. Esou Emweltreizer, déi reguléieren, nennt een Zäitgeber. Wann een esou en Zäitgeber ausschléisst, zum Beispill doduerch datt ee sech experimentell an enger Hiel isoléiert an den natierlechen Dag-Nuecht-Wiessel net méi matkritt, lafen d’Endo-Rhythme fräi, dat heescht si daueren dann entweder méi laang oder méi kuerz. Duerfir nennt ee se dann och Circa-Rhythmen. Esou ass zum Beispill erausfonnt ginn, datt ons intern Auer, eigentlech op en Dag vu 25 Stonnen programméiert ass, mä vum Dag-Nuecht-Wiessel op 24 Stonnen synchroniséiert ginn.

Sou oder sou, ass et wuel am beschten sengen internen Aueren ze follegen, wann ee gesond wëll bleiwen.

Absolut. A fir vill Déieren a Planzen ass et einfach eng Saach vum Iwwerliewen. Dat Zesummespill vun den ënnerschidlechen Aueren a Kalenneren am Kierper verschaaft all Liewewiesen eng Organisatioun un d’Zäit, déi d’Kierperfunktiounen an d’Verhalensweisen zäitlech präzis op den Zäitverlaf an der Baussewelt upassen. Fir Vullen, déi am waarme Süden iwwerwanteren, ass et déidlech, wa se ze spéit oder ze fréi géife fort- oder zréckkommen. Och bei de Beien zum Beispill ass gewise ginn, datt se meeschtens eréischt da fléien, wann och d’Bleien genuch Nektar produzéiert hunn, well dat ass net zu all Dageszäit d’selwecht. Hei hëllft et dann eben Energie ze spueren. A fir zréck bei ons ze kommen. Genee wéi de Waakreg-Schlof-Wiessel follege vill aner Funktioune vum Mënsch, wéi d’Temperatur, d’Hormonproduktioun oder d’Verdauung, engem circadiane Rhythmus. Dat erkläert, datt onse Kierper um 8 Auer moies, um 1 Auer mëttes an um 10 Auer owes net op déi gläich Manéier funktionéieren.

Um You Tube Channel vum ‘natur musée’ sinn och eng Rei vun Interviewe mat Perséinlechkeeten aus dem ëffentleche Liewen zu Lëtzebuerg ze kucken, déi am Kader vun der Ausstellung “Huel der … Zäit” am ‘natur musée’ entstane sinn. Hei fannt Dir flott Äntwerten op eng Rei vu Froen iwwer d’Zäit an dat, wat si fir d’Leit bedeit.

Natur[musée]geschichten, News @lu |