Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Alles liicht! (9/2/2017)

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio

Déi lescht Woch sinn d’Temperaturen e bëssen an d’Luucht gaangen. Dat ass sécher d’Erklärung, firwat ee moies erëm d’Villecher méi zwitcheren héiert! Geschwënn kommen d’Fréijoersgeviller bei den Déieren op an dat bestëmmt och bei de Perruchen, déi d’Sandrine Amann aus dem ‘natur musée’ sengem Science Mobil matbruecht huet. De Science Mobil ass jo nieft dem Natur Mobil den zweete Camion vum ‘natur musée’, deen duerch duerch d’ganzt Land fiert a bei de Grondschoulen, mee och bei de Lycéeë stoe bléift. An dat schonns zënter 2002?

Jo a fir datt et weder de Kanner nach eis langweileg gëtt, setze mir all 3 bis 4 Joer eng nei Ausstellung op d’Been. Eis aktuell Ausstellung “Vun alle Säite beLiicht” bréngt de Jonken op eng ganz interaktiv Aart a Weis d’Luucht méi no. Ob d’Luucht am Verhältnis zu de Planzen, dem Schiet oder de Faarwen ugeschwat gëtt, d’Kanner ginn opgefuerdert selwer Experimenter ze maachen, fir d’Wëssenschaft, déi derhannert stécht, z’entdecken.

Hunn d’Perruchen an d’Steng, déi Dir matbruecht hutt dann elo och eppes mat Ärer Ausstellung, also mat Liicht ze dinn?

perrucheDës zwee Stecker aus dem ’natur musée’ senge Sammlunge sinn tatsächlech Deel vun eisem Thema “alles liicht”. Déi gréng Perruchen, wéi och verschidden aner Villercher hu ronderëm hirem Schniewel Plommen, déi ënnert UV-Luucht ganz speziell liichten. Dës Plommen fënnt ee bei de Männecher wéi bei de Weibercher a spillen ganz wahrscheinlech eng wichteg Roll bei der Partnersich, also wann d’Fréijoersgeviller opkommen. Studien hu gewisen, datt déi Perruchen, déi déi Plommen hunn, déi am beschte liichten, am meeschte Succès bei de Weibercher hunn. Dëst bréngt natierlech mat sech, datt d’Perruchen Aen hunn, mat deene si d’UV Luucht kënnen ophuelen. Et ass awer kaum een, deen wéi ech mat enger Schwaarzliicht-Täscheluucht duerch d’Géigend leeft, fir datt d’Villercher sech gesinn! Nee, och vun der Sonn kennt UV Luucht – an där hir Energie geet duer, fir d’Plommen un d’Liichten ze bréngen, och wa mir dat mat eisen Aan net kënne gesinn.

Mir sëlwer als Mënsch liichte jo net, mee anscheinend liicht eisen Pippi?

Dat stëmmt ! Am Géigesatz zum Urin vun aneren Déieren, wéi de Mais hiren, liicht eisen Urin awer net ëmmer. E kritt déi typesch liichtend giel fluo Faarf nëmmen, wann eise Kierper en Iwwerschoss u Vitaminnen ausscheede muss. Verschidde Vitaminne liichten tatsächlech, duerch hir Struktur, fluo-giel a behalen hir Struktur, wa si duerch eise Verdauungsapparat lafen.

Bei verschidde Nageren, wéi z.B. bei de Mais ass et aneschters! Dës hunn an hirem Pippi Molekülen, déi ënnert UV-Luucht liichten a mat deene si hiert Revéier markéieren oder och fir hir Orientéierung benotzen. Esou hänken d’Mais beim Erkennen vun Urinmarken net nëmmen vun hirem Gerochssënn of. Dësen Evolutiounstrick bréngt natierlech och mat sech dat d’Mais UV kënne gesinn! D’Nageren sinn bis elo déi eenzeg bekannte Mamendéieren, déi nach UV-empfindlech Aan hunn.

Dës UV-Markéierung kann awer och e Nodeel hunn! Et gi jo och Gräifvullen déi UV gesinn.

Jo genee, frësch Pippi Spueren si fir verschidden dagesaktiv Gréifvullen wéi z.B den Tuermfallek natierlech eng gutt Hëllef bei der Sich no Iessen. Wou frëschen Urin ass, ass d’Maus och net wäit!

Dëst speziellt Liichten gëtt jo Fluoreszenz genannt, mee wéi ass deen Phänomen ze erklären?

Thema "Ultraviolett Liicht" an der Ausstellung "Farbenfroh" am Joer 2011 am 'natur musée'

Thema “Ultraviolett Liicht” an der Ausstellung “Farbenfroh” am Joer 2011 am ‘natur musée’

Plommen oder eis fluo Textmarkeren, déi jidderee kennt, funktionéieren all no deem selwechte Prinzip. All fluoreszente Kierper besëtzt kleng Deelercher, also Molekülen oder Atomen, déi d’Energie vun der Luucht ophuelen. Si kommen doduerch an een Zoustand, wou si en Iwwerschoss un Energie hunn. Wa mir zevill Energie hunn gi mir gewéinlech Sport maachen. Déi Atomen a Molekülen vun deene mir schwätzen ginn hiren Iwwerschoss un Energie ganz abrupt ënnert der Form vu Liicht of.

Dat ass jo eppes anescht wéi déi Zären vun der Auer déi nuets nach weider liichten, oder déi kleng Stärenstickeren fir an d’Kannerzëmmeren.

Jo genee, d’Perrucheplommen liichten fluo nëmmen an deem Moment, wou se beliicht ginn. D’Auerzären awer liichten zimlech laang an d’Nuecht eran. Si hunn een Noliichten! Hei schwätzt een vu Phosphoreszenz. De Prinzip ass ganz ähnlech wéi bei de Plommen, mam Ënnerscheet, datt d’Moleküle vun der Zärebeschichtung den Iwwerschoss un Energie net abrupt, mee lues a lues ënner der Form vu Luucht ofginn. Doduerch liichte si méi laang.

Dir hat jo och e Steen aus dem Science Mobil matbruecht. Liichten d’Steng dann och duerch Fluoreszenz?

Bei wäitem net all Steen kann esou liichten wéi de Silex, deen ech matbruecht hunn. An dësem Exemplar hu sech fuoreszéiernd Impuretéiten verfaangen. Mam Steen wollt ech iech weisen, datt Fluoreszenz queesch duerch d’Natur präsent ass : an de Plommen, Steng, mee et fënnt een se och bei Katzenhaien, Crevetten, Blummen, …

Natur[musée]geschichten, News @lu |