Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Muséessammlungen (26/1/2017)

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio

Am Laf vun den Natur[musée]geschichten sinn an de leschte Méint eng ganz Rei vun Objete presentéiert ginn, déi ’Leit aus dem ‘natur musée’ mat an de Studio bruecht hunn an iwwer déi se dunn eng Geschicht erzielt hunn. ‘t géif ons duerfir mol haut e bëssi méi intresséieren, vu wou dës Objeten iwwerhaapt hirkommen a wéi se am Musée versuergt ginn, a firwat iwwerhaapt. Ouni Sammlungen wier et jo bestëmmt vill méi schwéier, iwwerhaapt als Musée bezeechent ze ginn?

Dat ass richteg, obwuel an der Definitioun, déi d’ICOM proposéiert, also dat ass den International Council of Museums, d’Wuert “Sammlung” oder “collection” iwwerhaapt net virkënnt. Hei heescht et nämlech:

“Un musée est une institution permanente sans but lucratif au service de la société et de son développement ouverte au public, qui acquiert, conserve, étudie, expose et transmet le patrimoine matériel et immatériel de l’humanité et de son environnement à des fins d’études, d’éducation et de délectation.”

Elo muss een natierlech och soen, datt dës Definitioun iwwer Zäiten evoluéiert huet, an d’Sammlungen hei implizit an der Notioun vu Patrimoine matenthalen sinn.

Am Gesetz vun de Kulturinstituter hei zu Lëtzebuerg ginn d’Missiounen vum ‘natur musée’ allerdéngs méi genee detailléiert.

Jo, dat sinn déi dräi Haaptpilieren, déi de Musée dann och kennzeechnen: Also éischtens Sammlungen opbauen, wëssenschaftlech betreien a conservéieren, zweetens Fuerschung um Terrain an op de Sammlungen bedreiwen, an drëttens dat Wëssen engem Public zougänglech maachen, sief et iwwer Ausstellungen, Sensibilisatiounskampagnen, mä och iwwer muséespädagogesch Aktivitéiten. De Musée ass also souwuel e Kultur- wéi och e Fuerschungsinstitut, an ‘t ass déi Kombinatioun, déi d’Schaffen hei esou spannend mécht.

Duerch wat zeechnen d’Sammlunge sech dann elo aus? Oder aneschters gefrot: Wat si Critèren, déi et man, datt en Objet an d’Muséessammlung opgeholl gëtt?

Paléofong bi

Inventaire vun der paläontologescher Sammlung vum M. Heuertz

D’Sammlunge vum Musée sinn natierlech e Spigelbild vu senger laanger Geschicht an de Leit, déi hei geschafft hunn, respektiv nach ëmmer schaffen. De Musée gëtt et elo zënter iwwer 160 Joer. D’Entwécklung vun de Sammlunge léisst sech haut novollzéien, wann een déi ënnerschiddlech Inventairen matenee vergläicht, déi an dësen iwwer 160 Joer gemaach gi sinn.

Et si Sammlungen, déi éischtens eng regional Bedeitung hunn, also geografesch agegrenzt sinn. Do sinn natierlech fir d’éischt d’Guttland an d’Eislek ze nennen, also dat wat onst Land tatsächlech ausmécht, mä mir kucken awer och iwwer d’Grenzen eraus, well d’Natur kennt jo elo mol keng politesch Grenzen.

Elo kann ee sech awer virstellen, datt all dës Objeten och musse korrekt ageuerdnet ginn, soss entsteet jo bei där Quantitéit e risege Chaos, oder net?

Et si Sammlungen, déi wëssenschaftlech opgebaut sinn, d.h. déi de Reegele vun der wëssenschaftlech Systematik follegen. Et gëtt also scho fir Uerdnung an de Sammlunge gesuergt. An dann gëtt et och dat, op dat all Musée an der Welt houfreg ass: Holotypen. Dat sinn d’Referenzstécker an der Wëssenschaft, d.h. déi Specimenen, op deenen eng Aart, also eng Planz, en Déier oder och e Mineral fir d’éischt Kéier mat enger Publikatioun fir d’Wëssenschaft beschriwwe ginn ass. Grouss Muséeë wéi Paräis, London, Berlin hunn der natierlech Dausenden, mä och an den naturhistoresche Sammlungen hei zu Lëtzebuerg ginn et der eng Rei.

Dann ass de Musée de Referenzzentrum fir d’Erfaassung vun der Biodiversitéit hei zu Lëtzebuerg. An anere Wierder: Mat onse Sammlunge si mir an der Lag Momentopnahme vun der biologescher Villfalt hei zu Lëtzebuerg am Laf vun der Zäit ze produzéieren. Wat méi Donnéeën zu engem bestëmmten Zäitpunkt virleien – an dat kënnen och Sammlungsstécker sinn-, wat d’Bild méi schaarf ass.

Wéi ass et dann elo mat deenen Objeten, déi d’Besicher am ‘natur musée’ ze gesi kréien? Sinn dat och wëssenschaftlech wichteg Stécker?

Wagner 2

Foto: R. Wagner, 1986

Dat eent schléisst dat anert net aus. Natierlech si Sammlungen och e wichtegt Instrument, fir edukativ ze schaffen, z.B. d’Geschicht vum Liewen z’erklären. An dat op alle Niveauen: Deem vum Spezialist, mä och deem vum Muséesbesicher. Verschidde Stécker ginn duerfir och wéinst hirer esthetescher Valeur erausgesicht. Zu gudder Lescht: Onst Haus huet eng laang Geschicht. Verschidden Objete sinn enk mat der Geschicht vum Haus voire mam Land verbonnen an hunn domadder och eng historesch Bedeitung.

Natur[musée]geschichten, News @lu |