Natur[musée]geschichten op RTL Radio: De Wollef zu Lëtzebuerg (12/1/2017)

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio

De Wollef ass ënnerwee op Lëtzebuerg. Fir ons e bëssi méi doriwwer z’erzielen, hu mir haut fir ons Natur[musée]geschicht ganz aussergewéinlech Gäscht. Keen aus dem Musée, mee dräi Jonker, d’Claire, d’Serena an den Thomas, déi sech mol am ‘natur musée’ schlau gemaach hunn, wat dat dann esou mam Wollef op sech huet. Moien Claire, moie Serena, moie Thomas. Sot ons awer mol fir d’éischt, wéi kennt et dann, datt Dir haut d’Naturmuséegeschicht presentéiert.

Ma, mir waren virun 2 Méint mam Science Club vum Naturmusée hei d’Studioe vun RTL kucke komm a wëll mir ons natierlech och vill fir dat intresséieren, wat am Musée leeft, krute mir proposéiert eng Natur[musée]geschicht erzielen ze kommen.

Lo sinn ech awer gespaant. Firwat ass et dann elo grad de Wollef, deen Iech esou begeeschtert? Serena?

Fichier 12-01-2017 16 25 38Ech hunn am Kader vun enger Science-Club-Aktivitéit méi iwwer de Wollef geléiert an firwat e ganz wahrscheinlech och op Lëtzebuerg  zereck kënnt. Duerfir wollt ech mech méi mam Thema beschäftegen. Doropshinn hu mir ons mat der Spezialistin fir Wirbeldéieren Edmée Engel aus dem Naturmusée getraff. Leider gëtt de Wollëf an eiser Gesellschaft oft ganz negativ duergestallt. De schlechten Image kënnt dacks aus Filmer, an deenen de Wollef als blutrënstegt Monster gewisse gëtt. Oder eben och an de klassesche Märecher. Mä  wann een sech awer wëssenschaftlech mam Thema Wollef ausernee sëtzt, ass et offensichtlech, datt  d’ Routkäppche gelunn huet.

Wéi gesäit d’Realitéit dann elo wierklech aus?

Eigentlech ass de Wollef ee ganzt scheit Déier. Esouguer d’Fuerscher hu Schwieregkeeten, ee Wollef ze beobachten. E Risiko entsteet, wa mir ufänken, d’Wëllef ze fidderen. Och wann een den Déieren d’Fudder net direkt gëtt, kann dat dozou féiren, datt si hir Schei virum Mënsch verléieren. Am Normalfall kënne Mënsch a Wollef awer ganz gutt nierftenee liewen.

Vu wou wäert de Wollef dann an eist Land kommen?

Momentan gi et jo scho Wëllef an der Region de la Meuse, hei vir a Frankräich an och a Rheinland-Pfalz, hannert der Grenz an Däitschland, goufe schonn eenzel Wëllef nogewisen. Dat si Wëllef, déi sech iwwert Joren aus Italien an Osteuropa ausgebreet hunn. Et duerf een net vergiessen, datt ee Wollef am Dag bis zu 100 Kilometer zeréckleeën kann.

Den Wollef kënnt quasi an all Liewensraum gutt zurecht. Wéi kënnt et dann, datt et en net méi zu Lëtzebuerg gëtt?

Wollef_72dpiAn Europa ass den Wollef gnadenlos gejot ginn. Dat virun allem, wéinst sengem schlechten Ruff. De leschten Wollef a Lëtzebuerg ass den 24. Abrëll 1893 zu Ouljen erluegt ginn. Dëst iwweregens vun engem Här Wolff! Op der geneeër Platz gëtt et esouguer eng Plakett. Mee wéi scho gesot, ass de Wollef een immenst upassungsfähegt Déier, dat sech ouni Problem a ville verschiddene Liewensraim zurecht fënnt. Et gëtt also kee Grond, wisou hien net zeréck op Lëtzebuerg kommen sollt.

Ech kann mir virstellen, datt wann de Wollef bis rëm zu Lëtzebuerg ass, Konflikter entstoen kéinten.

Dat stëmmt. Zum Beispill gehéiren den Hond an den Wollef zur selwechter Gattung. Dofir ass et och kee Wonner, wann den Hond vum Wollef als Konkurrent an sengem Rewéier ugesi gëtt. Esoulaang den Hond awer bei sengem Meeschter bleift, kann en net vum Wollef ugegraff ginn. Dofir sollte mir eisen Hond am Beschten net fräi am Bësch laafen loossen. Wat och halt virkënnt, ass, datt de Wollef Schoof räisst. Wéi vill aner Déiren, gehéiert och d’Schof zum Wollef sengem Nahrungsspektrum.

Wat kann ee maachen, fir Tëschefäll mat gerassene Schof ze vermeiden?

Eigentlech muss do net vill ënnerholl ginn. Bauren, déi Schoof hunn, gi vum Staat ënnerstëtzt, fir Droter oder Wuechthënn ze besuergen. Och wann ee Schof vun engem Wollef gerass ginn ass, kënnen d’Bauren eng Entschiedegung vum Staat kréien.

Wéi eng Moossnahmen kënnen da getraff ginn, fir de Wollëf zu Lëtzebuerg ze schützen?

Och wann de Wollef zënter 1979 europawäit ënnert Schutz steet, ass hien elo zënter 2016 offiziell duerch ee Reglement grand-ducal zu Lëtzebuerg geschützt. Dëst annuléiert awer net d’Gefor vun de ville Stroossen, déi eis Bëscher zerstéckelen. Hautzedaags stierwen déi meeschte Wëllef, well si iwwerrannt ginn. Eng Léisung wier, Déirebrécken ze erriichten, fir datt de Wollef ongestéiert op déi aner Säit kommen kann.

Wat fir gréisser Auswierkungen wäert de Wollef dann op eis Natur hunn?

De Wollef ass Deel vun eisem Ökosystem. Dofir ass säi Retour eng Beräicherung fir eis Ëmwelt. De Wollef wäert ganz uewen an der Nahrungsketten an eisen Bëscher stoen. Esou kënnt eng ganz nei Dynamik an eis Bëscher.

Sollen déi Jonk sech elo méi fir den Wollef engagéieren?

Ma jo sécher!

Natur[musée]geschichten, News @lu |