Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Wéi d’Äerd lieweg ginn ass (22/12/2016)

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio

Ah jo, an net mol 2 Wochen si mir schonns am Joer 2017. Wéi d’Zäit vergeet, soe se. Mä där Joren sinn der schonns am Laf vun der Äerdgeschicht eng Jett méi an d’Land komm. Wéivill dat der waren a wat do esou alles geschitt ass, ass d’Thema an der Natur[musée]geschicht vun dëser Woch mam Christiane Bemtgen an dem Claudine Biel aus dem ‘natur musée’ sengem Naturmobil.

Si hunn ons haut eppes besonnesch Laanges mat an de Studio bruecht. Dozou spéider awer nach méi . Den Naturmobil ass jo e Musée op Rieder, deen zënter 1994 vun engem Schoulhaff an deen anere fiert, fir d’Kanner fir d’Natur ze begeeschteren?

Fichier 22-12-2016 11 51 03Jo, a wëll mer schon vill  Gemengen aus dem Land  xmol ugefuer sinn, loosse mir ons reegelméisseg nei Themen afalen. A méi wéi 20 Joer, léiert ee selwer  immens vill bäi, grad och am Ëmgang mat de Kanner. Et geet ons haut haaptsächlech drëms, fir d’Kanner virwëlzeg ze maachen, op dat, wat et dobaussen an der Natur ze entdecken an ze erliewe gëtt.

Dir probéiert elo mat engem neien Thema Loscht op déi laang Zäiten ze man. Wéi vermëttelt een dann dat elo? Fir déi meescht Kanner si jo schonns 100 Joer onvirstellbar laang. Wéi wëll een hinnen dann elo Millioune Jore begräifbar maachen?

13,7 Milliarde Joer! Wann ee vum Urknall ausgeet. De Problem ass jo , datt et immens schwéier ass, sech esou e laangen Zäitraum virzestellen. Mir hunn also probéiert d’Geschicht vun eiser Äerd, déi eréischt 4,6 Milliarden Jore al ass, op engem schwaarzen Teppech vu 46 Meter duerzestellen. Wéivill Joer géif an dësem Fall elo 1 cm Teppech ausman?

Hmm, 1 Millioun Joren?

Richteg! A wëll de faméisen Urknall wéi gesot nach vill méi laang hir ass – dat sinn dës 13,7 Milliarde Joer – hu mir  onsen Teppech nach mat enger Plott Woll vun 91 m verlängert. Eréischt viru 4,6 Milliarde Jore virun haut war dunn endlech genuch Material op enger Plaz an der Mëllechstrooss zesummekomm, fir eis Sonn an hir 8 Planéiten entstoen ze loossen. Dat ass wéi wann een en Haus wëll bauen. Et brauch een fir d’éischt genuch Baumaterial, an dann kann ee bauen.

A wou koum dat dann hir? Aus dem Baumaart?

Ma nee, natierlech net! ‘t ass d’Stärestëbs, dee vu fréiere Stärenexplosioune hirkënnt. Am Ufank huet eis Äerd nach ausgesinn wéi e Feierball voller Lava. Nodeems se e puer honnert Millioune Joer gebraucht huet, fir ofzekillen, an no enger Serie vun dramateschen Asteorïdenaschléi, ass aus enger Rei vu Molekülen, dat éischt Liewen, an engem Urmier entstanen. Wéi a wou genee dat ofgelaf ass, gehéiert nach haut zu engem vun deene spannendste Geheimnisser aus der Wëssenschaft.

A wéivill Meter si mir elo op Ärem Teppech getrëppelt?

Bei ons um Teppech sinn dat elo eréischt 6 m, also ongeféier 4 Milliarde Joren virun haut. Duerno musse mir op onsem Teppech 15 m weider trëppelen, ier dat nächst gréissert Evenement an der Geschicht vum Liewen iwwert d’Bühn geet. Da sti mir bei  2,5 Milliarde Jore virun haut, deemols war eng gréng Mini-Alg an der Lag, d’Energie vun der Sonn ze notzen an dobäi huet se dee Gas produzéiert, ouni deen mir haut net kënne liewen: de Sauerstoff.

Sot emol. Wann ech elo richteg gerechent hunn, da si mir mol nach net an der Halschecht vum Teppech. Wéi ass et dann elo mam Rescht, well vu méi komplexe Liewensforme si mir jo awer nach wäit ewech?

Jo, et ass och duerfir, firwat mir eisen Teppech esou laang gemaach hunn, fir de Kanner, mä bestëmmt och den Erwuessenen, dës immens laang Zäit begräifbar ze maachen. Et versteet een op eemol vill besser, wa se bei ons am Musée erklären, datt Evolutioun Zäit brauch. An déi Zäit déi war einfach DO!

Ma dann huele mir mol d’ Dinoen. Wou sinn déi dann ze fannen?

Fichier 22-12-2016 11 50 00Oh je! Do si mir awer nach e Stéckelchen ewech. No 40 m Teppech feiere mir elo mol de 4milliardste Gebuertsdag vun der Äerd. D’Biologen schwätzen hei vun der Kambrescher Explosioun, déi virun 550 Millioune Jore war a während där praktesch all besteeënd Déieren- a Planzegruppen, déi et haut nach ginn, entstane sinn. Well mir vum Urknall bis d’Kambresch Explosioun 132 m Teppech brauchen… maache mir dat am Schoulhaff. Déi lescht 5 m huele mir da mat an den Natur Mobil op eise laangen Dësch. Jo, an eréischt virun 250 Milioune Joren, dat heescht op deenen leschten 2,5m Teppech, tauchen déi éischt Dinoen op.

Fir dass een sech déi ganz Äerdgeschicht besser ka virstellen,  beliewe mir zesummen mat de Kanner, vun Ufank un all déi wichteg Etappen op eisem Teppech, mat Hëllef vu Fossilien, Rekonstruktiounen oder soss passenden Requisiten. De moderne Mënsch vun haut allerdéngs, taucht dann eréischt op deene leschte Millimeter vum Teppech op.

Besser kann een tatsächlech net duerstellen, datt d’Äerd de Mënsch net wierklech brauch. t’ wier wierklech spannend ze wëssen, wéi den Teppech an e puer Millioune Joren ausgesäit.

Natur[musée]geschichten, News @lu |