Natur[musée]geschichten op RTL Radio: D’Naturgeschicht vum Chrëschtbeemchen

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio.

De Mount Dezember ass Chrëschtzäit, d’Zäit fir ënnert oder nieft dem beliichte Chrëschtbeemche erëm all méiglech Geschichten z’erzielen. Wéi fängt d’Natur[musée]geschicht vun dëser Woch dann haut un: Et wor eemol…?

Firwat net! De Chrëschtbeemchen ass jo en Nolebam. Also och deen huet eng Geschicht, souguer eng extrem laang, eng Millioune Joer laang Geschicht. Vläicht sollte mir mol vum Moment profitéieren an déi erzielen, d’autant plus, datt mir als Musée an onse Sammlungen tatsächlech eng ganz Rei Stécker hunn, déi d’Naturgeschicht vun de Beem flott illustréiere kënnen an déi Leit dann an e puer Méint och erëm wäerten ze gesi kréien, wann ons nei Ausstellungen opginn. 

brochCollpaleGL104

Zape vu Pagiophyllum peregrinum aus dem Hettangium vu Scheedgen

Et wor eemol…

… am Äerdmëttelalter viru 400 Millioune Joren, do wou haut Schottland läit…

Oh, dat ass elo wierklech laang hier!

Jo, mä éischt Liewensspure sinn nach vill méi al. Allgemeng hëlt een un, datt d’Liewen op der Äerd am Mier entstanen ass, also och déi éischt Planzen. Dat waren allerdéngs eenzelleg Mieresalgen. Am Äerdaltertum (also dat ass nach virun onsen 400 Millioune Joer) ass d’Festland dunn vir d’éischt vu Moosen eruewert ginn, dunn eréischt vun de Gefäässplanzen, zu deenen dann och onse Chrëschtbeemche gehéiert.

 … an déi Gefääsplanzen heeschen, well si de Saaft an der Planz duerch Gefäässer weiderleeden, an domadder besonnesch gëeegent sinn, an d’Héicht ze wuessen?

Genee. An dës Gefääser entstinn bei éischte Landplanzen eben an der Devonzäit virun 408 bis 355 Millioune Joren. A Schottland ass zum Beispill de Fossil vun esou enger fonnt ginn, d’Rhynia. Dës éischt Landplanzen hate schonns Ursprungsforme vu Wuerzelen, Blieder a Still entwéckelt. Fir d’Sonneliicht besser notzen ze kënnen, sinn d’Still an d’Lut gewuess an hunn Gefäässer ausgebilt, an deem dunn de Planzejus tëscht de Blieder an der Wuerzel zirkuléiere konnt.

Wéi ass et da mat Lëtzebuerg? Sinn aus där Zäit och hei Planzefossilie bekannt?

Also vun den éischte Gefäässplanzen aus der selwechter Zäit, déi allerdéngs nach keng Blieder haten, sinn effektiv virun e puer Joren fossil Iwwerreschter am Eislek fonnt goufen.

Hm, keng Blieder, plakeg Planzen also. No Chrëschbeemchem héiert sech dat awer nach net un?

Nee, d’Evolutioun brauch eben hir Zäit. Virun 365 Milliounen Joer mécht se dann allerdéngs e risege Schratt a léisst d’Planze grouss Bamkrounen entwéckelen, wat allerdéngs en retour verlaangt, datt och e Stamm aus Holz als stäipend Organ huet missen ausgebilt ginn. Virun 350 Millioune Joer sinn esou déi éischt Bëscher entstanen .

Dat waarmt a fiicht Klima vun der Karbonzäit fërdert dann d’Enstoen vun enger immenser Planzevilfalt, vun där mir jo nach haut profitéieren. Stéchwuert: Fossil Energien. Deemools stoungen a Sumpfbëscher riseg Formen, 30 bis 40 Meter héich Farnen, Bärlappgewächsen a Schachtelhalmen, also Planzegruppen, déi et jo haut nach gëtt, just: et sinn Zwerge par rapport zu hire Virfaren.

An nach ëmmer keen Nolebam a Siicht!

Gedold! Tëscht 299-251 Millioune Joer an der Permzäit huet sech dunn um Superkontinent Gondwana d’Glossopteris oder Zongefarn-Flora entwéckelt. Et handelt sech dobäi ëm weiderentwéckelt Farne mat ënnerschidleche Formen a Gréissten. Glossopteris steet elo tatsächlech den Nolebeem ganz no, mä gëlt och als Virfahr vun de Palmfarnen, den Araukarien a Bléiplanzen.

Zapfen1

Arakaurienzapen

Déi éischt Nolebeem stoungen also tatsächlech a Bëscher an der Permzäit. Dat waaremt, mä och méi dréchent Klima vun der Triaszäit virun 250-200 Millioune Joer féiert defintiv zum Duerchbroch vun de Nolebeem, dorënner virun allem vun den Araukarien. Mir hunn zum Beispill schéin Exemplairë vu fossiliséierten Araukarienzapen an onser Sammlung. Hei si mir elo schonns richteg no beim heitege Chrëschtbeemchen, obwuel natierlech tëscht deemools an haut och nach eng Kéier vill geschitt ass. Mä d’Miermoler, déi en Nolebam ausmaachen, waren deemools also schonns ugeluecht. Mine de rien huet et ganzer 300 Millioune Joer gedauert. Dat ass schonns e Batz. Laang virum Ausstierwe vun den Dinosaurier hëlt hir Dominanz an der Planzewelt dann allerdéngs of an nëmmen e puer Aarten hunn an hirer ursprünglecher Form bis haut iwwerlieft.

An der Mëtt vun der Kräidezäit virun – soe mir mol – 100 Millioune Joer ginn d’Nacksamer du vun de Bedecktsamer, also de Bléieplanzen ofgeléist. Mä deenen hir faarweg Geschicht ass da fir eng aner Kéier.

Natur[musée]geschichten, News @lu |