Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Wéi schlofen d’Déieren? (10/11/2016)

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio

Eng Giraff mécht et am Duerchschnëtt 2 Stonnen am Dag, de Pinguin an d’Méck 10 Stonnen, e Léiw 14 Stonnen an e Fauldéier souguer ganzer 16 Stonnen. Dir hutt et erroden, d’Ried ass vum Schlofen. Bei den Natur[musée]geschichten denkt ee bei esou engem Thema natierlech fir d’éischt un all déi Déieren, déi et dobaussen an der Natur ginn a déi sech och vun den erliefte Strapazen erhuele mussen. Si schlofen also och, mä aneschters wéi mir Mënschen.

Dat ass richteg. D’Déiere kënnen net a Rou schlofe wéi mir. Si kënne vun aneren Déiere gefriess ginn a mussen ëmmer prett sinn a séier reagéieren, wann eng Gefor lauert. Duerfir huet jidwer Déierenaart hir eege Schloftechnik entwéckelt. Déi meescht Déieren dösen, dat ass eng Zort liichte Schlof an net mat onsem Schlof ze vergläichen, bei deem mir ons hileeën a phaseweis ganz fest an déif schlofen. Mir kréie jo net mat, wat rondrëm eis geschitt. Vill Déiere kënne sech dat net erlaben, soss géife se dobaussen net laang iwwerliewen.

PW32016PosterSchlofenvir

Poster aus dem Panewippchen N°116 mam Thema “Schlofen an Dreemen”

Ma da loost ons mol e puer Beispiller kucken. Wéi ass et da bei de Kazen?

D’Raibere mécht ganz schéi midd. Kaze si Jeeër an dat ass en ustrengenden Job a kascht vill Energie. Si laueren op Mais a Vullen a musse gläichzäiteg all hir Feinden am A behalen, fir kënnen direkt fortzelafen. Vun all deem erhëlt sech eng Kaz am Schlof. Geet eng Kaz owes op d’Juegd, da schléift si am Dag a wann et eng typesch Hauskaz ass, déi net eraus geet, schléift si owes, wéi mir. Eng Hauskaz, déi ëmmer dobannen ass, schléift méi, well si sech hei sécher a wuelfillt. A jiddwereen, deen eng Kaz doeheem hält weess: Nom Iessen hält d’Kaz nawell gär e Verdauungsschlof. An och ganz typesch: Eng Kaz gaapst a streckt sech ganz vill, wa si erwächt.

Päerd dogéint schlofe meeschtens am Stoen, net?

Naja, Päerd schlofen net vill, well si ëmmer prett sinn, fir bei Gefor fortzelafen. Dat läit einfach an hire Genen. D’Päerd schlofen eigentlech nëmmen e puer Stonne richteg fest. Dofir musse si sech dann awer hileeën. Dat maache se awer nëmmen, wa se sécher sinn, datt aner Päerd am Trapp oppassen. Tatsächlech döse si meeschtens am Stoen. Dofir maache si hir Aendeckelen hallef zou, loossen hir hënnescht Lëps hänken, stellen en Huff vir op déi viischt Kant a verlageren hiert Gewiicht op dat anert hënnescht Been. Sou kënne si gutt raschten.

Dat geet awer och nëmmen, wann een op festem Buedem steet. D’Vullen hunn et do awer schonns méi schwéier.

Ma, da kuckt mol d’Leeëndecker. Si verbrénge bal hiert ganzt Liewen an der Loft. Am Fléie kënne si souguer schlofen. Ennersichungen hu gewisen, datt d’Leeëndecker ganz héich erop fléien, fir duerno am Seegelflug nees lues erofzekommen an an där Zäit döse si. Si erwächen awer nees an enger gewësser Héicht, ier se an e Bam oder an e Stroummast géingen aknuppen.

A wéi en Déier schléift dann elo am meeschten?

O, do gehéiert d’Fliedermaus ganz sécher mat zu de Laangschléiferchampionen: Ganzer 20 Stonne pro Dag schléift si. Mam Kapp no ënnen, mä dat dierften déi meeschte jo wëssen. De Fliedermais hir Krallen un de Féiss si sou entwéckelt, datt si ouni Muskelkraaft mam Kapp no ënnen hänke kënnen, fir ze schlofen. Duerch d’Gewiicht vun hirem Kierper rasten d’Krallen automatesch an. Duerfir bleiwen och doudeg Fliedermais hänken. Aus dëser Kappiwwerpositioun kënnen d’Fliedermais dann liicht starten, wa se owes op d’Juegd ginn oder eng Gefor lauert.

(Den Text vun dëser Naturmuséegeschicht ass eng adaptéiert Versioun vum Kapitel “Wéi schlofen Déieren?” aus dem aktuelle Panewippchen)

Wien nach méi iwwer Schlof an Dram wëll gewuer ginn, kann HEI duerch déi komplett lescht Nummer vum Panewippchen bliederen.

 

Natur[musée]geschichten, News @lu |