Natur[musée]geschichten op RTL Radio: D’Kachrezept vun der Evolutioun (24/11/2016)

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio

Haut viru genee 157 Joer, also de 24. November 1859, huet den Naturfuerscher Charles Darwin mat sengem Wierk “On the Origin of species” e Buch publizéiert ginn, dat ouni Zweifel zu deene wichtegsten an der ganzer Wëssenschaftsgeschicht zielt. E perfekte Sujet also fir eng nei Natur[musée]geschicht, grad wann ee bedenkt, datt et haut bal onméiglech ass iwwer Biologie oder Naturgeschicht ze schwätzen, ouni dobäi direkt un d’Evolutioun ze denken.  

Wéi léisst sech engem Darwin seng Theorie dann iwwerhaapt … a soe mir mol dräi Minutte beschreiwen… beschreiwen?

Mat senger „Entsteeung vun den Aarten” proposéiert den Darwin e Mechanismus, deen erkläert, wéi Déieren a Planze sech am Laf vun der Zäit veränneren. Hie geet hei e bëssi vir wéi e Kach, deen déi eenzel Etappe bis zum fäerdege Plat eenzel erkläert. Seng Evolutiounstheorie ass also mat engem Kachrezept ze vergläichen, an deem verschidden Ingredienten einfach net feelen däerfen, fir dat de Plat um Enn och richteg schmaacht.

Wat wier dann elo d’Salz an de Peffer vun dëser Evolutiounszopp?

Den Darwin war en exzellenten Naturbeobachter. Sou huet e festgestallt, datt Déieren a Planzen iwwerfruchtbar sinn. Nenne mir dat mol Tatsaach Nr 1. Planze ginn z.B. eng Onmass vu Pollen of. E Fräscheweibche leet all Joers Dausenden vun Eeër. Elo stellt Iech mol vir, all déi kleng Fräsche géifen iwwerliewen, da génge mir hei op der Äerd bannen 10 Joer knéihéich a Fräsche stoen.

Dem Charles Darwin seng Evolutiounstheorie op 3 m erkläert. Installation an der Ausstellung “Evolution up-to-date am Darwin-Joer 2009”

Nëmmen e puer vun de jonke Fräschen, déi aus den Eeër schlüpfen, wuesse jo zu engem Erwuessenen erun. Also Tatsaach Nr 2: D’Fräschepopulatioun bleift stabil.

Genee. D’Populatioun vun de Fräsche bleift am Duerchschnëtt d’selwecht grouss. Si hunn tatsächlech honnerte vun Nokommen, mä nëmmen a puer iwwerliewen. Firwat: Ma observéiert Tatsaach Nr 3: D’Ressourcë si begrenzt. Net all Fräsch kritt ëmmer dat, wat en zum Iwwerliewe brauch, also Nahrung, Liewensraum oder e Paarungspartner.

Aus dësen 3 observéierbaren Tatsaachen zitt den Darwin elo eng éischt grouss Conclusioun: Et kënnt zu engem Kampf ëm d’Dasein tëscht de Membere vun enger Populatioun. Vun den Dausende vu Fräsche ginn der honnerte vu Raibere gefriess, vill stierwen u Krankheeten, eng Rei verhéngeren. Nëmmen een oder zwee liewe laang genuch, fir sech fortzeplanzen.

That’s life also! Elo stelle sech awer weider Froen: Tëscht weem fënnt dëse Konkurrenzkampf dann iwwerhaapt statt a wien iwwersteet en?

Op dës Froe äntwert den Darwin mat zwou weideren Observatiounen. Tatsaach Nr 4: All Individue vun enger Populatioun sinn eenzegaarteg. Als Naturfuerscher wousst den Darwin, datt jidwer Fräsch vun enger Populatioun aneschters also eenzegaarteg wier.

Wéi z.B eng liicht aner Fierwung, ënnerschiddlech Gréissten oder och eng ënnerschiddlech Begabung Nahrung oder e Liewensraum ze fannen?

Genee. D’Variatioun ass also souzesoen den éischte ganz wichtegen Ingredient vun onsem Kachrezept Evolutioun. E weidern ass d’Verierwung. Well d’Variatioun kann an der Evolutioun nëmmen eng Bedeitung hunn, wann op mannst een Deel dovunner verierflech ass, also un d’Nokomme ka weidergi ginn. An hei sinn et virun allem d’Individue mat virdeelhafte Mierkmoler, déi Nokommen hunn. Well et si si, déi laang genuch iwwerliewen, fir sech iwwerhaapt kënnen fortzeplanzen. D’Chance vun engem grasgrénge Fräsch am grénge Gras NET vun engem Storch fonnt a gefriess ze ginn, si méi grouss wéi déi vun engem méi brongen oder soss faarwegem. An dës grasgréng Faarf gëtt en dann och u seng Nokomme weider.

Den Darwin schléisst doraus, datt et eng Evolutioun duerch natierlech Selektioun gëtt, nach esou e weideren Ingredient. An onsem einfache Fall geet de Selektiounsdrock elo vum Storch aus. Eng natierlech Selektioun iwwer eng laang Zäit a vill Generatiounen ewech féiert dann zu enger Zounahm vun de virdeelhafte Mierkmoler an der Populatioun an esou automatesch zur Evolutioun, an onsem Fall zu méi grasgrénge Fräschen. Um Enn ass d’Aart besser u bestëmmten Ëmweltbedingungen, an dësem Fall gréngt Gras a Storch ugepasst.

Tja, an domadder hätte mir se dann, ons Ingredienten fir onsen Evolutiounsmenu: Variatioun, Verierwung, Selektioun, Zäit an Upassung. D’Kachrezept vun der Evolutioun steet.

Natur[musée]geschichten, News @lu |