Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Verstengert Stären (27/10/2016)

Am Gespräich mam Paläontolog Ben Thuy. Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio.

1859 concluéiert den Charles Darwin säi faméist Wierk “Origin of Species” mat dem Saz: “Et ass an der Dot eng groussaarteg Usiicht, datt […] während onse Planéit de strengste Gesetzer vun der Schwéierkraaft follegt a sech am Krees schwéngt, aus esou einfachem Ufang sech eng Rei vun de schéinsten an erstaunlechste Formen entwéckelt huet a sech nach ëmmer weider entwéckelt.” 

D’Stachelhaiter gehéieren tatsächlech zu den erstaunlechsten Déieren, déi et gëtt. Stachelhaiter soen elo awer net jidferengem eppes. Wat muss ee sech dann elo dorënner virstellen.

13095856_10156829440955641_6314959746748330392_nStachelhaiter si Mieresdéieren déi, wéi den Numm scho seet, an der Regel Stachelen hunn. Dozou gehéieren d’Séiigelen an d’Séistären, awer och manner geleefeg Déieren wéi d’Schlaangestären an d’Séicornichongen. Si sinn de Leit also bestëmmt net esou onbekannt, virun allem net, wann ee schon mol an der Vakanz op der Plage an e Séiigel getrëppelt ass. D’Stachelhaiter hunn e Bannesklett aus Kallek, wat dozou féiert, dass se ganz gutt als Fossilien erhalen bleiwen. Aus deem Grond si se fir e Paläontolog natierlech interessant.

Et gouf jo virdrun den Charles Darwin zitéiert, wéi e vun der Entwécklung vun de schéinsten an erstaunlechste Forme schwätzt. Stachelhaiter sinn definitiv ënner deenen ongewéinlechsten a schéinste Mieresdéieren, déi et gëtt. Hir Symmetrie erënnert oft u Blummen oder Stären. Vill Aarten si faarweg. Verschiddener reproduzéieren sech doduerch, dass se sech an der Mëtt deelen, anerer passen op hir Jonker op, bis se grouss sinn. An obwuel se kee Gehier hunn, kënne verschiddener kucken an souguer aktiv Fësch fänken. Meng perséinlech Favorite sinn iwregens d’Schlaangestären.

Wéi kënnt een dann elo als Paläontolog op d’Iddi grad d’Evolutioun vu Schlaangestären z’erfuerschen? E Mier hu mir jo och net hei!

Dat ass richteg, haut nëmmi, mä virun 180 Millioune Joer schonns. Lëtzebuerg war zu där Zäit komplett vu Mier bedeckt, an do hunn natierlech ochBen Thuy_Tafel Stachelhaiter gelieft. Aus deem Grond fënnt een a ville lëtzebuerger Gestengsschichten Fossilie vun Stachelhaiter.

Firwat sinn elo grad d’Schlangestären intressant? Et ass eng Déieregrupp, déi sou gutt wéi iwwerall um Mieresbuedem ze fannen ass, vun de Polen bis an d’tropesch Korallerëffer, a vum Strand bis an den déifsten Mieresgruew. Doriwwer eraus gëtt et se scho säit wéinstens 370 Millioune Joer. Schlaangestären sinn also villverspriechend Kandidaten fir als Modell-Déier erfuerscht ze ginn. Dat heescht: wann ee versteet, wéi d’Evolutioun vun de Schlaangestären verlaf ass, kritt een Ablécker an déi grouss evolutionär Zesummenhäng vun de Liewensraim am Mier. Doriwwer eraus sinn d’Schlaangestäre spannend, well se relativ wéineg erfuerscht sinn; dat heescht, et gëtt nach vill flott Entdeckungen ze maachen.

Wéi geet dann elo e Schlaangestärfuerscher fir? Grad déi fossil Schlaangestären fënnt ee jo elo bestëmmt net einfach esou op der Strooss!

Ben Thuy_SchlaangestärenLeider si komplett erhaale Schlaangestärfossilien effektiv zimlech rar. Hire Skelett zerfält schnell nom Doud an Eenzeldeeler, ähnlech wéi bei Wierbeldéieren. Déi gutt Noriicht ass awer: och d’Eenzeldeeler si bestëmmbar. Well déi meescht kaum e Millimeter grouss sinn, muss ee se als Mikrofossilien sichen. Dat heescht: Op den Terrain goen, Bullisprouwen huelen, am Sift wäschen, triéieren. Fir déi genee Analys brauch een den Elekronenmikroskop vum Musée.

Wat wier dann elo z.B. e Resultat vun esou enger Analys, dat besonnesch zefriddestellend wier?

D’Grondlag vun sou enger Anayls ass, dass een d’Fossilie kann den eenzelnen Arten zouuerdnen. Dono geet et drëm ze kucken, wat déi zäitlech a raimlech Verdeelung vun den Arten bedeit. Ee konkrete Fall ass, dass ech wëll erausfannen, wéi d’Déieren vum Mieresbuedem op laang Siicht reagéiert hunn, wéi zum Schluss vum ënneschte Jura, also viru ronn 181 Millioune Joer, d’Klima sech op eng ähnlech Art a Weis verännert huet, wéi et fir haut prognostizéiert gëtt. Dat ass e Projet, un deem mir aktuell am Musée schaffen, wou mer awer nach vill Aarbecht virun eis hunn, fir déi sëllechen Arten z’identifzéieren an zum Deel iwwerhaapt mol nei ze benennen.

Dem Ben Thuy seng Fuerschung gëtt och an engem Artikel am Panewippchen 3/2016 beschriwwen. Hei kënnt Dir duerchbliederen.

Dem Ben Thuy seng rezentste Fuerschungsaarbecht iwwer d’Evolutioun vun de Schlaangestäre fannt Dir hei (op Englesch).

Natur[musée]geschichten, News @lu |