Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Am Vulkan (13/10/2016)

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio

Den ‘natur musée’ ass och an der Vulkanfuerschung aktiv. No engem aktive Vulkan muss een hei zu Lëtzebuerg allerdéngs laang sichen. Wou fueren d’Fuerscher dann hin?

Majo, an den Osten vun der Demokratescher Republik Kongo, ganz no un d’Grenz mam Ruanda. Hei an der Stad Goma ass zur Zäit och de Geophysiker Nicolas d’Oreye ënnerwee, dee schonns zënter e puer Joren an dëser Géigend déi aktiv Vulkanen Nyiragongo a Nyamulagira erfuerscht. An dës leien tatsächlech geféierlech no bei dëser Stad vun haut 1 000 000 Awunner.

14801367815_9ee7248efe_o

Lavafontaine am Nyamulagira. Foto: Benoit Smets

Wéi z. B. de Nyiragongo 2002 ausgebrach ass, huet e Lavastroum e puer Dierfer komplett zerstéiert, en ass matzen duerch Goma gefloss, fir sech dunn an de Kivuséi z’ergéissen. 147 Mënsche sinn deemools ëm d’Liewen komm, ongeféier 500.000 Mënschen hu missten evakuéiert ginn, 120.000 hunn hir Wunneng verluer. Am Moment ass am Krater vum Vulkan e Lavaséi ze gesinn, dee mat engem Duerchmiesser vun 1000 Meter, dee gréissten op der Welt ass. E Rass am Krater, an d’Lava fléisst aus. Kaum virzestellen, wat dat fir Folgen hätt. D’Vulkane mussen also iwwerwaacht ginn, an den Nicolas gehéiert eben zu dëser internationaler Equipe mat Leit aus europäeschen an afrikaneschen Instituter, déi sech där Saach zënter 2005 elo ugeholl hunn.

Et kann een an deem Kontext da vläicht och nach drun erënneren, datt haut den Internationalen Dag fir Katastrofereduktioun ass. Dat passt jo ganz gutt bei ons heiteg Natur[musée]geschicht. Wou konkret ass de Fuerscher aus dem ‘natur musée’ dann elo hei an der Vulkaniwwerwaachung täteg? Wat sinn d’Ziler vun dëse Missiounen?

14801018112_c8eaa4f0be_o

De Krater vum Nyamulagira. Foto: Benoit Smets

Also fir d’alleréischt geet et mol drëms de Risiko vun engem Ausbroch esou gutt wéi méiglech z’evaluéieren. Op wëssenschaftlechem Plang bedeit dat, Risiko-Kaarten auszeschaffen, Modeller vun Ausbréch z’entwéckelen, Previsiounen ofzeginn, wéi déi ausgespauten Äsch sech verdeele wäert an iwwerhaapt ze wëssen, wéivill et der wäert sinn. Dat geschitt meeschtens doduerch, datt en natierlech och d’Ausbréch aus der Vergaangenheet genee analyséiert.

Da geet et och drëms e Fréiwarnsystem op d’Been ze stellen. Wéi ginn déi lokal Autoritéiten informéiert? Wéi eng Moossnahme mussen ergraff ginn, fir d’Leit esou fréi wéi méiglech evakuéieren ze kënnen an domadder d’Zuel vun den Doudegen esou kleng wéi méiglech ze halen?

Den Opbau an d’Dynamik vun esou engem Vulkan dierft e Geophysiker aus dem Musée am meeschten dach bestëmmt am meeschten intresséieren.

Ganz genee. ‘t ass och do, wou hien seng Kompetenz an esou engem Iwwerwaachungsprojet am beschten kann abréngen.

14801016272_0c545858dc_o

Preparatioun vun de Moossinstrumenter an der Caldera vum Nyamulagira. Foto: Benoit Smets

Eng grouss Partie vum Projet besteet nämlech an der Iwwerwaachung vu Buedemdeformatiounen. Wann nämlech de Magma am Vulkan opsteigt, da kann dat zu Rëss am Gestengs kommen, déi engersäits zu engem Opwölbe vum Buedem féieren, mä och zu klengen Äerdbiewen. Béid Phänomener si moossbar: D’Äerdbeweegungen duerch esou Apparater wéi Inclinometeren, déi d’Variatiounen an der Pente vum Vulkan moossen oder och Extensometeren, déi d’Rëss moossen; d’Äerdbiewen ginn duerch d’Seismometere gemooss.

Den Hoke bei der Saach ass, dass dës héichempfindlech Apparate musse vu Spezialisten installéiert ginn an duerfir mussen dës dann dru gleewen a sech op de geféierleche Wee an de Krater maachen. An do kann et heiansdo dann och ongemitlech ginn. Mä gutt, wat een net esou alles fir d’Wëssenschafte mécht.

Et gëtt allerdéngs haut och nach mat Satalliteniwwerwaachung geschafft, mat där och z.B. Buedembeweegunge kënnen analyséiert ginn. Och do bekëmmert den Nicolas sech drëms. Dat alles kënnt leschtenends dann och ëmmer dem Musée zegutt. Vulkane sinn en Thema, dat ëmmer erëm faszinéiert. Mir hate jo schonns eng gréisser Ausstellung doriwwer gehat. Mä och an onsen neien Ausstellungen wäerte se net ze kuerz kommen. Mir hunn d’Chance, d’Wëssen aus éischter Hand ze hunn.

Natur[musée]geschichten, News @lu |