Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Häerzensgeschichten aus Latäinamerika (29/9/2016)

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio

Och an der neier Saison ass op RTL Radio erëm all zwou Wochen eng Natur[musée]geschicht ze lauschteren. A well et déi lescht Kéier ass, wou et iwwer  ons Ausstellung iwwer Lëtzebuerger Naturfuerscher a Planzejeeër a Latäinamerika geet (nach bis den 8. Oktober am ‘natur musée’ ze gesinn), gëtt et dann och direkt méi perséinlech, fir net ze soen, intim! Um Enn vun enger Ausstellung däerf ee jo endlech mat der Sprooch eraus. Wëll ‘t ass jo kaum unzehuelen, datt dës jonk Männer, déi heiansdo méintlaang an Isolatioun gelieft hunn, just vu seelenen Orchideeën, kostbare Mineralien oder vu wëssenschaftlecher Unerkennung gedreemt hunn! Kuerz gesot: Mir sinn haut op Fraegeschichten aus!

Mir kucke mol, wéi dës jonk Fuerscher, déi net mol 30 Joer haten mat hiren intimste Virstellungen, mat hire sentimentale Wënschdreem an hire sexuelle Begierden ëmgaange sinn De Curateur vun der Ausstellung, den Historiker Claude Wey, huet sech tatsächlech domadder auserneegesat an d’Literatur a Bréiewer duerno duerchsicht, fir déi pikantste Geschichten ze fannen.

Ma, mir si gespaant!

Johann Moritz Rugendas _Costumes in Rio

Johann Moritz Rugendas. Costumes in Rio de Janeiro, 1823

Fir unzefänken, sinn do mol déi virwëtzeg Familljeememberen, déi z. B. dee schonns méi eeleren Planzejeeër Jean Linden iwwer eventuell Liebesabenteuer a Latäinamerika Lächer an de Bauch froen:

„Ne vous est-il jamais arrivé d’aventures romanesques durant vos voyages?“

De Linden äntwert : „Des aventures romanesques, à moi ? Jamais … Oui, pourtant une fois. (…) Mon hôte avait une fille, Carmencita, de quinze à seize ans, la splendeur de la beauté créole. (…) Un soir, après souper, assis sous la véranda, dans la nuit tropicale, je parlai de mon prochain départ. Elle se leva, me prit la main, me regarda dans les yeux, et doucement : ‘Jean, ne t’en va pas !’, me dit-elle. Jamais je ne fus aussi ému, je promis de rester. Mais, pendant la nuit, je bouclai ma valise et m’enfuis, après avoir fait savoir à mes péons la direction que j’allais prendre et le lieu où ils me trouveraient. C’est que j’avais laissé ma fiancée au pays. “ (

Ironie vum Schicksal. Dem Linden seng Häerzenstrei gouf net belount. Bäi sengem Retour aus Mexiko 1841, muss en entäuscht feststellen, datt seng Auserwielten hir Léift scho längst engem anere geschenkt huet.

Den Ingenieur a Geolog Frantz Majerus, deen och an der Expo virstallt gëtt, war de Sourcen no anscheinend do vun engem ganz anere Kaliber?

Ma lauschtert mol dat heiten:

„Pendant la majeure partie de son séjour au Mexique, il (Frantz Majerus) a élu domicile chez un curé, père de onze enfants. (…) L’hospitalité mexicaine est si large, les moeurs à tel point biblique, que le jeune ingénieur connaît tour à tour chacune des onze filles. Ainsi il n’y a pas de jalouses, et le père se trouve de tous points satisfaits de l’honneur que son hôte fait à sa maison.“

Heiriwwer kéint een elo vläicht laachen. Erstaunlecherweis, gouf dem Auteur vun dësen Zeilen dës Geschicht allerdéngs net während engem lëschtegen Härenowend erzielt, mä mat e bëssi Houfer vun der Wittfra vum Frantz Majerus selwer. Elo kann ee sech natierlech d’Fro stellen, ob d’Wittfra Majerus op dat fréiert Liebesliewen vun hirem Mann agaange wier, wann et sech zu Lëtzebuerg ofgespillt hätt. Wuel kaum! Nom Motto “andere Länder, andere Sitten“, schwätzt et sech nämlech vill méi liicht iwwer sexuell Verhalenweisen, déi an engem reng europäeschen respektiv lëtzebuergesche Kontext sou net, also net am Familljekrees a scho guer net an der Ëffentlechkeet ugesprach konnte ginn.

Ass eppes bekannt vu sexuell ustiechendeKrankheete bei onsen Explorateuren, wéi zum Beispill Syphilis?

Majo net direkt. Mä an engem Bréif aus dem Joer 1897 schreift de “Steinsucher” Robert Becker aus dem brasilianeschen Caitité un den Dr Nepper aus Ettelbréck.

 „Ja, mein Freund hatte Angst, daß die großen Wunden am Bein Syphilisansteckung sei. Ich glaube dies indessen nicht. Immerhin möchte ich Sie fragen: Ist Syphilis direkt durch Berührung oder Vermittlung von Gebrauchsgegenständen ohne geschlechtlichen Verkehr ansteckend? Das Volk hier ist in sittlicher Beziehung sehr demoralisiert. Venerische Krankheiten sind sehr häufig, besonders tritt Boba, eine Art Syphilis, auf, die sich durch große, häßliche Wunden kundgibt, die zuerst an den Geschlechtstheilen, dann aber auch an vielen anderen Theilen des Körpers auftreten.“

Dee Bréif geheit natierlech vill Froen op. De Becker schreift hei sengem fréiere Lëtzebuerger Hausdokter, wéi wann et a ganz Brasilien kee kompetenten Dokter géif ginn. Net ze vergiessen, datt eng Äntwert wuel kaum ënnert e puer Méint z’erwaarde wier. Oder wollt en säi Papp, mat deem e reegelméisseg korrespondéiert huet, an esou enger heikler Saach net ëm Rot froen. Mir wëssen net méi. Et spiert een op alle Fall eng gewëss Onsécherheet.

Natur[musée]geschichten, News @lu |